Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Dana Grigorcea am Gespréich
    Hutt Dir Iech scho Gedanken driwwer gemaach, wéi vill e Villche beim Fléie weit? Déi Schwäizer-Rumänesch Schrëftstellerin Dana Grigorcea huet e Roman mat Titel „ Das Gewicht eines Vogels beim Fliegen“ am Penguin-Verlag erausbruecht. Do geet et awer manner ëm d‘Gewiicht, dofir méi ëm d‘Bedeitung vun der Konscht, vun der Fräiheet an ëm Léift. D‘Valerija Berdi war der origineller Schrëftstellerin op der Leipziger Buchmese begéint an huet mat hir iwwer dëst Buch geschwat.
    13 min
  • "Komplexifiéieren amplaz ze vereinfachen" Am Gespréich mat der Valérie Quilez an der Diane Tobes
    Haut ass déi offiziell Erëffnung vum Lëtzebuerger Pavillon, an deem an den nächste Méint véier Kënschtler:innen eng Residenz hunn an de Pavillon duerno mat hire Performance bespillen. Éiert eis Interview-Serie mat de verschiddene Kënschtler:inne lass geet, huet de Jeff Schinker sech mat der Valérie Quilez an der Diane Tobes ënnerhalen an den Duo un der Spëtzt vu Kultur: LX, dem Lëtzebuerger Arts Council, deen ab dësem Joer zesumme mam MUDAM de Lëtzebuerger Pavillon koproduzéiert, iwwert dës éischt Konschtbiennale-Experienz ausgefrot.
    8 min
  • Andréck vun engem virwëtzege Reesenden
    Poetesch-witzeg Momenter, onheemlech Situatiounen, glécklech Zoufäll... A senger Textsammlung "A Pint of fish fingers. Tales of a wonderer" (Black Fountain Press) faasst de Robbie Martzen Reesandréck aus engem Liewen, hannert deene méi stécht, wéi ee mengt, zesummen.
    12 min
  • Fest vum Buch ze Beetebuerg
    Fréijoer bedeit ze Beetebuerg net just Bléien a Blummen, mee och datt et Zäit ass, d‘Literatur ze feieren. Literatour heescht de Festival, dee vum 19. bis den 28. Abrëll net just mat Literatur, mee och mat Theater, Konscht a Musek de grousse Public begeeschtere wëll. Fir iwwer dëse Festival ze schwätzen, war de Patrick Hurt vun der Gemeng Beetebuerg gëschter eisen Invité an der Emissioun „Kultur um 5“. Mir lauschteren elo en Extrait, wou de Patrick Hurt iwwer den 21. Abrëll schwätzt, deen Dag ass nämlech „Fest vum Buch“ ze Hunchereng am Kulturhaus.
    All Informatioune sinn op der Säit literatour.lu ze fannen
    4 min
  • Muer ass déi offiziell Erëffnung vun "A Comparative Dialogue Act", dem Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg, déi de politesch chargéierten Titel "Stranieri Ovunque", also "Strangers Everywhere" dréit. E Message vun Toleranz an donkelen Zäiten, deen och am multidisziplinären an internationale Lëtzebuerger Pavillon resonnéiert. Do kräizen sech nämlech d'Nationalitéiten a Konschtforme: Den Andrea Mancini, och nach als Cleveland bekannt, huet zesumme mam Kënschtlerkollektiv Every Island a mat der Mudam-Curatrice Joel Valabrega ee Pavillon konzipéiert, deen no an no vu véier Kënschtler:inne bespillt gëtt. Dofir ass "A Collective Dialogue Act" scho vum Konschtmagasinn "Frieze" schonn als ee vun de kuckenswäerte Pavillone gewielt ginn. De Jeff Schinker ass den Ablack zu Venedeg, huet de Pavillon an déi éischt Performance vun der Kënschtlerin Selin Davasse gesinn a sech mam Andrea Mancini an dem Kollektiv Every Island ënnerhalen.
    10 min
  • Literatour ze Beetebuerg
    Fréijoer bedeit ze Beetebuerg net just Bléien a Blummen, mee och datt et Zäit ass, d‘Literatur ze feieren. Literatour heescht de Festival, dee vum 19. bis den 28. Abrëll net just mat Literatur, mee och mat Theater, Konscht a Musek de grousse Public begeeschtere wëll. Fir iwwer dëse Festival ze schwätzen, ass haut de Patrick Hurt vun der Gemeng Beetebuerg eisen Invité.
    20 min
  • D'Hierarchie vun der Trauer
    Scho mat sengem éischten, 2006 verëffentlechte Roman “Oben ist es still” (esou den Titel vun der däitscher Iwwersetzung), hat sech den hollänneschen Auteur Gerbrand Bakker international en Numm gemaach.
    Deen aktuelle Roman vum geléierte Gäertner, Literatur- a Sproochwëssenschaftler, deen op engem Bauerenhaff opgewuess ass an elo tëschent Amsterdam an der Eifel lieft, heescht “Der Sohn des Friseurs” (Surkamp Verlag). D’Buch behandelt eng atypeschen Trauer a Bezuch op dat schrot Fluchongléck 1977 op der kanarescher Insel Tenerife.
    De Michel Delage huet op der rezenter Leipziger Buchmesse mam Gerbrand Bakker geschwat.
    18 min
  • Nei Concerten am Atelier
    Billjeeën zu Lëtzebuerg si mëttlerweil séier ausverkaf an et ass Zäit, no vir ze kucken. De Marc Clement war ënnerwee, fir eis déi nei Annoncë mat op de Wee ze ginn.
    10 min
  • "Le Ciel ouvert" vum Nicolas Mathieu
    An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker all Woch ee vun de Favoritte vun der leschter franséischer Rentrée littéraire - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass.
    An dësem Bäitrag beschwätzt hien "Le Ciel ouvert" vum Nicolas Mathieu a verréit, wisou dem Goncourt-Präisträger seng éischt Excursioun an d'Autofiktioun nëmme plazeweis geléngt.
    1 min
  • Kulturagenda
    Op sengem wëchentleche Rendez-vous féiert den Nicolas Calmes eis duerch eng eklektesch Kulturwoch vum Zauberer David Goldrake iwwer LiteraTour 2024 zu Beetebuerg, de W.I.P an der Kufa bis zu engem Stéck iwwer den Anorexie-Doud vun der Karen Carpenter am Kapuzinertheater ass vu liichter Ënnerhalung bis zu méi donkelen Theeme fir jiddwereen eppes dobäi.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners