Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Véiermol Molière fir de 50. Gebuertsdag vum Théâtre du Centaure
    Fir seng 50 Joer huet den Théâtre du Centaure, ee vun de klengste Lëtzebuerger Theateren, dee fir seng eklektesch a qualitativ héichwäerteg Programméierung bekannt ass, ee ganz besonnescht Programm-Highlight : Eng Molière-Quadrilogie, déi een entweder zweemol als Binôme oder eemol als komplette Marathon erliewe kann. D’ Metteuse en scène Myriam Muller huet déi véier Stécker op zwee Owender kondenséiert : Eemol kräizt sech "L’école des femmes" mam "Dom Juan", eng aner Kéier sinn et "Le Misanthrope" an den "Tartuffe". Mir hunn d’Centaure-Intendantin Myriam Muller an den Emre Sevindik, deen d’Création sonore fir déi 4 Stécker gemaach huet, zesumme mam Jeff Schinker bei eis am Studio.
    25 min
  • Eis virun eis selwer retten
    An enger neier Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar – a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am drëtte Bäitrag beschwätzt hien La langue des choses cachées vun der Cécile Coulon.
    6 min
  • Koll an Aktioun 2024
    Vum Fréijoer u kann een sech esou lues erëm op Museksfestivalle freeën. Musek dobaussen ze genéissen ass e ganz besonnesche Pleséier – een, deen een och bei der asbl Kollibri seriö hëlt. Wie schonn eemol um Koll an Aktioun war, deen all Joer am Mee zu Marteleng beim Schiifermusee organiséiert gëtt, dee weess dat. Dëst Joer ass de Koll de Samschden 18. an de Sonnden 19. Mee. Haut gëtt de Line-Up verëffentlëcht. De Georges Goerens an de Bob Seyler vum Booking Team sinn zu Gaascht.
    25 min
  • Stierwe fir eng Béchs Béier? D’Sophie Langevin adaptéiert "Ce que j’appelle oubli"
    Stierwe fir eng Béchs Béier? Fir ee jonke Mann war dat 2009 keen hyperboleschen Ausdrock vun Duuscht, mä eng traureg Realitéit. Well hien am Supermarché eng Béchs Béier gedronk hat, vun där véier Sécherheetsmänner ausgaange sinn, dass en se net bezuele kéint, hunn si de Mann an en Hannerzëmmer verschleeft an do doud geschloen. Dëse Fait divers huet sech Enn 2009 zu Lyon ofgespillt. Mat Prisongsstrofe vu maximal 4 Joer, dovunner 2 op Sursis, gouf e relativ duuss penaliséiert. De Schrëftsteller Laurent Mauvignier huet d'Affär an engem kuerzen, intensiven Text opgegraff, deen aus engem eenzege Saz besteet. Nom Arne Lygre sengem Homme sans but bréngt d’Metteuse en scène Sophie Langevin de perkutanten Text op d’Bün vum Cape. Gespillt gëtt den Text vum Luc Schiltz am Dialog mam Multi-Instrumentalist Jorge De Moura.
    14 min
  • Nom Doud vum Moler Henri Kraus
    Gëschter huet eis déi traureg Nouvelle erreecht, datt de Lëtzebuerger Moler Henri Kraus e puer Deeg no sengem 81. Gebuertsdag gestuerwen ass. Hie war Konschterzéier, Professer am Lycée Arts et Métiers a Member vum Cercle Artistique de Luxembourg. De Joé Birchen wollt vum Konschtexpert Paul Bertemes wësse, wat den Henri Kraus fir d'Konschtzeen bedeit huet, a wéi wichteg d’Wierk ass, wat de Kënschtler eis hannerléisst.
    13 min
  • “Bienvenue à la Villa! (2)” – Een Iwwerbléck vun de zäitgenëssesche Wierker, déi d‘Villa Vauban rezent akaaft huet.
    “Bienvenue à la Villa!” ass eng Ausstellungserie vun der Villa Vauban, an där se weist, wéi eng Wierker an de leschte Joren de Wee an hire Besëtz fonnt hunn. Mat Fotografien, Skulpturen a Molereien si bei der zweeter Editioun 41 Kënschtler mat dobäi, vun deenen de gréissten Deel Lëtzebuerger oder Residenten am Grand-Duché sinn. De Joé Birchen mat Andréck vun der Expo, an Aussoe vun der Conservatrice vun der Villa Vauban, Gabriele D. Grawe.
    8 min
  • Danzbar, positiv Roserei
    Déi nei an drëtt Plack vu Les Amazones d’Afrique, een Zesummeschloss vu Musekerinnen aus verschiddene westafrikanesche Länner. D’Plack heescht “Musow Danse”, iwwersat Danz vun de Fraen, a geet genee dorëms, wéi et ass, eng Fra ze sinn, haut, a Westafrika.
    14 min
  • De Bléck op de kulturellen Agenda
    Nodeems et d'lescht Woch méi roueg war, ass dës Woch awer nees méi lass a den Theateren a Kulturhaiser uechtert Land. Wat alles gebuede gëtt, seet eis de Nicolas Calmes am kulturellen Agenda.
    12 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners