Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D'Catherine Kontz iwwer de rainy days Festival 2023
    “rainy days” - dat ass de grousse Festival fir zäitgenëssesch Musek hei zu Lëtzebuerg. Dëst Joer ass en op véier Deeg verdeelt, mat iwwer 30 Events an der Philharmonie, a bis de Sonndeg kann een an der Philharmonie nach villes entdecken. Et geet vu Concerten, iwwer Installatioune bis hin zu Talks mat Musekeri:nnen. D’artistesch Direktesch ass d’Lëtzebuerger Musekerin Catherine Kontz. D’Marie Schockmel aus eiser Klassik-Ekipp huet sech mat hir ënnerhalen.
    8 min
  • D'Julie Reuter zitt net just Bilan vun der Art Week, mee och vun hiren zwee éischte Joren als jonk Galeristin
    No der Art Week ass virun der nächster, der zéngter Art Week? Gëschter hunn d’Organisateure Bilan gezunn, si zielen 22.000 Visiteuren an denken elo doriwwer no, wéi eng Stad, no Wien, bei der nächster Editioun am Fokus stoe wäert. Nach ze gesinn, bis Enn der Woch, ass awer de Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg, kuerz CAL. Am alen Tramsschapp sinn zwee wichteg CAL-Präisser verdeelt ginn, an déi zwee Laureaten, de Pit Riewer an de Julien Hübsch, ginn allebéid vun der selwechter Galeristin vertrueden. D’Kerstin Thalau wollt vun der Julie Reuter wëssen, wéi si déi lescht Woch erlieft huet.
    5 min
  • Videospill: Alan Wake II
    Alan Wake 2 ass en neit Horror-Survival Spill. Näischt fir Leit mat schwaachen Nerven also. Awer méi spannend wéi alles, wat momentan op de Streaming-Plattforme gebuede gëtt, fënnt den Yves Stephany. 13 Joer nom éischten Deel iwwerzeegt Remedy mat engem Meeschterwierk.
    4 min
  • De Wolfgang Müller, Grënner vum Kult-Kollektiv "Die tödliche Doris“, a Kënschtlerresidenz am Escher Bridderhaus
    Wolfgang Müller ... DEN däitschen 0815-Numm par excellence. Mee just ee Wolfgang Müller huet zu Berlin 1980 de Kult-Kënschtlerkollektiv “Die tödliche Doris” gegrënnt a lieweg gehalen. An dee Wolfgang Müller war fir eng länger Kënschtlerresidenz am Escher Bridderhaus. Am 100,7-Interview erkläert hien, firwat hien ni resignéiert huet, mee ëmmer nach oppen a virwëtzeg mat Konscht experimentéiert.
    56 min
  • Le Chant du Cygne
    De Lol Margue huet dem Anton Tschechow säin Eenakter "Le Chant du Cygne " mat der Marja-Leena Junker an dem Mathieu Moro op d'Bün bruecht. Well dëst Stéck esou kuerz ass, huet de Metteur en scène sech missen eng afale loossen. D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren "Le chant du Cygne" an den Théâtre du Centaure kucken.
    9 min
  • Nora Wagener - Rede zur Literatur
    “Rede zur Literatur”, en Essay vun der Schrëftstellerin Nora Wagener, gouf elo vum Nationale Literaturzenter publizéiert. Eng Ried, déi am Kontext vun enger Autoreresidenz, déi vu Kultur | lx an Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Bicherfrënn, dem Nationale Literaturzentrum an dem Literarisches Colloquium Berlin entstanen ass. D'Valerija Berdi mat Detailer
    4 min
  • Expotipp am Kontext vun der Luxembourg Art Week
    De Weekend ass Luxembourg Art Week, also d’Konschtfoire an deene wäissen Zelter um Glacis. Mee d’Organisateuren hu fir d’Editioun 2023 nach méi intensiv de Kontakt zu Kulturinstitutiounen an -ASBLe gesicht, fir datt d’Stad sech am Kontext vun der LAW an eng eenzeg riseg Konschtmanifestatioun verwandelt. D’Kerstin Thalau war an Ausstellunge mam Label “Luxembourg Art Week”, zum Beispill gëschter Owend um Vernissage vum Christian Aschman senger Fotoexpo “Kierchbierg” am LUCA, a mengt, déi kéint interesséieren.
    8 min
  • "Krich": Wuert vun der Woch
    Dem Jean Portante säi Wuert vun der Woch ass déi Kéier mat der tragescher Aktualitéit a Palästina verbonnen, mat Gaza, wou Dausende vu Bommen, no enger bluddeger Attack vun der Hamas géint Israel, Dausende vun Zivilisten d’Liewe kaschten. D’Wierder kënne jo d’Bommen an de Krich net stoppen. Mee analyséieren, vu wou d’Wuert "Krich“ zum Beispill hierkënnt, kann eis vläicht hëllefen, méi e klore Bléck op d’Situatioun ze geheien.
    10 min
  • The Beatles - Now And Then
    D’Beatles hu gëschter (2.11.) eng nei Single erausbruecht. Et ass fir d’éischt zanter 1996, an och dat war scho 26 Joer, nodeems d’Band sech am Fong opgeléist hat. Eng iwwerraschend Nouvelle, wann een et net gewosst hätt, an och déi Artifiziell Intelligenz hätt hir Fangere mat am Spill gehat. War et derwäert? De Marc Clement schwätzt mam Pit Walté genee doriwwer.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners