Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Paysages en variation
    Den 2. Mäerz ass am Mierscher Kulturhaus e ganz aussergewéinleche Concert. Ënner dem Motto “Paysages en Variations” luet d’Kammerata op en Owend an, mat Kammermusek vu Messiaen, Bonis oder och Kurtag ënner anerem. De Maurice Clement ergänzt d’Stécker um Piano mat Improvisatiounen. Dozou kënnt nach eng visuell Dimensioun: et ginn Naturfotoe vum Norbert Ketter a Raymond Clement projezéiert.
    De Maurice Clement huet dem Marie Trussart ënner anerem verroden, wat ee sech ënner dem Konzept virstelle kann, a wat genee d'Roll vun der Improvisatioun wärend dem Concert wäert sinn.
    8 min
  • Serge Ecker - Laureat vun der Bourse CNA
    Zanter 2009 verdeelt de Centre National de l’Audiovisuel (CNA) all Joer eng Bourse fir Kënschtler bei hiren neie fotografesche Projeten ze ënnerstëtzen. Ee vun de véier Dossieren, dee viru puer Méint zeréckbehale gouf, ass dee vum Lëtzebuerger Skulpteur a Fotograf Serge Ecker. Fir gewuer ze ginn, wou hie mat der Aarbecht an Tëschenzäit drun ass, war de Joé Birchen de Kënschtler bis a säi Studio besichen an ass dobäi nach méi iwwer den zukünftege Projet gewuer ginn.
    9 min
  • De Michael Krüger a Lëtzebuerger Literatur
    Deen däitschen Iwwersetzer, Schrëftsteller a laangjärege Chef vum Hanser-Verlag war kierzlech zu Lëtzebuerg fir am Institut Pierre Werner säin neit Wierk “Verabredung mit Dichtern”, dat am Suhrkamp-Verlag erauskoum, virzestellen. Erënnerungen u Rencontere mat groussen Nimm aus der Weltliteratur.
    An eiser Emissioun “Déi wonnerbar VaLibrairie” huet d’Valerija Berdi mam Michael Krüger iwwer säi Liewen a seng Souvenire geschwat. An do waren och Treffe mat der Lëtzebuerger Literatur a mam Lëtzebuerger Wäin. Mir lauschteren hei en Extrait.
    8 min
  • Den Zeltik
    Dee beléifte Festival fir keltesch Musek zu Diddeleng, geet de 14.-16. Mäerz dëst Joer a seng 28. Editioun. Detailer mam Programmateur John Rech
    7 min
  • Esou goldeg - oder?
    So cute - oder? Eng Ausstellung am Somerset House zu London beliicht an hannerfreet d'Konzept vum "cute" a weist, wéi dat butzegt, dat léift an dat goldegt och gären zu konsumeristeschen a politesch dubiéisen Zwecker ka benotzt ginn.
    4 min
  • Duruflé: "échappées grégoriennes"
    D'Maîtrise trëtt op hirem éischte Concert an der Philharmonie mam Organist Paul Breisch a mam Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) op.
    D'Haaptwierk vum Concert ass de Requiem vum Maurice Duruflé. Allerdéngs ass d'Iwwerschrëft vum Concert “échappées grégoriennes”. Firwat dat esou ass, verréit de Marc Dostert, Dirigent vun der Maîtrise, am Interview beim Christophe Mirkes.
    5 min
  • De Weekend am Theater
    An eiser neier Rubrik ginn Theaterstécker, déi d’virecht Woch ugelaf sinn, op de Leescht geholl – an et gëtt ee kuerzen Ausbléck op dat, wat eis Enn der Woch erwaart. De Jeff Schinker huet sech dofir "Ce que j’appelle oubli" am CAPE an "Héritage" am Kapuzinetheater ugekuckt – an ass mat sengen Andréck bei eis am Studio.
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners