Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • De Frank Feitler ass net méi
    De Frank Feitler ass am Alter vun 73 Joer gestuerwen. Vun 2001 bis zu senger Pensioun am Joer 2015 war hien Direkter vum Groussen Theater an der Stad. D'Valerija Berdi mat engem kuerze Portrait vum Professer, Dramaturg, Zeenarist, Schauspiller, Regisseur an Theaterdirekter Frank Feitler.
    6 min
  • Eng Kamera um Kierchbierg
    Fir eise Fotoadventskalenner ware mir well op den Diecher vu Gebaier, a verloosse Gäng an op de Stroosse vum Kierchbierg ënnerwee. De Fotograf Christian Aschman huet wärend engem Joer Ablécker vum Quartier festgehalen, a fir de Rescht vum Mount dauche mir zesumme mat him an e puer vu sengen Impressiounen an.
    De Joé Birchen mécht d’Bild vun haut op, a mir kommen op eng Plaz, op där mir nach net waren.
    4 min
  • Whamageddon : Een Advent ouni "Last Christmas"
    Zanter zéng Joer spillen Zéngdausende vu Britten am Dezember ee besonnescht Adventsspill: Whamageddon. Den Numm leet sech hier aus dem Numm vun der 80er-Jore Popgrupp Wham, där hire Leadsänger den George Michael war. Hire berüümte Chrëschthit "Last Christmas" huet nämlech net nëmme Frënn, besonnesch well et een Euphemismus wier ze soen, e wier iwwerlauschtert, esou dacks héiert een en am Radio, um Chrëschtmaart, an a Geschäfter. D'Zil vum Spill ass et dofir ëm all Präis ze verhënneren, dëst Lidd wärend der Adventszäit zu Oueren ze kréien. D‘Marie Billon rapportéiert vu London.
    8 min
  • Eng Kamera um Kierchbierg
    Fir eise Fotoadventskalenner ware mir well op den Diecher vu Gebaier, a verloosse Gäng an op de Stroosse vum Kierchbierg ënnerwee. De Fotograf Christian Aschman huet wärend engem Joer Ablécker vum Quartier festgehalen, a fir de Rescht vum Mount dauche mir zesumme mat him an e puer vu sengen Impressiounen an.
    De Joé Birchen mécht d’Bild vun haut op, a mir kommen op eng Plaz, op där mir nach net waren.
    4 min
  • De Geescht oder d'Mumm Séis
    Gëtt et de Geescht aus dem Dicks sengem bekannte Kaméidistéck wierklech? De Lëtzebuerger Schrëftsteller Samuel Hamen huet dem Dicks sengem Geescht en neit Liewen agehaucht an d'Stéck "De Geescht oder d'Mumm Séis" ass ënner der Regie vum Jacques Schiltz fir de Groussen Theater inszenéiert ginn. Eng Operette, déi et a sech huet, där Meenung sinn d'Valerija Berdi an de Michel Delage.
    8 min
  • Chrëschtdag tëschent Zirkus, Baken an Danze mat engem Loftballon
    Chrëschtdeeg sinn eng Zäit, déi fest mat verschiddenen Traditiounen a Ritualer verbonne ass. Vläicht kann een awer och nei Ritualer schafen - esou wéi d‘Rotondë mat hirem familiären an onkonventionelle Feierdags-Programm.
    Am Interview erkläert d‘Programmatrice Laura Graser, wéi e Loftballon zum Danzpartner gëtt a beäntwert d‘Fro, wéi eigentlech Schnéi kléngt.
    21 min
  • Eng Kamera um Kierchbierg
    Iwwert de Rescht vum Mount maache mir hei um Radio Diere vun engem besonneschen Adventskalenner op. De Fotograf Christian Aschman huet nämlech an enger Fotoserie d’Entwécklung vum Kierchbierg festgehalen, an all Dag tauche mer zesumme mat him an eent vu senge Biller an. Mir ware well op Diecher vun héije Gebaier an a lauter Stroossen ënnerwee, dofir geet et haut op eng weider nei Plaz.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners