Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Kaffi oder Téi?
    Bei wat sëtzt Dir grad elo? Beim Kaffi oder beim Téi? Egal, wat Iech dobausse besser schmaacht, de Jean Portante huet net Kaffi an Téi gepléckt, mee d‘Wierder zerpléckt. Den Ursprong vum Kaffi ass beim Jean Portante Programm an domat och säi Wuert vun der Woch. Am Gespréich mam Philippe Hansen, deen iwweregens eng Virléift fir Kaffi huet.
    11 min
  • Een Nobelpräisträger am TOL an dat neit Richtung-22-Stéck am Kasemattentehater
    Vun der Monogamie op de (Medie-)Monopol: Direkt zwee Stécker huelen den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker dës Woch ënner d'Lupp. Wou et beim Harold Pinter sengem "Trahisons", hei an enger Inzenéierung vun der Véronique Fauconnet, ëm d'Hypokrisie vun der Monogamie geet, gi bei "Ween stoppt RTL" de Medien-Monopol vun RTL an aner Machenschaften opgedeckt. D'Valerija Berdi gëtt am Interview-Extrait mat der jonker Regisseurin Sara Goerres iwwer hir Inzenéierung vun "Die Katze Eleonore" dann en Ausbléck op dat, wat de Weekend an d'nächst Woch am Theater leeft.
    23 min
  • Katalin Gödrös am Gespréich
    Am Kader vum Luxfilmfest gouf déi Lëtzebuerger Koproduktioun (Amour Fou) “Jakobs Ross“ an Avant-première gewisen. Deemnächst leeft de Film och an eise Kinoen un. D‘Valerija Berdi hat d‘Geleeënheet mat der Schwäizer Regisseurin Kalain Gödrös iwwer dëse Film ze schwätzen. Et handelt sech ëm eng Romanverfilmung, dem Debutroman mam gläichen Numm vun der Schwäizer Autorin Silvia Tschui.
    Mir ginn an d‘Joer 1869 an an d‘Schwäizer Alpen. Hei dreemt eng jonk Mod mat groussem musikaleschen Talent vun enger Karriär, mee als Mod huet een do net vill mat ze decidéieren. Nieft der Luna Wedler an dem Valentin Postlmayer an den Haaptrollen, sinn och d‘Eugénie Anselin, d‘Marie Jung an de Luc Feit am Film ze gesinn.
    15 min
  • Geschichten, Biller a Musek
    Den Duo Mader/Panandreopoulos spillt nei Musek vu véier verschidde Komponisten, déi fir dës multidisziplinär Concerte geschriwwe gouf. Parallel dozou entwéckele sech beweegte Biller am Concertssall.
    De Christophe Mirkes huet beim Saxofonist Andreas Mader nogefrot, wat nieft der Musek vu Visuellem op de Public duerkënnt.
    7 min
  • De VR-Pavillon am Neimënster
    Aktuell sinn am Neimënster zéng verschidde VR-Experienzen ze gesinn. Queesch duerch de Gaart, d’Genren an d’Gäng vum Neimënster zitt sech d’Expositioun. Eng Experte-Jury bewäert a belount déi bescht Experienzen. Als einfache Visiteur ass d’Experienz Belounung u sech.
    6 min
  • Cities Connection Project am LUCA
    Och wa Gebaier an aner architektonesch Projeten net reese kënnen, ass et méiglech se mat enger Ausstellung beieneen ze bréngen. Genee dat mécht nämlech de Cities Connection Project, deen domat och nach eng Rei Europäesch Stied matenee verbënnt. Den Ament ass esou eng Ausstellung am Luxembourg Center for Architecture (LUCA), a mir hu fir Iech ee Bléck op de Projet geworf.
    5 min
  • “En Dram, deen an Erfëllung gaangen ass”
    De Max Asselborn huet ëmmer dovunner gedreemt, an engem internationale groussen Orchester matzespillen. 2020 ass dëse Wonsch fir deen 32-Joer jonke Lëtzebuerger Trompettist an Erfëllung gaangen. Hien ass Member vum Schweedesche Radiosinfonie-Orchester, an eenzege Lëtzebuerger do. Aktuell ass hie mam Orchester op enger grousser Tournée, an de Mëttwoch, 13. Mäerz ass de Stopp an der Philharmonie hei zu Lëtzebuerg. Wéi säi Liewen zu Stockholm ausgesäit, a wat hie mécht fir sech wärend laange Concertstournée net ze vill ze stressen, dat a villes méi huet de Max Asselborn dem Marie Schockmel verroden.
    12 min
  • IDLES an der Rockhal
    Gëschter hu mir d'Plack beschwat, haut geet et ëm de gutt besichte Concert an der Rockhal, déi d'Idles mat engem laange Set zum Danze bruecht huet. Plakativ politesch Intermezzi hu si entretemps bei anere Punkbands ofgekuckt. Den Yves Stephany an de Jeff Schinker mat hiren Andréck zum Concert.
    14 min
  • Interview Ikan Hyu
    Musek aus der Schwäiz gëtt et muer den Owend (14.3.) am Gudde Wëllen. Den Zürecher Duo Ikan Hyu ass agelueden, hiren Oktopus-aarteg gespillten, multiinstrumentale Punk-Pop zu Lëtzebuerg ze deelen, mat engem Public, deen op esou Decouverten nëmme waart. D‘Band war mat Royal Blood ënnerwee a mécht grad hir éischt Headliner-Tournée. De Marc Clement huet si op hirem Wee op Berlin ënnerbrach, fir kuerz mat der Anisa an Hannah vun Ikan Hyu ze schwätzen.
    11 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners