Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • 20 Joer Out of the Crowd
    Zwanzeg Joer feiert en dëst Joer, den Out of the Crowd, deen iwwer d’Joren net nëmme quasi d’Crème de la Crème aus den instrumentale Museksgenrë Math- a Postrock, mee och aus dem Krautrock, dem Postcore, Postmetal a Postpunk op d’Bün bruecht huet - alles also, wat wäit vum Mainstream, dofir awer musikalesch spannend, catchy an innovativ war. Déi bis elo ugekënnegt Headliners - Maserati, Bdrmm a Cola - verspriechen eng Gebuertsdagsoplag wéi ëmmer an der Escher Kulturfabrik, déi et a sech huet. Bei eis am Studio ass den Nicolas Przeor, och Pzey genannt, fir mat eis iwwer de Festival ze schwätzen.
    25 min
  • "Es gibt Sätze, die vertragen keinen Punkt"
    An der Kollektioun “Rede zur Literatur”, déi den Nationale Literaturarchiv publizéiert, huet d’Dichterin Ulrike Bail hir Iwwerleeungen iwwer d’Schreiwe festgehalen. E schmuelt Bändchen, dat en déiwen Abléck an der Ulrike Bail hir Approche erlaabt. D'Valerija Berdi huet et gelies.
    4 min
  • Bach in the Subways 2024
    Dësen Donneschdeg, 21.3. heescht et hei am Land nees “Bach in the Subways”. Ee ganzen Dag vu moies 8 Auer bis owes spéit ginn et am Ganze 36 Mini-Concerten an der Stad an um Kierchbierg, mat iwwer 100 Museker:innen. Am Mëttelpunkt steet d'Musek vum Johann Sebastian Bach, deen den 31. Mäerz Gebuertsdag feiert. Organiséiert gëtt dëse Mini-Festival vum INECC (Institut Européen de Chant Choral) a Kollaboratioun mam Ensembel Ad Libitum. Den Direkter vum INECC Arend Herold verréit dem Marie Schockmel all Detailer iwwer de grousse Programm vu muer.
    9 min
  • Ronn sechs fir de Siren’s Call
    De Bijou vun hirer Programmatioun, nennt den Atelier-Booker Michel Welter de Siren’s Call, dee mëttlerweil a seng sechst Editioun geet an als urbane Festival aus der Musekslandschaft net méi ewech ze denken ass. Iwwer d’Joren hunn hei bedeitend Bands wéi Eels, Phoenix, The Hives oder Metronymy gespillt – dacks konnt ee souguer déi grouss Acts vu muer, wéi d’Idles, op klenger Bün entdecken.
    Am Studio ass de Michel Welter an de Jeff Schinker, déi sech iwwer de Line-Up an d’Oplag vun dësem Joer ënnerhalen.
    23 min
  • Am Gespréich mat der Barbara Albert iwwer hire Film "Die Mittagsfrau"
    “Die Mittagsfrau“, en erfollegräiche Roman vun der Schwäizer Schrëftstellerin Julia Franck gouf elo a Lëtzebuerger Koproduktioun verfilmt an um Luxfilmfest an Avant-première gewisen. Erzielt gëtt hei d‘Geschicht vun enger jüddescher Fra, déi an der Bléi vun hirem Liewen haart Kompromësser ageet, fir an Nazi-Däitschland ze iwwerliewen. D‘Valerija Berdi huet mat der éisträichescher Regisseurin Barbara Albert iwwer d‘Mittagsfrau geschwat.
    23 min
  • De Klenge Maarnecher Festival 2024
    E Museksfestival am Éislek mat laanger Traditioun:
    De Samschdeg, den 23. Mäerz fänkt an der Kierch zu Nidderwolz d’Editioun 2024 vum Klenge Maarnecher Festival un. E kompakte Brass-Festival mat dräi Concerten a siwe weider Manifestatioune sti bis den 3. Mee um Programm.
    De Guy Engels huet sech mam Laurent Lemaire, ee vun de Responsabele fir d’Programmatioun, iwwer de Klenge Maarnicher Festival 2024 ënnerhalen.
    7 min
  • D'Theaterregisseurin Sara Goerres am Gespréich
    Am Moment gëtt am Kulturhaus zu Hunchereng d‘Stéck "Die Katze Eleonore“ vun der Caren Jess gespillt. An dësem Monolog steet d‘Brigitte Urhausen op der Bün an dat ënner der Regie vun der Sara Goerres. D‘Valerija Berdi huet mat der jonker Theaterregisseurin iwwer hir Léift fir den Theater an och iwwer d‘Kaz Eleonore geschwat, déi u sech eng Fra ass, déi awer eng Kaz wëllt sinn. Si zitt sech ëmmer méi aus der Gesellschaft zeréck a probéiert an allen Domainer d'Liewe vun enger Kaz unzehuelen. En Extrait aus dem Gespréich
    3 min
  • Piano Days 2024
    Wärend véier Deeg stin de Piano an den Cembalo am Mëttelpunkt vun de Piano Days 2024 am Stater Conservatoire. De Guy Engels huet mam Jean-Philippe Koch, Responsabele vum Departement Piano, a mat der Anne Galowich, Responsabel vum Departement Al Musek, iwwer d’Manifestatioun geschwat, déi en Donneschdeg den 21. Mäerz ufänkt.
    8 min
  • Kulturagenda
    Een Theaterstéck iwwer eng Fra, déi zur Kaz gëtt; eng Oper fir Mënsche mat Behënnerungserfarung; eng Liesung mam Nico Helminger; ee Vernissage an de Rotonden; Wien virum Éischte Weltkrich am Groussen Theater a Poetry Slam: Dat sinn d’Kulturevenementer vun dëser Woch, presentéiert vum Nicolas Calmes.
    5 min
  • Gespréich mat der Theaterregisseurin Sara Goerres
    Am Moment gëtt am Kaleidoskop-Theater zu Hunchereng d‘Stéck “Die Katze Eleonore“ vun der Caren Jess gespillt. An dësem Monolog steet d‘Brigitte Urhausen op der Bün an dat ënner der Regie vun der Sara Goerres. D‘Valerija Berdi huet mat der jonker Theaterregisseurin iwwer hir Léift fir den Theater an och iwwer d‘Kaz Eleonore geschwat, déi u sech eng Fra ass, déi awer eng Kaz wëllt sinn. Si zitt sech ëmmer méi aus der Gesellschaft zeréck a probéiert an allen Domainer d'Liewe vun enger Kaz unzehuelen.
    14 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners