Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Um seidene Fuedem vun der Memoire
    An enger neier Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar - a verréit, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am éischte Bäitrag beschwätzt hien den Debutroman "Ceux qui appartiennent au jour".
    Ee Roman iwwer eng Paschtoueschfamill, déi lues a lues hiert Gediechtnes verléieren: Der Emma Doude Van Troostwijk hiren Debutroman "Ceux qui appartiennent au jour", erauskomm bei de legendären Editions de Minuit, ass eng lues, fragmentaresch Erzielung, déi fir hiren donkele Sujet erstaunlech vill Liicht duerchléisst.
    7 min
  • Kloer, Kierchbierg: dee kennt een? En neie Bléck op Bekanntes kann ni schueden.
    Am Optrag vum Fonds du Kirchberg war de Fotograf Christian Aschman ee Joer laang iwwer de Kierchbierg-Plateau ënnerwee, fir d’Evolutioun vun dësem Stater Quartier ze dokumentéieren. An engem Joer?? Tatsächlech changéiert dëse Stater Quartier nach ëmmer vill méi séier wéi vill anerer. Dem Christian Aschman säi Resultat impressionéiert a verwonnert, well ee méi wéi eemol de Kierchbierg guer net erëm erkennt. Bis den 10. Februar presentéiert hie seng Biller am LUCA, also am Luxembourg Center for Architecture am Gronn. Bis dohinner versicht d’Kerstin Thalau Iech eenzel Opnamen, iwwer d’Wuert, méi no ze bréngen.
    9 min
  • Flavien Berger: “Ma musique est un passeport pour voyager dans les univers des autres gens”
    De Pop-Chansonnier huet seng musikalesch Karriär am Sounddesign an an der Konscht ugefaangen huet. Reschter vun E-Musek fënnt een nach vill a senger Musek - genee wéi d’Fro, déi ëmmer erëmkënnt, wéi nohalteg eis Liewensweis ass. Eng heefeg Metapher a sengen Texter ass dobäi de Fliger: “Fligere sinn ee Symbol vun techneschem Héichpunkt a vun der Schéinheet vum Reesen. Mee si gi vun Explosioune weidergedriwwen, a wat no enger Explosioun bleift, si Schierbelen, Offall. Esou ass et haut mat der Modernitéit.” De Flavien Berger spillt muer den Owend (1.2.) e Concert zu Hollerech am Atelier.
    13 min
  • Den Étienne Duval léisst de Rotonden hiert Banneliewen iwwer de Plackenteller dréien
    Placken, déi Geschichten erzielen, an zwar net just iwwer Sound, mee och iwwer Illustratiounen, déi duerch d’Rotatioun monter iwwer d’Scheif defiléieren, nennt ee Phonotropen. D’lescht Woch hu mir Iech mat an d’Phonotropen-Expo “Turn on!” an d’Rotondë geholl; dee Reportage fannt Dir bei eis um Site. Vu datt sech mat dëser Technik just eng Handvoll international Kënschtler beschäftegen, huet d’Ekipp vun de Rotonden zu Lëtzebuerg ee Phonotrop an Optrag ginn: beim Kënschtler, Architekt a Museker Étienne Duval. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat engem “touche à tout”
    13 min
  • D'Wuert vun der Woch
    Wat den Divan mat der Douane verbënnt, a wat d'Moustique an de Goethe mam Wuert ze dinn hunn, verréit eis de Jean Portante a sengem Wuert vun der Woch.
    10 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der neier Kinowoch mat ënner anerem "The Zone of Interest", "Conann" oder nach "lI primo giorno della mia vita"
    4 min
  • Konsumkritik um Terrain: "L'âge d'or", eng theatralesch Visite guidée duerch d'Belle Etoile
    Eng Performance vun enger anerer Zort kann ee vun e Freideg un an der Belle Étoile erliewen. Ënner dem Numm “L’âge d’or” proposéieren de Schwäizer Duo Igor Cardellini an Tomas Gonzalez eng theatralesch Visite guidée duerch d’Belle Etoile, déi d’Form vun enger touristescher Architektur-Visitt unhëlt. Mat der Actrice Frédérique Colling gëtt de Visiteur duerch ee vun den Tempele vum Lëtzebuerger Konsum geféiert. Den Igor Cardellini an d’Frédérique Colling si beim Marc Clement a Jeff Schinker am Studio, fir iwwer hire Projet ze schwätzen.
    23 min
  • Net vill ze laachen
    Geet bei Radiohead zanter "King of Limbs" alles e bësse méi lues, esou schéngt bei The Smile, dem Projet, deen zwee Membere vu Radiohead mam Batteur vun der Jazzband Sons of Kemet zesummebréngt, de Géigendeel de Fall ze sinn: Knapp 18 Méint no der Verëffentlechung vun "A Light for Attracting Attention" steet schonn den zweeten Album "Wall of Eyes" an de Startlächer. Dësen ass just aacht Lidder laang, wierkt méi entspaant, dofir vläicht awer och manner spannend wéi den Debut. De Marc Clement an de Jeff Schinker hu sech d'Plack ugelauschtert.
    12 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der neier Kinowoch mat ënner anerem "The Zone of Interest", "Conann" oder nach "lI primo giorno della mia vita"
    10 min
  • Avec Vue sur Kirchberg
    Am Optrag vum Fonds du Kirchberg war de Fotograf Christian Aschman ee Joer laang iwwer de Kierchbierg-Plateau ënnerwee, fir d’Evolutioun vun dësem Stater Quartier ze dokumentéieren. An engem Joer?? Tatsächlech changéiert dëse Stater Quartier nach ëmmer vill méi séier wéi vill anerer. Dem Christian Aschman säi Resultat impressionéiert a verwonnert, well ee méi wéi eemol de Kierchbierg guer net erëmerkennt. Bis den 10. Februar presentéiert hie seng Biller am LUCA, also am Luxembourg Center for Architecture am Gronn. Bis dohinner versicht d’Kerstin Thalau Iech eenzel Opnamen, iwwer d’Wuert, méi nozebréngen.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners