Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Kito Lorenc - Es war nicht die Zeit
    Am Kito Lorenc senge Gedichter begéint een engersäits nach idyllesch Momenter, déi d’Kannerae beandrocke konnten, anersäits awer och Plazen, déi geschichtsträchteg sinn a wou politesch a gesellschaftlech Ëmwälzungen d’Natur iwwel zougeriicht hunn.
    Wien de Kito Lorenc ass, a wat eis an deem Buch "Es war nicht die Zeit" aus dem Wallstein Verlag erwaart, doriwwer méi vum Léon Rinaldetti.
    5 min
  • Eng Literaturgeschicht fir Lëtzebuerg?
    Wisou gëtt et nach keng Lëtzebuerger Literaturgeschicht? Wat sinn d‘Defie fir eng kleng a villsproocheg Literatur ze beschreiwen? Wéi kéint eng Literaturgeschicht am 21. Joerhonnert ausgesinn? Dës an aner Froen waren Theema am Nationale Literaturarchiv zu Miersch. D'Valerija Berdi mat Detailer
    5 min
  • Tessa Perutz - "How To Map the Infinite"
    Ass et méiglech d’Onendlechkeet mat enger Rei Tableauen, an e bësse méi wéi 100 Kilo Lavendel festzehalen? Déi amerikanesch Kënschtlerin Tessa Perutz traut sech mat hirer Ausstellung “How To Map the Infinite” am Casino Lëtzebuerg u genee dës Fro erun. De Joé Birchen wollt vun der Tessa Perutz wëssen, wéi et zum deem ville Lavendel koum, a wéi dësen de Visiteur nach méi an hir Konscht matrappe soll.
    4 min
  • Killing-Joke Gitarrist Kevin Walker gestuerwen
    De Weekend ass dee laangjärege Gittarist vun der Band Killing Joke, de Kevin Walker, un de Folge vun engem Hiereschlag gestuerwen. Säin düstert, kraaftvollt Gittarespill a säi staarke Sound hunn ëmmer scho beandrockt, ob bei Killing Joke oder bei Industrial-Bands wéi Murder Inc. oder The Damage Manual. Vill Gittaristen a Museker melle sech elo zu Wuert fir him nozeruffen. Éier mir de Marc Clement aus de Museksredaktioun froen, fir méi gewuer ze ginn, lauschtere mir e bëssen eran.
    4 min
  • Auditioune fir den ESC an der Rockhal
    Dës Woch gouf et eng wichteg Etapp fir déi Lëtzebuerger Participatioun beim Eurovision Song Contest. Ëm déi 50 Artisten, déi an enger éischter Phas zeréckbehale goufen, haten nämlech déi lescht dräi Deeg hir Chance, sech virun enger internationaler Jury ze beweisen. De Joé Birchen war bis an d’Rockhal luusse gaangen, an huet eis e puer Andréck vun den Artisten an der Jury matbruecht.
    6 min
  • Reinterpretatioune vum Mozart senge bekannten Operen
    De Freideg (24.11.) an e Sonndeg (26.11.) kann een am Stater Conservatoire eng ganz besonnesch Oper kucke goen. D’Chant Lyrique Klasse ginn op d’Bün a presentéieren eng Reinterpretatioun vum Mozart senge bekannten Operen. Fir si ass dat eng eenzegaarteg Geleeënheet, bei enger professioneller Produktioun matzewierken. Dozou d’Enseignante Hélène Bernardy
    2 min
  • Jean Back - Nuebelschnéier
    Sëlleg Erzielungen, Kuerzgeschichten, Novellen a Romaner huet den Diddelenger Auteur Jean Back bis elo publizéiert. Elo koum mat “Nuebelschnéier” eng Sammlung vu Kuerzgeschichten a fragmentareschen Texter bei Éditions Kremart eraus. D'Valerija Berdi huet d’Buch gelies.
    4 min
  • Neits aus dem Theater: Alternativen zu gro an naass
    Eis Trafic- a Meteo-Meldunge si jo eigentlech ëmmer nei an aktuell, mee den Ament schéngen se an engem Endlos-Loop gefaangen ze sinn: si kléngen Dag fir Dag d’selwecht, no gro, naass, no Zäitopwand. Wéi wier et also mat faarweg, gemittlech, onerwaart?
    De Joé Birchen huet esou ee Programm an eisen Theatere fonnt a presentéiert Nei-Opféierungen am Gespréich mam Pit Walté.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners