Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Bei dem eelsten a gréisste Champignon vum Land
    Geopoesie a Praxis ëmsetzen? Dat mécht de Paleontolog a Schrëftsteller Robert Weis, wann hien dobaussen ënnerwee ass. De Joé Birchen war mat him an den Naturpark Mëllerdall, wou si allebéid Impressioune vun enger besonnescher Plaz gesammelt hunn. Een Abléck an eng geopoeetesch Rees
    8 min
  • Indesch Postkaarte vum Guy Helminger - Mam Sanjay ënnerwee
    De Schrëftsteller Guy Helminger ass mat sengem Chauffeur Sanjay ënnerwee duerch Rajasthan an op der Sich no Gléck. Bei esou ville Gottheeten a Méiglechkeeten, ëm hir Gonscht ze biedelen, schéint dat eng liicht Aufgab ze sinn. Mee net all Affer-Ritual gëtt belount. Heiansdo stellt sech d‘Liewen einfach queesch.
    6 min
  • Faby Schintgen - Blaustufen
    "Blaustufen“ heescht den Debutroman vun der Faby Schintgen, deen Op der Lay erauskoum. Erzielt gëtt hei d‘Geschicht vun enger Fra, déi vun hirem Liewen als Mamm an Hausfra iwwerfuerdert ass. D‘Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.
    4 min
  • Beethovens Geist am TNL
    D’lescht Woch gouf am Theatre National mol eng Kéier keen Theaterstéck gewisen. "Beethovens Geist" heescht d’Virféierung vum Yann Tonnar a Jean Muller. Et handelt sech heibäi souwuel ëm d’Virstellung vum Kuerzfilm "Beethovens Geist" an ëm ee live Pianosconcert vum Jean Muller. Dem Nicolas Calmes no war et een Owend ouni Pretentioun, mee vill Devotioun.
    4 min
  • Reset Jazz Festival
    De Reset Festival ass ee vun deene spannendste Jazz-Rendez-vousen am Land, all Januar an der Abtei Neimënster. Fir dës siwenten Editioun vum wanterlechen Jazzfestival huet d’Abtei hir Invitatioun un de Komponist a Vibrafonist Pascal Schumacher erneiert, fir d'Roll vum musikalesche Curateur ze iwwerhuelen. Aacht Rising Stars an etabléiert Nimm, aus aacht Länner, der Belsch, Frankräich, Däitschland, Finnland, Japan, Dänemark a Groussbritannien, véier Männer a véier Frae gi begleet vum Lëtzebuerger Kontrabassist Marc Demuth an deele fir e puer Deeg d’Residenz am Neimënster.
    Vum 18.-20.1. kënnt Dir kënnt d’Resultat vun hirem Austausch wärend dräi aussergewéinlechen Owender materliewen. De Marc Clement war an déi lescht Prouwe lauschteren a krut vun der franséischer Klarinettistin Elodie Pasquier bestätegt, datt dat zesummeschweesst an enger Woch esou vill nei Musek ze maachen.
    5 min
  • Yuletide Dreams an der CeCil’s Box
    Bis Liichtmëssdag dauert et nach. Wie bréngt eis an der Tëschenzäit Freed a Liicht? Eventuell d’Alexandra Uppman. Déi lëtzebuergesch-finnesch Kënschtlerin a Grafikerin huet sech hir Gedanken zu “däischterer Zäit” a “Luucht” gemaach a se kënschtleresch ëmgesat. Hiert Wierk “Yuletide Dreams“ gëtt aktuell an der CeCil’s Box vum Cercle Cité presentéiert. D’Ausstellungsplaz soll Kënschtler zu Experimenter motivéieren, dem Nicolas Calmes no ass dat leider déi Kéier gescheitert.
    4 min
  • radio 100,7 um Eurosonic Showcase Festival
    Haut (17.1.) leeft zu Groningen ee vun de wichtegste Showcase Museksfestival an Europa un. Déi nächst véier Deeg treffen am Norde vun Holland ronn dräihonnert frësch europäesch Musekstalenter op ronn véierdausend Professioneller aus der Museksbranche. Dat mat der Hoffnung nei Kontrakter ze ënnerschreiwen, op wichteg Festivaller gebucht ze ginn oder och einfach “the next big thing” ze ginn. De Eurosonic Museksfestival ass och staark mam radio 100,7 verbonnen. Den Jamie Reinert am Gespréich mam Simon Larosche.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners