Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D'Florence Martin verléisst United Instruments of Lucilin
    Lescht Woch huet d'Florence Martin an de soziale Medien annoncéiert, datt si als Directrice artistique an der Cité musicale zu Metz noméiert gouf. Dat bedeit och, datt si hire Posten als Co-Directrice vum Ensemble United Instruments of Lucilin verléisst. Am Gespréich mam Marie Trussart huet si ënner anerem verroden, wéi den Ensembel reagéiert huet. Si kuckt zeréck op ee Joerzéngt zesumme mam Ensembel, erzielt hir Highlights, a wéi si sech gefillt huet, wéi si d'Noriicht krut.
    13 min
  • Kid Colling Cartel: "Living on the Wild Side"
    Et get em de Blues, an em ee Mann, deen e lieft: de Kid Colling. De Lëtzebuerger Blues-Rocke breng seng nei Plack “Living on the Wild Side”, dëse Samschden den Owend mat engem Live-Concert an der Rockhal eraus. Iwwer déi nei Musek, 3 Méint zu New Orleans a grujheleg Revanche-Geschichte schwätzt hie mam Marc Clement a Pit Walté.
    25 min
  • Lucilin in the City: Sounds in Space
    Am Kader vu sengem Concertszyklus Lucilin in the City invitéiert den Ensembel United Instruments of Lucilin op een aussergewéinleche Concert, ganz intim an hirem Proufsall an der Rue de la fonderie an der Stad. Nächsten Donneschdeg, den 8. Februar, spille si ënner dem Motto “Sounds In Space”. Gespillt gi Wierker aus dem 20. Joerhonnert, ënner anerem mat Musek vu Christian Lauba, Stefan Prins a vun der lëtzebuergesch-bulgarescher Komponistin Albena Petrovic-Vratchanska.
    Den Olivier Sliepen, Saxofonist a Curateur vum Concert, huet mam Marie Trussart doriwwer geschwat, wat de Public deen Owend erwaart. Hien huet him ënner anerem och verroden, firwat den Tountechniker Cedric Fischer genee wéi de Perkussionist Guy Frisch beim Stéck "Inhibition Space" eng grouss Roll spillen.
    Tickete kann een iwweregens online reservéieren, de Concert ass gratis.
    12 min
  • De Flavien Berger am Atelier
    Gëschter (1.2.) huet dee franséische Pop-Chansonnier Flavien Berger säin éischte Concert zu Lëtzbuerg gespillt, am Atelier zu Hollerech. D’Marie Trussart war dobäi an erzielt iwwer seng Andréck no deem iwwerraschende Concert.
    4 min
  • Dem Guy Helminger seng Impressioune vu Rajasthan
    De Schrëftsteller Guy Helminger fiert duerch Rajasthan am Norde vun Indien. Et gëtt gewielt a gefeiert. D‘Liichterfest zeechent Freedefeier un den Himmel, mee déi indesch Demokratie schéint lues a lues auszegoen. An da spillt Opium op der Rees och nach eng Roll.
    6 min
  • "Forced Amnesia"
    Den Owend (2.2.) ass am Casino - dem Forum fir zäitgenëssesch Konscht an der Ënneschtgaass - de Vernissage vun der Mary-Audrey Ramirez hirer Expo “Forced Amnesia”. Mary-Audrey ... dat seet Iech eppes? D’Textil- a Printkënschtlerin ass 1990 zu Lëtzebuerg gebuer, lieft a schafft zanter hire Konschtstudien zu Berlin. U wat si schafft? U sougenannte “Softsculptures”. Zanter gutt zéng Joer baut d’Mary-Audrey Ramirez sech eng Zort skurillen an absurde Video-Games-Zoo an 3D op. Dat kënnt nawell gutt un. An dowéinst war si zum Beispill 2022 fir de Luxembourg Encouragement for Artits Prize nominéiert; Enn 2019 war si Edward-Steichen-Award-Laureatin, déi fir sechs Méint op eng Kënschtlerresidenz op New York dierf. An zwar zesumme mat der Nora Wagner. D’Kerstin Thalau hat d’Ladies deemools an de Studio invitéiert: hei en Extrait vum Gespréich.
    17 min
  • De Paul Celan an de Jean Portante
    "Rayons de nuit“ heescht dat rezent Wierk vum Jean Portante, dat am Verlag Le Castor Astral eraus koum. Hei huet de Lëtzebuerger Schrëftsteller eng Rei ausgewielte Gedichter vum Paul Celan an d‘Franséischt iwwerdroen. D‘Valerija Berdi hat mam Jean Portante iwwer dës Aarbecht an eiser Literaturemissioun Déi wonnerbar VaLibrairie geschwat. Mir lauschteren en Extrait aus dësem Gespréich.
    17 min
  • Raymond Schaack - Im Banne des Unendlichen
    Et ass dat 20. Buch, dat de Raymond Schaack, fréiere President vun der Proffenassociatioun APESS, elo publizéiert huet. Hie schreift Prosa a Lyrik. Elo koum säin zweet Wierk mat Haiku bei Editions Phi eraus. D‘Buch mam Titel "Im Banne des Unendlichen“ huet d‘Valerija Berdi gelies.
    11 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners