Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • De Wonsch no Fräiheet
    D’lescht Joer am Juli koum vun enger jonker Lëtzebuergerin en éischten EP eraus, dee mir verpasst haten Iech virzestellen. Hécih Zait dat nozehuelen, an eemol mat der Yona Cestroni-Wahl ze schwätzen, déi ënnert hirem Virnumm mat nëmme 17 Joer schonn eng handvoll schéi Poplidder erausbruecht huet. Am Moment hänkt d’Musek nach mat Schoulprojeten zesummen, mee d’Yona dreemt vill vu Fraiheet, op jidde Fall an hire Lidder. De Marc Clement wëllt vun hir wëssen, wéi d’Musek zu eppes Wichtegem ginn ass.
    5 min
  • Keen ass onschëlleg, keen ass fräi: "Der Prozess" vum Kafka an enger Adaptéierung vum Kaleidoskop Theater
    "Der Prozess", de weltberüümte Roman vum Franz Kafka, steet zanter senger Verëffentlechung fir d’Absurditéit an d’Onmënschlechkeet vum Rechtsystem a stellt och eng Allegorie op déi Zort Bürokratiséierung, déi an autoritäre Regimmen d’Existenz vu Schreifdësch-Täter erméiglecht huet.
    Zanter leschter Woch ass de Roman dann och als Theateradaptatioun vum Jean-Paul Maes am Kaleidoskop Theater ze gesinn. Zu Huncherage am KulTourhaus kann een d’Stéck nach d’nächst Woch gesinn. De Jeff Schinker an den Nicolas Calmes beschwätzen hir Impressiounen.
    14 min
  • Der Laura Lux hir "Images at work"
    1895 hunn d’Frères Lumière hire Film “La sortie des usines Lumière à Lyon” presentéiert an domat Geschicht geschriwwen. D’Wierk gëlt näämlech als éischten Documentaire iwwerhaapt. Nodréiglech si Filmtheoretiker zu der Konklusioun komm, datt dës Opname problematesch sinn: d’Zeen war gestallt an net spontan.
    D’Relatioun tëscht Documentaire an Aarbechtsrealitéit...: dat ass der lëtzebuerger Filmwëssenschaftlerin Laura Lux, Joergang 1990, hiert Fuerschungsgebitt, a si presentéiert, bis Enn Abrëll, am Casino an der Ënneschtgaass eng Sélektioun vu Filmer zu deem Theema.
    D’Kerstin Thalau huet di 3 Stonne Material gesinn an d’Laura Lux fir haut an de Studio invitéiert.
    24 min
  • Sech selwer begruewen: "La Vie heureuse" vum David Foenkinos
    Wien huet sech net schonn eemol gewënscht, eng zweet Chance ze kréien a seng ganz Existenz mat allem, wat schif oder just mëttelméisseg gelaf ass, bei der Däiwel zer schécken ? Dësen Dram léisst den David Foenkinos seng Haaptfigur erliewen – an engem Roman, deen zwar duerchaus besser wéi verschiddener vu senge méi penibele Wierker ass, nawell awer ëmmer nees an déi Zort Klischeeë verfält, fir déi den Auteur leider bekannt ass.
    5 min
  • De Julien Hübsch an der Galerie Dominique Lang zu Diddeleng
    Bis de 7. Abrëll stellen de Pit Riewer an de Julien Hübsch an den Diddelenger Konschtzentren Nei Liicht an Dominique Lang nei Aarbechten aus. Béid Kënschtler waren am Kontext vum Hierschtsalon vum CAL mat Präisser ausgezeechent ginn: de Pit Riewer mam Prix Révélation; de Julien Hübsch mam Prix Grand-Duc Adolphe. De Julien Hübsch huet d’Nouvelle am Ausland erreecht: hie war näämlech dee Moment nach an der Kënschtlerresidenz an der Paräisser Cité des Arts. Fir hie war séier kloer, datt en zu Diddeleng d’Resultater vu senger Paräisser Recherche mam Public deele wéilt. D’Kerstin Thalau war an der Galerie Dominique Lang an huet mam Julien Hübsch geschwat.
    25 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners