Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D'Zukunft vum Geld
    An Zäite vum "sans contact" an der Entmaterialiséierung vun allem hannerfreet de Musée vun der Bank of England an enger neier Expo, wéi a mat wéi enge Mëttele mir an der Zukunft bezuele wäerten - a wat d'Konsequenzen dovu sinn. Eis Korrespondentin Marie Billon huet sech mat der Jennifer Adam, der Kommissärin vun der Expo, ënnerhalen.
    4 min
  • In Memoriam Françoise Groben
    Den 28. Mee 2011 ass d’Cellistin Françoise Groben am Alter vu 45 Jour u Kriibs gestuerwen. Wärend hirer remarkabeler internationaler Karriär sinn enorm vill Concertsopnamen entstanen - e Fundus, aus deem Hänssler Classics am Juni 2022 ee Coffret mat sechs Disken als Hommage un d’Musekerin erausbruecht hat. Elo huet de Label nogeluecht, an en zweeten Album publizéiert, deen de Guy Engels virstellt.
    5 min
  • LuxFilmFest (2): Virun der Realitéit flüchten - oder hir riicht an d'Gesiicht kucken
    Wärend de LuxFilmFest a säi fënneften Dag start an den Owend déi traditionell Kuerzfilmer vun dacks jonke Lëtzebuerger Filmemaacher:innen, beschwätzen de Michel Delage an de Jeff Schinker weider d'Filmer aus den zwou Competitiounen - dem Documentaire- an dem Fiktiounswettbewerb. Hei si si mat hiren Andréck zum Fiktiounsfilm "Melk" vun der hollännescher Realisatrice Stefanie Kolk an zum Documentaire "Knit's Island" vun Ekiem Barbier, Guilhem Causse, Quentin L'Helgouac'h.
    20 min
  • De Serge Ecker iwwer säin neie Projet
    Zanter 2009 verdeelt de Centre National de l’Audiovisuel (CNA) all Joer eng Bourse, fir Kënschtler bei hiren neie fotografesche Projeten ze ënnerstëtzen. Ee vun de véier Dossieren, dee viru puer Méint zeréckbehale gouf, ass dee vum Lëtzebuerger Sculpteur a Fotograf Serge Ecker. Fir gewuer ze ginn, wou hie mat der Aarbecht an Tëschenzäit drun ass, war de Joé Birchen de Kënschtler bis a säi Studio besichen a gouf dobäi nach méi iwwer den zukünftege Projet gewuer.
    4 min
  • Den Debutalbum vu Woo Syrah ass eraus
    Den Tom Aschman huet sech mat 14 Joer selwer Gittar bäibruecht a war duerno als Gitarrist vun der Power-Pop-Band Angel At My Table zu Lëtzebuerg an am Ausland. 2016 huet hien zu Wien mat engem Kolleeg den Duo Nice Astronauts gegrënnt, mee d’Rees goung weider. Wouhin a wat dobäi erauskoum, gesi mir an der Band Woo Syrah, déi als Soloprojet zu Lëtzebuerg ugefaangen hat an hire Wee mat op Berlin fonnt huet. Do waren dunn zwee anerer interesséiert, matzeschaffen. Wéi dat alles gaangen ass, a wéi et zum Debutalbum vu Woo Syrah “Everyone Is Someone” koum, deen iwwregens haut (1.3.) nei eraus ass, huet den Tom Aschman dem Marc Clement erzielt.
    11 min
  • "Es gibt Sätze, die vertragen keinen Punkt"
    An der Kollektioun “Rede zur Literatur”, déi den Nationale Literaturarchiv publizéiert, ass et dës Kéier d’Dichterin Ulrike Bail, déi hir Iwwerleeungen iwwer d’Schreiwe festgehalen huet. E schmuelt Bändchen, dat en déiwen Abléck an der Ulrike Bail hir Approche erlaabt. D’Valerija Berdi huet et gelies.
    4 min
  • Cities Connection Project am LUCA
    Och wa Gebaier an aner architektonesch Projeten net reese kënnen, ass et méiglech se mat enger Ausstellung beieneen ze bréngen. Genee dat mécht nämlech de Cities Connection Project, deen domat och nach eng Rei europäesch Stied matenee verbënnt. Den Ament ass esou eng Ausstellung am Luxembourg Center for Architecture (LUCA), a mir hu fir Iech ee Bléck op de Projet geworf.
    5 min
  • LuxFilmFest - Den Optakt vun der 14. Editioun
    Gëschter Owend huet déi 14. Editioun vum LuxFilmFest ugefaangen. No de sëllegen a laange Riede gouf dann och “The Outrun” vun der Nora Fingscheidt gewisen, dee schonn op der Berlinale ze gesi war, an deen de laangen a stengege Wee zur Sobrietéit vun enger alkoholkranker jonker Fra verhandelt. Nieft dem Ouverture-Film beschwätzen de Michel Delage an de Jeff Schinker och “El Eco” vun der Tatiana Huezo - deen éischte Bäitrag am Documentaire-Concours.
    20 min
  • "Es gibt Sätze, die vertragen keinen Punkt"
    An der Kollektioun “Rede zur Literatur”, déi den Nationale Literaturarchiv publizéiert, ass et dës Kéier d’Dichterin Ulrike Bail, déi hir Iwwerleeungen iwwer d’Schreiwe festgehalen huet. E schmuelt Bändchen, dat en déiwen Abléck an der Ulrike Bail hir Approche erlaabt. D'Valerija Berdi huet et gelies.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners