Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Dudelsak, Jazz an en TikTok-Star ...
    D'Uergel ass en Instrument mat ville Facetten. Dat beweist de Programm vum Festival international d'orgue de Dudelange. Nieft dem traditionellem Concert mat keltescher Musek (den Optakt zum Zeltik Festival), gëtt et och eng Première: en 28-järegen TikTok-Star steet dës Kéier um Programm. Ëm wien et sech heibäi handelt a weider Detailer zu der Saison hunn de President Jean Olinger an den Tresorier Paul Braquet dem Christophe Mirkes am Interview verroden.
    7 min
  • Editors am Atelier
    No der neier Plack vun den Idles bleiwe mir beim Indie-Rock, wann och mat enger Band, déi méi konventionell Téin uschléit. De Samschdeg (9.3.) huet déi brittesch Indiepop-Band Editors an engem Atelier, dee ganz séier ausverkaaft war, gespillt. De Jeff Schinker war op der Plaz – an huet seng Andréck matbruecht.
    8 min
  • IDLES - Den Owend am Atelier mat hirer neier Plack "Tangk"
    Hire schmassege Post-Punk huet sech iwwert d’Jore berouegt a beräichert, net awer hir sozialkritesch Impulser, déi Post-Brexit-England, an der Welt, de Spigel virhalen. Hir fënneft Plack “Tangq” ass elo grad emol ee Mount al. Geleeënheet fir de Marc Clement an de Jeff Schinker, virum Concert an dës Plack eranzelauschteren.
    12 min
  • Terezia Mora am Gespréich
    Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi däitsch-ungaresch Schrëftstellerin Terezia Mora zu Lëtzebuerg. Si koum och bei eis op de Radio an huet mam Valerija Berdi iwwer hire leschte Roman “Muna oder Die Hälfte des Lebens“, deen am Luchterhand-Verlag erauskoum, geschwat.
    D'Terezia Mora, Joergang 1971, ass an Ungarn zweesproocheg - däitsch an ungaresch - opgewuess. Zanter 1990 lieft si an Däitschland a fir hiren éischte Roman "Alle Tage" krut si sëlleg Präisser, ënner anerem de Leipziger Buchpreis.
    An all hire Wierker befaasst si sech mat Personnagen, déi an dëser eiser Welt net hir richteg Plaz fannen, net derzougehéieren. Esou och an dësem Wierk, wou mir d'Protagonistin Muna duerch 20 Joer vun hirem Liewe begleeden.
    4 min
  • Terezia Mora am Gespréich
    Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi däitsch-ungaresch Schrëftstellerin Terezia Mora zu Lëtzebuerg. Si koum och bei eis op de Radio an huet mam Valerija Berdi iwwer hire leschte Roman “Muna oder Die Hälfte des Lebens“, deen am Luchterhand-Verlag erauskoum, geschwat.
    D'Terezia Mora, Joergang 1971, ass an Ungarn zweesproocheg - däitsch an ungaresch – opgewuess. Zanter 1990 lieft si an Däitschland a fir hiren éischte Roman "Alle Tage" krut si sëlleg Präisser, ënner anerem de Leipziger Buchpreis.
    An all hire Wierker befaasst si sech mat Personnagen, déi an dëser eiser Welt net hir richteg Plaz fannen, net derzougehéieren. esou och an dësem Wierk, wou mir d'Protagonistin Muna duerch 20 Joer vun hirem Liewe begleeden. E Liewen tëschent Berlin, London a Wien, matten am kulturelle Geschéien an dann awer an enger Relatioun, wou si kierperlech a psychesch mëssbraucht gëtt. D'Muna begéint hei vill Mënschen aus ganz ënnerschiddleche sozialen, sproochlechen a kulturelle Milieuen, hiert Elengsinn a sech eleng fillen, ass dat, wat si verbënnt.
    25 min
  • Angela Aux an der Kulturfabrik
    De Florian Kreier trëtt als Angela Aux a wiesselende Rollen als Museker a Performance-Lyriker op. Donieft schreift de studéierte Politolog ënner dem Pseudonym Heiner Hendrix Kuerzgeschichten a Gedichter. Op sengem neien Album bleift hien de Sujeten Digitaliséierung, Raumfaart a Kënschtlecher Intelligenz trei. Musikalesch besteet hien aus experimentelle Kompositiounen tëschent Ambient, LoFi-Hip-Hop a Filmmusek. D‘Claudia Klasen aus der Museksredaktioun hat d‘Geleeënheet, him am Virfeld e puer Froen ze stellen.
    10 min
  • Kulturagenda
    Theater, Liesungen an den James Baldwin: Wéi all Méindeg verréit eis den Nicolas Calmes, wat een dës Woch an der Kulturzeen op kee Fall verpasse soll.
    7 min
  • CAL - Expo Printemps 2024
    Pénktlech zum Fréijoersufank invitéiert de Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) dëse Weekend an déi nächst Woch op seng Fréijoers-Expo am Tramsschapp. Nieft enger Rei Membere vum Cercle Artistique stellen och wéi gewinnt eng sëlleg Gaaschtkënschtler mat aus. D’Expo ass dës Woch am Opbau, an de Joé Birchen huet sech e klengen Abléck um Lampertsbierg verschaaft.
    6 min
  • LuxFilmFest (5)
    An hirem viraussiichtlech leschte Bäitrag virum Bilan am Grousse Kino beschwätzen de Michel Delage an de Jeff Schinker "Il pleut dans la maison" vun der Paloma Sermon-Daï, "Gasoline Rainbow" vu Bill an Turner Ross aus dem Fiktiounsconcours a "Reas" vun der Lola Arias aus dem Documentaire-Concours.
    18 min
  • In The Atlas - Lucy (Luxembourg Video Clip Night)
    In The Atlas, eng Lëtzebuergesch Indie Rock Band, hunn hiren neie Videoclip haut den Owend (8.3.) an der Luxembourg Video Clip Night am Ciné Utopia lafen. Déi dräi Memberen, Marc Holstein, Stephen De Ron a Joe Blitgen waren den Dënschdeg bei eis am Studio, fir iwwer d'Lidd ze schwätzen: “Lucy”.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners