Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Shortlëscht vum Prix Servais 2024
    Samuel Hamen, Chris Lauer, Isabelle Marinov, Jemp Schuster a Margret Steckel heeschen d‘Kandidaten an d’Kandidatinne fir de Servais-Präis 2024. Dës Shortlëscht, déi d‘Fondatioun Servais gëschter publizéiert huet, hate mir Iech scho presentéiert. D‘Valerija Berdi huet mam President vum Jury vum Servais-Präis, dem Sebastian Thiltges geschwat, fir méi Detailer iwwer d‘Prozedur vun dësem Literaturpräis gewuer ze ginn.
    Enn Abrëll gi mir gewuer, wéi e Buch dëst Joer mam Servais-Präis ausgezeechent gëtt. E Präis, bei deem d‘Autorin oder den Auteur mat 7.500 Euro belount gëtt. Am Virfeld ginn awer nach den 23. Abrëll am Nationale Literaturarchiv déi fënnef selektionéiert Bicher virgestallt:
    - Dem Samuel Hamen säi Roman “Wie die Fliegen“, deen am Zürecher Diaphanes-Verlag erauskoum
    - Der Chris Lauer hir Gedichter “Gut verräumte Sternschnuppe“ aus dem éisträichesche Limbus Verlag
    - D’Novell “Boy Underground” vun der Isabelle Marinov - Leicester, Sweet Cherry Publishing
    - De Jemp Schuster mat sengem Roman “Béischten“, zu Lëtzebuerg bei Kremart Edition erauskoum
    - An der Margret Steckel hir Novell “Mutterrache“, publizéiert bei capybarabooks
    11 min
  • De Paul Celan an de Jean Portante
    "Rayons de nuit“ heescht dat rezent Wierk vum Jean Portante, dat am Verlag "Le Castor Astral“ erauskoum. Hei huet de Lëtzebuerger Schrëftsteller eng Rei ausgewielte Gedichter vum Paul Celan an d‘Franséischt iwwerdroen.
    D'Valerija Berdi hat mam Jean Portante iwwer dës Aarbecht an eiser Literaturemissioun Déi wonnerbar VaLibrairie geschwat, Mir lauschteren en Extrait aus dësem Gespréich. Muer (26.3.) ginn am TNL net just d'Gedichter vum Celan gelies: ënner dem Titel "Sous la nuit, la nuit" gëtt ee ganzen Owend dem Celan sengem Wierk a senger Persoun dediéiert.
    17 min
  • Perfekt onperfekt
    Eng Plack, op där souguer d‘Loft am Opnamestudio zum Instrument gëtt - dat ass "Bright Future“, deen neie Solo-Album vun der Big-Thief-Frontfra Adrienne Lenker.
    9 min
  • Kulturagenda
    Dem Molière säi L’avare op Lëtzebuergesch; eng multidisziplinär Performance am Cercle Cité; eng nei Ausstellung vum Eric Mangen; Gebuertsdagsopféiereunge vun der Gauthier Dance Trupp am Groussen Theater: Dat sinn d’Kulturevenementer vun dëser Woch. Presentéiert vum Nicolas Calmes.
    6 min
  • Endkampf am Schneidetisch
    No dem klamaukege "Café Terminus" adaptéiert de Frank Hoffmann dem Albert Ostermaier säin donkel-zyneschen "Stahltier. Ein Exorzismus" - a retracéiert mat de Mëttele vum Theater déi geluede Renconter tëschent der Regisseurin Leni Riefenstahl an dem Reichspropagandaleiter Joseph Goebbels. De Jeff Schinker war sech d’Stéck, dat nach haut a muer (23. a 24.3.) leeft, ukucken.
    7 min
  • De Weekend am Theater
    Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker waren nees am Theater - a vermëttelen hir Andréck zu der Sara Goerres hirer Regieaarbecht "Die Katze Eleonore" an dem Frank Hoffmann seng Inzenéierung vum Albert Ostermaier sengem donkel-zyneschem "Stahltier. Ein Exorzismus". An deem enge Stéck entscheet eng Fra, ee Kazeliewen ze féieren, an deem anere streide sech de Reichspropagandaminister Goebbels an d'Regisseurin Reifenstahl iwwer de geniale Willy Zielke. An e kuerzen Ausbléck op de Weekend verréit, wisou een op kee Fall dem Julien Gosselin säin "Extinction" dierf verpassen.
    18 min
  • Them Lights am Interview
    Dräi Joer laang huet de Lëtzebuerger Museker, Produzent a Luucht-Designer Sacha Hanlet, alias Them Lights, am Kader vun enger Residenz an der Escher Kulturfabrik u sengen artistesche Projete konnte schaffen an dës weiderentwéckelen. Elo kënnt dës produktiv Zäit op en Enn, an d’Resultat kann een engersäits op enger EP lauschteren, déi haut erauskënnt, awer och e Concert ass geplangt, bei deem een entdecke kann, wéi dat Ganzt live ëmgesat gëtt.
    25 min
  • "Le Ciel ouvert" vum Nicolas Mathieu
    An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire vum Januar - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass.
    Am véierte Bäitrag beschwätzt hien "Le Ciel ouvert" vum Nicolas Mathieu a verréit, wisou dem Goncourt-Präisträger seng éischt Excursioun an d'Autofiktioun nëmme plazeweis geléngt.
    9 min
  • Interview mam Julien Hübsch
    Hutt Dir Iech jeemools beim Spadséiere gefillt, wéi wann Dir wéilt d’Ambulanz ruffen? De Julien Hübsch an d’Nina Bodry sinn zesumme Sheebaba. Deen een, Nowuesstalent an der zäitgenëssescher Konscht, ee Kader, an deem hie seng eegen Installatiounen an aner Wierker ausstellt - déi aner, d’Bandkolleegin vun de Choppy Bumpy Peaches, musikalesch Inspiratioun vun der éischter Stonn. No “bruit”, engem éischten EP, dee mat Filmreferenzen an New-Wave-Popkultur-Referenzen opgetrompt huet, kënnt elo “Radau”, eng nei Scheif, op där Sheebaba an hire Kompositiounen och hir Idoler, a sech selwer coveren. Virwëlzeg? No engem klenge Gespréich läit déi éischt Single aus dem neien EP op, “ambulanz”, mee fir d’éischt steet de Julien Hübsch dem Marc Clement Ried an Äntwert.
    14 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners