Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Kritik zu The New Look
    Mat enger héichkaräteger Besetzung erzielt déi nei Apple TV-Serie „The New Look“ vun der Rivalitéit tëscht Dior a Chanel an der Zäit vum Zweete Weltkrich. An zéng Episode vu 45 Minutte geet et dorëm, wéi déi grouss Nimm vun der franséischer Haute Couture probéieren hir Konscht – an hiert Geschäft – duerch d’Zäit vun der franséischer Occupatioun ze retten.
    Dobäi gouf souguer de Soundtrack quasi op d’Mooss gemaach: De Jack Antonoff, bekannt duerch säi Projet Bleachers, virun allem awer als Produzent vun der Taylor Swift, huet eng ganz Rei renomméiert Kënschtlerinnen a Kënschtler ausgesicht, déi Klassiker aus déi éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert nei interpretéieren.
    18 min
  • "Wang Bing Memories"
    Ënnert dem Titel „Memories“ gi véier Wang-Bing-Filmer, a spezieller Zeenographie, am Cercle Cité presentéiert.
    Tëscht dem 29. Februar an dem 10. Mäerz ass Luxembourg City Filmfestival. Mat dobäi de Wang Bing. De Realisateur ass 1967, kuerz nom Ufank vun der Kulturrevolutioun, a China op d’Welt komm, huet mat 14 säi Papp verluer, ass du fir seng Famill schaffe gaangen. Spéider huet hie Foto a Film studéiert. Am Westen huet hie sech mëttlerweil en Numm als haarde realisteschen Documentaire-Filmer gemaach. Mat véier vu sengen Aarbechte kënnt Dir iech elo schonn am Ratskeller vum Cercle Cité ausenanersetzen. Eng Film-Expo obschonns Wang-Bing-Aarbechten am Kontext vum Festival gewise ginn? D’Kerstin Thalau ass dozou vun der Curatrice Anastasia Chaguidouline méi gewuer ginn.
    5 min
  • „Wang Bing Memories“
    Ënnert dem Titel „Memories“ gi véier Filmer vum Wang Bing am Cercle Cité presentéiert.
    Tëscht dem 29. Februar an dem 10. Mäerz ass Luxembourg City Filmfestival. Mat dobäi de Wang Bing. De Realisateur ass 1967, kuerz nom Ufank vun der Kulturrevolutioun, a China op d’Welt komm, huet mat 14 säi Papp verluer, ass du fir seng Famill schaffe gaangen. Spéider huet hie Foto a Film studéiert. Am Westen huet hie sech mëttlerweil en Numm als haarde realisteschen Documentaire-Filmer gemaach. Mat véier vu sengen Aarbechte kënnt Dir iech elo schonn am Ratskeller vum Cercle Cité ausenanersetzen. Eng Film-Expo obschonns Wang-Bing-Aarbechten am Kontext vum Festival gewise ginn? D’Kerstin Thalau ass dozou vun der Curatrice Anastasia Chaguidouline méi gewuer ginn.
    15 min
  • Ënnerwee am Kammerwald
    An eise geopoeeteschen Ausflich brénge mer Mënsch, Ëmwelt a Literatur méi no beieneen. No engem klengen Tour am Mëllerdall geet et elo an den Éislek - an d’Land vum Schifer.
    Op engem mëlle Moie voller Niwwel huet sech de Joé Birchen mat dem Schrëftsteller a Paleontolog Robert Weis op de Wee gemaach. Vun Veianen aus sinn si iwwert d’Leeën aus Schifer bis erop an däischter Eeche-Becher gaangen. Do hu si iwwert al Schmugglerweeër d’Grenz zu Däitschland iwwerschratt, a sinn op ee vun de gréissten Eechebeem aus der Republik gestouss.
    De Robert Weis rifft e puer Erënnerungen aus senger Kandheet op an ass sech sécher, datt Landschaften, déi ee vu Kand u kennt engem besonnesch no stinn - och wann een déi Géigende scho laang verlooss huet. Mat enger Beweegung duerch eng Landschaft voller Wuerzele gräife mer ee Widdersproch op: Ass et méiglech Nomad ze sinn, a gläichzäiteg fest Connectiounen zu enger Plaz ze hunn? Domat komme mer zum Tiziano Fratus, engem italieenesche Poeet, deem dëse Spagat geléngt.
    12 min
  • D'Expo "No Place Like Home" an der Galerie Schlassgoart
    Keng Plaz ass esou besonnesch an eenzegaarteg wei Doheem. Déi zwee Kënschtler Chantal Maquet a Miikka Heinonen hunn an der Galerie Schlassgoart zu Esch Uelzecht eng nei Ausstellung mat dem Titel “No Place Like Home”, an hei geet et mat Tableauen a Fotografien em d’Notioune vum Doheem an der Verwuerzlung. De Joé Birchen huet een Tour duerch d’Expo gemaach an eis e klengen Abléck matbruecht.
    4 min
  • Wuert vun der Woch: Humor
    Well de Jean Portante ëmmer mat vill Humor d’Wierder ënnert seng etymologesch Lupp hëlt, huet de Schrëftsteller sech haut virgeholl, eis ze soen, wou dann d‘Wuert „Humor“ hierkënnt.
    10 min
  • Marcy - Steuerrad (feat Skuto & Nick Ryan)
    D’Marcy ass eng engagéiert Musikerin. Hir éischt Lidder waren eng Trilogie iwwer Gewalt a Bezéiungen, a mat "Aus dem Haus" huet si beim RTL-Projet “eis Stemmen” iwwer Wunnengsnout geschriwwen. Mëttlerweil ass si ganz lass, a sicht no hirem Stil: méi rockeg soll et an Zukunft zougoen. Tëschenduerch awer dëst: mam Rapper Skuto, séngem Wiener Songwriterkolleeg Nick Ryan an dem Produzent Suki koum kierzlech d’Single “Steuerrad” eraus. De Marc Clement huet d’Marcy an de Skuto un der Strëpp, fir der Kollaboratioun op de Grond ze goen.
    12 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners