Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Shadow's Night - Edgar - Poe
    Ee Kënschtler, deen déi däischter Säite vum Liewe besonnesch interesséiert hunn, war den amerikanesche Schrëftsteller Edgar Allen Poe. Bei de “Saturday Visiter Awards”, déi am Oktober zu Baltimore stattfonnt hunn, gi kreativ Projeten ausgezeechent, déi sech och haut nach mat sengem literaresche Vermiechtnes beschäftegen.
    An do gouf dëst Joer och eng Lëtzebuerger Contributioun mat engem Präis belount, an zwar d’Mediabook “Edgar - Poe” vun der Shadow’s Night ASBL an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Symphonic Metal Band ShadoWhisperS.
    D’Claudine Muno hat d’Geleeënheet sech mat den Initiateure vun dësem Projet, der Diane Frisch an dem Laurent Schleck vu ShadoWhisperS ze ënnerhalen.
    5 min
  • D'Fest vum Buch kënnt geschwënn ...
    All Joer ass den drëtte Weekend vum November de Walfer Bicherdeeg reservéiert. Dëst Joer fält d'Fest vum Buch op den 18. an den 19. November. Iwwer de Programm huet d'Valerija Berdi mat der Claudine Trauden vun der Gemeng Walfer geschwat, déi fir d'Organisatioun vun de Walfer Bicherdeeg responsabel ass.
    5 min
  • Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis 2023
    All Joer organiséiert d’Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren den nationale Buchpräis. D’Editeuren stellen eng Rei vun de Bicher, déi am Laf vum Joer publizéiert goufen, dem Jury vum Buchpräis zur Verfügung, deen dann eng Shortlëscht an dräi Kategorien zesummestellen.
    Dëst Joer sinn folgend Bicher Favoritte fir de Buchpräis:
    Kategorie Literatur:
    1. Claudine Muno . Dëst ass net däi Liewen – Op der Lay
    2. Antoine Pohu – Parfois la nuit se tait – Capybarabooks
    3. Luc François – Wasserstand – Kremart
    4. Kerstin Medinger – le départ –Éditions Phi
    5. Guy Rewenig – Schnatt – Éditions Guy Binsfeld
    Kategorie Kannerbuch/Jugendbuch
    1. Charlotte Reuter & Lynn Cosyn – D’Rommel Bommel an hir Frënn – Ernster Éditions
    2. Sandra Martins – D’Sasha an de Flint – Eng magesch Melodie – Editions Schortgen
    3. Renée Weber – Dem Louis seng Nues – Op der Lay
    4. Marc Weydert & Marie-Isabelle Callier – Zerknujelt Geschichten – PersPektiv Editions
    5. Anja Di Bartolomeo – Koma 21- Éditions Guy Binsfeld
    Kategorie Sachbuch
    1. Germaine Goetzinger – Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 874-1947 - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur - Éditions Guy Binsfeld
    2. Samuel Hamen & Melitta Schubert – Österreich und Luxemburg im Dialog - Éditions Guy Binsfeld
    3. Josiane Kartheiser – Ärztin ohne Furcht und Tabus _ Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer und ihr Lebenswerk – Éditions Phi
    4. Collectif – Traces, Kufa’s Urban Art Esch –Point nemo Publishing
    5. Michel Pauly – Die Geschichte der Stadt Luxemburg in 99 Objekten - Capybarabooks
    D’Laureatinnen an d’Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis ginn am Kader vun de Walfer Bicherdeeg, de 16. November bekannt ginn.
    7 min
  • Irem - I Love You?
    D’Irem Sosay ass 22 Joer al an als Popsängerin ënnert hirem Virnumm Irem ze fannen. Verflicht ass si beim jonke Musekslabel Beast, an do sinn och de Maz, den Edsun, de Sergio Manique an den Chaild gesignt. Fir d’Produktioun ass ëfters den Turnup Tun zoustänneg. D’Ingredient’en garantéieren also scho bal, dass hei ee professionnellt Resultat um Enn steet, an dat gesait een an der neier Single “I Love You?”. Mee wéi steet et mat de Motivatiounen an de Passioune vun der Kënschtlerin selwer? De Marc Clement aus der Museksredaktioun hat gëscht de Moment ergraff, fir der Irem eemol déi einfachst vun alle Froen ze stellen: Wien ass Irem? Mir lauschteren eran.
    3 min
  • Een Tuer a fënnef Plazen
    De Weekend vum 10. op den 12. November ass déi 9. Editioun vun der Luxembourg Art Week. Am Virfeld goufen, wéi fir déi lescht dräi Editiounen, Skulpturen am ëffentleche Raum opgeriicht, woumat och den Ufank vun der Ausstellung markéiert gëtt. Dës Kéier ass et um Atelier Van Lieshout: fënnef Skulpture stinn hei op fënnef verschiddene Plazen, an de Joé Birchen huet fir eis den Tuer gemaach.
    4 min
  • Dem Romain Urhausen seng Steel Lifes
    Mat der Duerstellung vun der “nature morte”, vum “Stillleben”, hu sech Kënschtler zu allen Zäite beschäftegt. Och de Fotograf Romain Urhausen. Allerdéngs si seng fotografesch Aarbechten zum Theema alles anescht ewéi stëll: et dominéiert d’Beweegung. Dowéinst dréit d’Fotoexpo, déi nach bis dëse Weekend inclus, an der Escher Galerie Schlassgoart gewise gëtt, an zwar als en Homage un den 2021 verstuerwene Rëmmelenger, den Titel “Steel Life”. Dat och, well se an di dräi Voleten “Minetter Streetlife”/ Stolindustrie/ a Fotoexperimenter ënnerdeelt ass. D’Kerstin Thalau am Gespréich mam Curateur Paul Di Felice.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners