Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Nora Wagener - Rede zur Literatur
    “Rede zur Literatur”, en Essay vun der Schrëftstellerin Nora Wagener, gouf elo vum Nationale Literaturzenter publizéiert. Eng Ried, déi am Kontext vun enger Autoreresidenz, déi vu Kultur | lx an Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Bicherfrënn, dem Nationale Literaturzentrum an dem Literarisches Colloquium Berlin entstanen ass.
    4 min
  • Lost Symbiosis zu Uewerkuer
    De Kënschtler besser Konditiounen erméiglechen, fir datt si méi liicht vun hirer Aarbecht liewe kënnen. Dat ass eent vun den Haaptziler vun der ASBL La Concierge. D’Organisatioun mécht mat enger Ausstellung, bei där néng jonk Lëtzebuerger Kënschtler dobäi sinn, am Esapce H2O zu Uewerkuer hiren Optakt.
    De Joé Birchen bréngt eis een Androck vun der Expo mat an huet mat den zwee Kënschtler:innen a Grënner:inne vun der ASBL, dem Steven Cruz an der Liliana Francisco iwwer hir weider Pläng geschwat.
    5 min
  • Claude Schmit - "Yeshuah. Une vie de J
    A sengem neie Roman "Yeshuah. Une vie de Jésus après sa Crucifixion" beschreift de Claude Schmit e Jesus, deen net um Kräiz gestuerwen ass, inkognito op Roum flücht a fundamental u sech selwer zweiwelt. De Michel Delage mat enger Kritik
    4 min
  • Nepaleesesch Postkaarte vum Guy Helminger - Kathmandu
    De Schrëftsteller Guy Helminger war am Nepal ënnerwee, enger jonker, sougenannter Demokratie. Mee et glënnert net alles, vun deem behaapt gëtt, et wier aus Gold. De Verkéier huet et a sech a bei all Faszinatioun muss ee verschidde reliéis Praktiken dach mat Skepsis begéinen.
    5 min
  • 15 Joer Concert de Nouvel An
    Zweemol Papp a Jong. Eng Kéier als Pianoduo, eng Kéier als Perkussiounsduo. Zesummen als Quartett trieden de Gary an de Jean Muller an de Paul an de Michel Mootz zanter 2008 op. An dëser Formatioun spille si och hiren traditionellen Neijoerschconcert. Dräi vun deene véier Museker waren am Interview beim Christophe Mirkes.
    Si verroden ënner anerem, wat fir hire 15. Concert de Nouvel An am Stater Conservatoire um Programm steet, wie si als Gäscht op der Bün mat dobäi hunn, a wat en Neijoerschconcert esou besonnesch mécht. Ugefaangen huet d'Gespréich awer mam Ursprong vum Concert de Nouvel An.
    7 min
  • Literatur-Réckbléck 2023: de Lëtzebuerger Buchpräis
    Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg gëtt all Joer de Lëtzebuerger Buchpräis verginn. E Jury determinéiert déi bescht nei Publikatiounen an de Kategorië Literatur, Sachbuch, Kanner- a Jugendbuch. Interessant ass, datt Enn 2023 ausschliisslech AutorINNEN ausgezeechent goufen. Zum Beispill d’Germaine Goetzinger: mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Sachbuch. An zwar fir hir Biografie “Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 1874-1947. Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur”. An eisem Literatur 2023-Réckbléck proposéiere mir Iech en Extrait vum Gespréich tëschent Valerija Berdi, Michel Delage a Germaine Goetzinger.
    5 min
  • Literatur-Réckbléck 2023: de Lëtzebuerger Buchpräis
    Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg gëtt all Joer de Lëtzebuerger Buchpräis verginn. E Jury determinéiert déi bescht nei Publikatiounen an de Kategorië Literatur, Sachbuch, Kanner- a Jugendbuch. Interessant ass, datt Enn 2023 ausschliisslech AutorINNEN ausgezeechent goufen. Zum Beispill d’Germaine Goetzinger: mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Sachbuch. An zwar fir hir Biografie “Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 1874–1947. Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur”. An eisem Literatur 2023-Réckbléck proposéiere mir Iech en Extrait vum Gespréich tëschent Valerija Berdi, Michel Delage a Germaine Goetzinger.
    7 min
  • Literatur-Réckbléck 2023: de Lëtzebuerger Buchpräis
    Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg gëtt all Joers de Lëtzebuerger Buchpräis verginn. E Jury determinéiert déi bescht nei Publikatiounen an de Kategorië Literatur, Sachbuch, Kanner- a Jugendbuch. Interessant ass, datt Enn 2023 ausschliisslech AutorINNEN ausgezeechent goufen. Zum Beispill d’Claudine Muno: mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur. An zwar fir de Roman “Dëst ass net däi Liewen”, fir deen d’Autorin och schonn den 1. Präis am Concours littéraire national krut. An eisem Literatur 2023-Réckbléck proposéiere mir Iech en Extrait vum Gespréich tëschent Valerija Berdi, Michel Delage a Claudine Muno.
    5 min
  • Servais-Präis 2023 fir de Jérôme Quiqueret
    Eng Koppel gëtt doheem ermuert. Korrupt Flicken. Ideologesch Kämpf a Politik a Press. An der Aarbechterstad Esch ëm 1910. An alles richteg geschitt! An alles literaresch esou iwwerzeegend verschafft, datt de Journalist an Auteur Jérôme Quiqueret fir säi Buch "Tout devait disparaître. Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910" mam Servais-Präis 2023 ausgezeechent gi war. Dës Woch kucke mir fir d’lescht op d’Kultur-Highlights 2023 zeréck, dowéinst proposéiere mir Iech hei en Extrait aus dem Gespréich tëschent dem Michel Delage an dem Jérôme Quiqueret.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners