Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Esou goldeg - oder?
    So cute - oder? Eng Ausstellung am Somerset House zu London beliicht an hannerfreet d'Konzept vum "cute" a weist, wéi dat butzegt, dat léift an dat goldegt och gären zu konsumeristeschen a politesch dubiéisen Zwecker ka benotzt ginn.
    4 min
  • Kulturagenda
    Déi kulturell Highlights vun der Woch: Vill Theaterpremièren an d'Ouverture vum LuxFilmFest suerge fir eng intensiv Kulturwoch.
    6 min
  • Hunneg-Strëpp & Friends den 1. Mäerz an der Kulturfabrik
    Hunneg-Strëpp, dat ass eng aachtkäppeg lëtzebuergesch Brass Band mat e bëssen engem anere Profil. Amplaz just ze coveren, verschaffen si d’Melodien aus der moderner Popmusek an hiren eegene Versiounen, mat vill Häerzblutt, fir Är Féiss un d’Wibbelen ze kréien. Si sinn all vu Klengbetten a spillen do schonn zanter éiweg zesummen am Duerfveräin. Vun Hip-Hop iwwer funky Rock a Pop bis trashy Hits aus den Nonzeger ass alles mat dobäi. Am Kulturmagasinn sinn zwee Membere vun Hunneg-Strëpp mat dobäi, den Tom Karier an de Max Lucas, fir iwwer hire ganz frëndlechen a frëndschaftleche Mini-Festival Hunneg-Strëpp and Friends den 1. Mäerz an der Kulturfabrik ze schwätzen. Wëllkomm am Studio!
    13 min
  • Mat neie Mëttelen zeréck zu den Originnen
    Eng Oper-Erfarung vun där anerer Zort erwaart eis mat dem sechste Projet vun der Volleksbün, "Opera GO", wou et op eng Schatzjuegd geet. Am Laf vun där Juegd sollen d’Zuschauer mat Hëllef vun Augmented Reality net no Pokemonen, mee no verschollenen Opere sichen - all dat fir eng Zort séier Geschicht duerch d’Oper an hir Villfalt mat de Mëttele vu moderner Technologie ze gestalten. Bei eis am Studio ass d’Metteuse en Scène Anne Simon, déi fir d’Konzept vun dësem e bëssen anere Projet verantwortlech ass.
    24 min
  • D'Restauréierung vum Jospeh Kutter senge Molereien
    Den Nationalmusée um Fëschmaart huet eng nei Ausstellung ronderëm ee vun de bedeitendste Lëtzebuerger Moler op d’Bee gestallt. An der Expo “Dem Kutter seng Gesiichter” kritt de Visiteur eng Sélectioun vum Joseph Kutter senge Portraite presentéiert, an ee Volet bezitt sech och op d’Restauréierung vum Kënschtler senge Wierker. De Joé Birchen wollt vun der Cheffin vun der Restauratioun Muriel Prieur wëssen, op wat een beim erhalen vun den Tableaue vum Kutter genee oppasse muss.
    6 min
  • Déi selwecht Sprooch schwätzen – de Vincent Quénault iwwert déi nei Red-Lion-Produktioun “Black Tea”
    10 Joer nom Erfolleg vun "Timbuktu" kéiert de mauretanesche Réalisateur Abderrahmane Sissako mat "Black Tea" zeréck – an erlaabt et Red Lion, ee Joer nom ÄMOUR-FOU-Film iwwert d’Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann direkt nees eng Lëtzebuerger Koproduktioun an de Wettbewerb vun der Berlinale ze schécken. Am Zentrum vum Film steet d’Aya, eng Fra, déi virun enger arrangéierter Hochzäit op der Côte d’Ivoire flücht an sech eng nei Existenz am Chocolate-City-Véirel am chinesesche Guangzhou opbaut, wou si sech an en Téihändler verléift. De Jeff Schinker war op der Berlinale an huet sech do mam Red-Lion-Produzent Vincent Quénault ënnerhalen – iwwert den alldeegleche Produzentechaos um Festival, de ganz besonnesche Lien, dee Red Lion via de verstuerwenen Pol Cruchten mam Abderrahmane Sissako verbënnt – an iwwert ee Film, deen iwwer Léift a Frëndschaft am Exil geet, awer och ee postkoloniaalt Afrika weist, dat Europa de Réck dréint.
    16 min
  • Compañía Manuel Liñan am Grand Theatre
    Gëschter war am groussen Theater d’Compagnie vum Manuel Liñan war do zu Gaascht - ee spueneschen Dänzer a Choreograph, deen eng ganz interessant Familljegeschicht huet. Sai Papp war neemlech Torero, an e bessen enttäuscht, dass sai Jong léiwer gedanzt huet wéi a séng Fousstapfen ze trieden. Vum Flamenco-Kritikerpräis bis zum nationalen Danzpräis krut de Liñan genuch Auszeechnunge, fir an dësem Sträit Recht ze behalen.
    8 min
  • D'Restauréierung vum Joseph Kutter senge Molereien
    Den Nationalmusée um Fëschmaart huet eng nei Ausstellung ronderëm ee vun de bedeitendste Lëtzebuerger Moler op d’Bee gestallt. An der Expo “Dem Kutter seng Gesiichter” kritt de Visiteur eng Selektioun vum Joseph Kutter senge Portraite presentéiert, an ee Volet bezitt sech och op d’Restauréierung vum Kënschtler senge Wierker. De Joé Birchen wollt vun der Cheffin vun der Restauratioun Muriel Prieur wëssen, op wat ee beim erhale vun den Tableaue vum Kutter genee oppasse muss.
    6 min
  • Leen – Album „Reflection“, Release Show a Single „Dark“
    “Reflections” heescht déi nei Plack vu Leen, déi den 1 Mäerz erauskënnt an poch deen Owend um Floor vun der Rockhal presentéiert gëtt. Et ass fir d’éischte Kéier dass d’Band ronderëm de Sänger a Songwriter Jimmy Leen eng Plack a voller Längt erausbréngt. Eng lescht Single virum groussen Dag kënnt muer, fir dorop opmierksam ze maachen.
    9 min
  • Zesumme géint de Klimawandel: „Fox and Hare Save the Forest“ op der 74. Berlinale
    Nieft dem Abderrahmane Sissako sengem Wetttbewerbs-Bäitrag „Black Tea“ huet et nach eng weider Lëtzebuerger Koproduktioun op d‘Berlinale gepackt: No dem Erfolleg vun der mat engem Filmpräis ausgezeechenter Serie „Fox and Hare“ huet den Diddelenger Produktiounsstudio Doghouse Films zesumme mat de Produktiounsfirmen Submarine a Walking the Dog „Fox and Hare Save the Forest“, een ökologesche Film iwwert Frëndschaft an ee solispistesche Biber, an de Jugendwettbewerb vun der Berlinale geschéckt. De Jeff Schinker war op der 74. Berlinale – an huet sech mat de Produzenten David Mouraire an Emmanuelle Vincent ënnerhalen.
    16 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners