Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Margret Steckel
    Margret Steckel, Joergang 1934, huet de Faschismus an Zweete Weltkrich erlieft, ass an der Diktatur vun der DDR grouss ginn, fir dann iwwer Berlin a München, en Deel vun hirem Liewen an Irland, an England a schlussendlech zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Si ass Dolmetscherin an Iwwersetzerin, zanter 1962 schreift si Erzielungen. 1992 gewënnt si den Nationale Literaturconcours, 1997 gëtt hir de Prix Servais iwwerreecht fir hir Erzielung "Der Letzte vom Bayrischen Platz". Den historesche Kontext ass a ville vun hire Schrëften ze fannen, net fir d’lescht am Roman “Servais”, eng Saga iwwer d’Mierscher Servais-Famill. 2023 gouf d‘Margret Steckel mam Nationale Batty-Weber-Präis fir hiert Gesamtwierk geéiert. Ier elo déi nei literaresch Auszeechnunge fir 2024 kommen, wollte mir d‘Margret Steckel nach emol zu Wuert komme loossen.
    9 min
  • Highlights vun der Literatur 2023: de Servais-Präis fir de Jérôme Quiqueret
    Eng Koppel gëtt doheem ermuert. Korrupt Flicken. Ideologesch Kämpf a Politik a Press. An der Aarbechterstad Esch ëm 1910. An alles richteg geschitt! An alles literaresch esou iwwerzeegend verschafft, datt de Journalist an Auteur Jérôme Quiqueret fir säi Buch "Tout devait disparaître. Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910" mam Servais-Präis 2023 ausgezeechent gi war. Dorunner wëlle mir hei nach emol erënneren, dowéinst proposéiere mir Iech elo en Extrait aus dem Gespréich vum Michel Delage mam Jérôme Quiqueret.
    7 min
  • Am Mäerz 2023 huet eis déi eenzegaarteg Poetin Anise Koltz, mat 94 Joer, verlooss
    Servais-Präis, Batty-Weber-Präis, Lëtzebuerger Buch-Präis: mam Valerija Berdi kucke mir op déi literaresch Highlights vun 2023 zeréck. Also mat enger Kulturjournalist:in op d’Laureat:innen an hir Wierker, well ausser beim Servais-Präis stoungen 2023 Fraen, déi schreiwen, an der éischter Rei. Mee éier mir si feieren, wëllt d’Valerija Berdi un eng eenzegaarteg Poetin mat enger eenzegaarteger Stëmm erënneren.
    8 min
  • Konscht am Musée net méi just als Endresultat
    D’Mudam-Directrice Bettina Steinbrügge huet sech virgeholl, zäitgenëssesch Konscht méi lieweg ze presentéieren an dowéinst Kënschtlerkollektiver invitéiert, den éischte Stack vum Musée bis de 14. Januar an en experimentelle Konschtlabo ze verwandelen. Mat dobäi: Mnemozine, e Grupp vu jonke Kënschtler:innen, Soundtüftler, Humanwëssenschaftler, déi versichen, mat den Acquisen aus der Technologie, der Wëssenschaft an der Konscht Neies ze kreéieren. Bis ewell hu si vill virtuell funktionéiert, am Mudam sech du méi mat der Editioun vun engem Magazine beschäftegt. D’Kerstin Thalau huet mat de Kënschtler Lynn Klemmer a Charles Rouleau vu Mnemozine no zwou Woche Bilan gezunn.
    5 min
  • Wéi de Lëtzebuerger Kënschtler:innekollektiv d'Aktioun The Collective Lab erlieft huet
    D’Mudam-Directrice Bettina Steinbrügge huet sech virgeholl, zäitgenëssesch Konscht méi lieweg ze presentéieren an dowéinst sechs Kënschtlerkollektiver aus sechs europäesche Stied invitéiert, den éischte Stack vum Musée bis de 14. Januar an en experimentelle Konschtlabo ze verwandelen. Mat dobäi vu Lëtzebuerg: Mnemozine, e Grupp vu jonke Kënschtler:innen, Soundtüftler, Humanwëssenschaftler, déi versichen, mat den Acquisen aus der Technologie, der Wëssenschaft an der Konscht Neies ze kreéieren. Bis ewell hu si vill virtuell funktionéiert, am Mudam sech du méi mat der Editioun vun engem Magazine beschäftegt. D’Kerstin Thalau huet mat de Kënschtler Lynn Klemmer a Charles Rouleau vu Mnemozine no zwou Woche Bilan gezunn.
    21 min
  • Zirkus meets klassesch Musek
    D‘Rotondë proposéieren dacks kulturelle Programm, wann aner Haiser Paus hunn, esou zum Beispill am Summer mat de Congés annulés. An och tëschent Chrëschtdag an Neijoerschdag gëtt mat "Reclaim“ muer an iwwermuer e ganz ongewéinleche Spektakel gebueden, deen Zirkus a klassesch Musek matenee verbënnt. Eng Kombinatioun also, déi een net dacks erlieft. D‘Laura Graser vun de Rotondë mécht eis virwëtzeg.
    3 min
  • Leen - Dear Desire
    Am Mäerz bréngt déi lëtzebuergesch Indie-Rock-Band Leen en neien Album eraus. Dat éischt Resultat vun de Sessiounen, déi rezent mam Produzent Charel Stolz opgeholl goufen ass elo dobaussen, fir Appetit ze maachen. D‘Single "Dear Desire" an Anekdoten aus dem Studio stinn um Programm. An déi wichteg Fro: Wéi fänkt ee sech erëm an, wann d'Passioun ee bis verlooss huet? De Marc Clement huet sech mam Frontmann Jimmy Leen ënnerhalen.
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners