Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Léa et la théorie des systèmes complexes
    Nodeems dem Ian De Toffoli säi Stéck "Léa et la théorie des systèmes complexes" zu Limoges uropgeféiert gouf , kann een elo dës Ëmwelt-engagéiert Produktioun, déi ënner der Regie vun der Renelde Pierlot op d‘Bün bruecht gouf, am Kapuziner-Theater gesinn. Muer den Owend (11.10.) ass d‘Première an d‘Valerija Berdi huet mat der Renelde Pierlot an dem Ian de Toffoli iwwer "Léa et la théorie des systèmes complexes" geschwat.
    5 min
  • D'Waasserdréier vum Literaturbetrib
    En Auteur hält sech mat Trivialliteratur iwwer Waasser. D'Personnagë vu senger neier Geschicht verflëssege sech. Dem Luc François säin neie Roman "Wasserstand" (Kremart Edition) ass e bësse méi wéi just e Stuerm am Waasserglas.
    4 min
  • D‘Fotografin Anne Speltz an hir nei Fotoausstellung
    Transitioun, Beweegung an Onsécherheet. Dora befanne sech déi meescht Migranten, déi probéieren iwwer d’Grenze vun der EU ze kommen. Et si Momenter vun Uspanung an Hoffnung, a genee déi ginn an der Ausstellung “I Am Waiting For The Happiness” vun der Fotografin Anne Speltz festgehalen. Dobäi erzielt si eis eppes iwwer d’Plazen, déi si fir de Projet besicht huet.
    4 min
  • "Elena" am Groussen Theater
    Am Groussen Theater gëtt d’Stéck “Elena” nach bis de 6. Oktober gewisen. D’Myriam Muller huet d’Mise en scène gemaach, an d’Valerija Berdi an de Michel Delage hunn d’Stéck gesinn.
    8 min
  • Dat réimescht Lissabon
    Et ass dacks net gewosst, mee déi portugisesch Haaptstad Lissabon war réimesch an dat wärend fënnef Joerhonnerten.
    Déi strategesch Positioun um Atlantik huet dem réimesche Räich vill bedeit. Lissabon war räich an hat vill wichteg Monumenter, mee d’Zäit an Äerdbiewen hu villes verschwanne gedoen.
    D'Marie-Line Darcy seet eis méi iwwer dat réimescht Lissabon.
    4 min
  • D'Wuert vun der Woch "Theater"
    All Woch pickt de Jean Portante sech e Wuert eraus an erkläert eis dann Etymologie dovun. Dës Kéier ass et d‘Wuert "Theater“, dat de Jean Portante am Gespréich mam Pit Walté auserneen hëlt.
    9 min
  • D'Margret Steckel, Laureatin vum Batty Weber-Präis
    Margret Steckel heescht d’Laureatin vum Batty Weber Präis 2023. De Mëttwoch Owend krut d’Autorin hir Auszeechnung fir hiert Liewenswierk am Nationale Literaturarchiv iwwerreecht. D’Valerija Berdi mat enger Zesummefaassung vun dëser zeremonieller Veranstaltung
    4 min
  • Klangkonscht op der Nuit des musées
    De 14. Oktober ass nees d'Nuit des musées. Kléngt gutt? Jo, Klang wäert deen Owend och eng wichteg Roll spillen. De Kënschtler- an Humanwëssenschaftler-Kollektiv “Mnemozine” schafft un enger Klanginstallatioun, déi d'Visiteuren duerch de ganze Sous-Sol, also d’Katakomben, vum Casino féieren. Bei den Terme “Soundart” a “Kënschtlerkollektiv” kréie Verschiddener vun Iech gro Hoer? Dat wëlle mir verhënneren! D’Kerstin Thalau huet mam Max Gindt, ee vun de Soundtüftler vu Mnemozine, geschwat, a versicht Iech d’Klangkonscht ouni grouss Definitiounen a Philosophien, a véier Deeler méi nozebréngen.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners