Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • CAL - Expo Printemps 2024
    Pénktlech zum Fréijoersufank invitéiert de Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) dëse Weekend an déi nächst Woch op seng Fréijoersexpo am Tramsschapp. Nieft enger Rei Membere vum Cercle Artistique stellen och wéi gewinnt eng sëlleg Gaaschtkënschtler mat aus. D’Expo ass dës Woch am Opbau, an de Joé Birchen huet sech ee klengen Abléck um Lampertsbierg verschaaft.
    6 min
  • De Weekend am Theater
    Nieft dem LuxFilmFest gëtt et awer och eng relativ intensiv Theaterakualitéit, déi mir op eisem wéchentleche Rendez-vous beschwätzen. De Jeff Schinker war sech den interaktive Projet "Opera Go", der Myriam Muller hir Molière-Quadrilogie am Centaure a "La question" am TNL ukucken, wärend den Nicolas Calmes "Der Pelikan", dat am Escher Theater leeft, rezenséiert.
    19 min
  • LuxFilmFest (4) Eis Bespriechungen um aachte Festivaldag
    Esou lues steiere mir op den Enn vum Festival zou: Um aachte Festivaldag beschwätzen de Michel Delage an de Jeff Schinker dee loufoquen "Hoard" vun der Luna Carmoon aus dem Fiktiouns-Concours an "Hollywoodgate" vum Ibrahim Nash'at - ee Film aus der Compétition documentaire, dee mat Hollywoodkino wéineg, dofir awer vill mat de Sequellë vun US-amerikanescher Aussepolitik ze dinn huet.
    19 min
  • Rozafa Elshan an Daniel Wagener am CNA
    Déi zwee Laureate vum Luxembourg Photography Award Rozafa Elshan an Daniel Wagener stellen den Ament am Centre National de l’Audiovisuel zu Diddeleng (CNA) hiert Wierk aus. An dat an zwou separaten Expoen. Dat eent Wierk ass an enger Residence zu Arles entstanen, dat anert gouf d’lescht Joer op de Rencontres de la Photographie d’Arles presentéiert. Wéi koum et dozou? A wat erwaart de Visiteur genee am CNA?
    5 min
  • In The Atlas mat neier Single a Video
    In The Atlas sinn eng lëtzebuergesch Indie Pop Rock Band. Et gi si zanter November 2016. Musek fir ze dreeme maache si zesummen: de Marc Holstein, Sänger a Gittarist, Stephen De Ron op der Gittar an Effekter de Bassist Joe Blitgen an de Luc Weydert op den Drums. Dräi vun hinne si bei eis am Studio, fir iwwer hir nei Single “Lucy” ze schwätzen, an déi mir kuerz eralauschteren.
    9 min
  • Rozafa Elshan an Daniel Wagener am CNA
    Déi zwee Laureate vum Luxembourg Photography Award Rozafa Elshan an Daniel Wagener stellen den Ament am Centre National de l’Audiovisuel zu Diddeleng (CNA) hiert Wierk aus. An dat an zwou separaten Expoen. Dat eent Wierk ass an enger Residence zu Arles entstanen, dat anert gouf d’lescht Joer op de Rencontres de la Photographie d’Arles presentéiert. Wéi koum et dozou? A wat erwaart de Visiteur genee am CNA?
    5 min
  • LuxFilmFest (4) "Terrestrial Verses" an "Embodied Chorus"
    Um siwente Festivaldag beschwätzen de Michel Delage an de Jeff Schinker déi zwou lëtzebuergesch Koproduktiounen "Terrestrial Verses" vun Ali Asgari an Alireza Khatami an "Embodied Chorus" vun der Danielle Davie an dem Mohamed Sabbah - zwee Filmer, déi an hire jeeweilege Kompetitiounen zu deene bessere Bäiträg gehéieren.
    16 min
  • Den Nils Frahm an der Philharmonie
    Fënnef Joer sinn et hier, datt den Nils Frahm an der Philharmonie war, fënnef Joer, an deene villes - ënner anerem eng Pandemie - passéiert ass. Matten am kulturelle Gewulls vum LuxFilmFest an enger Hellewull un Theaterpremièren huet de Jeff Schinker versicht, sech de Concert unzelauschteren - a wier bal gescheitert.
    12 min
  • Albumbespriechung: Everything, Everything - Mountainhead
    Everything, Everything sinn d'Rockband vum Moment, an esouville Sënner. Hire Stil fänkt do un, wou Coldplay opgehalen hunn, d'Gittaren aus hirer Musek ze verbannen, a konzentréiert sech op dat Elektronescht op där neister Plack vum Quartett. Et ass ee Konzeptalbum, deen ënner dem Titel "Mountainhead" dës Geschicht retracéiert: An enger fiktiver Welt ass eng Gesellschaft ganz domat beschäftegt, e grousse Bierg opzeriichten. DenTwist an der Geschicht ass, datt si dofir ee geneesou grousst Lach mussegruewen. D'Prämiss ass eng contraignant Nullzomm, déi net muss stëmmen, fireng Gesellschaft ze ënnersichen, an där d'Schéier tëschent aarm a räich méi grouss gëtt a Muechtverhältnesser ausser Kontroll geroden.
    13 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners