Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg
    De Lëtzebuerger Pavillon an der Sale d'Armi vum Arsenale ass dëst Joer net just immens international opgestallt - et mécht esou guer Sënn, e reegelméisseg kucken ze goen, well vun Abrëll bis September véier Kënschtler:innen am vun der Joel Valabrega kuratéierten a vum Andrea Mancini an dem Kollektiv Every Island konzeptualiséierte Pavillon Residenzen hunn. Wärend deene Residenzen experimentéiere se mat enger Sound-Bibliothéik, zesummegestallt vun eegenen, ma och Kläng vun den dräi anere Kënschtler:innen, a stellen duerno d'Resultat am Kader vu Performance vir. Wat mer grad héieren hunn ass en Extrait aus der Performance vun der tierkescher Kënschtlerin Selin Davasse. De Jeff Schinker war zu Venedeg an huet sech mat hir ënnerhalen.
    14 min
  • De Slash, a Lëtzebuergeschen Hard-Rock an der Rockhal
    Als Member vun der Lëtzebuerger Hard-Rock-Band Porn Queen ass de Lucas Ferraz mat sengem Idol Slash zu Rio de Janeiro opgetrueden. Den Owend spillt den ex-Guns‘n‘Roses-Gittarist mat senger Band Myles Kennedy The Conspirators an der Rockhal, an de Lucas Ferraz ass déi Kéier Solo als Oppener mat dobäi. De Marc Clement huet mam Gittarist iwwer den Optrëtt vun haut geschwat, deen Emotiounen an Erënnerungen héich komme léisst.
    5 min
  • Lëtzebuerger Literatur am Ausland
    Lëtzebuerger Editiounshaiser, Autorinnen an Auteure sinn ëmmer méi present op auslännesche Bicherfoiren. Dofir ass  KulturLX, de Lëtzebuerger Arts Coucil zoustänneg, dee sech fir d‘Promotioun vun der Lëtzebuerg Kultur am Ausland engagéiert. D'Presenz op auslännesche Bicherfoiren, Iwwersetzungen, Residenze vun Autorinnen an Auteuren am Ausland an d'Ausschaffe vu Strategië fir d'Buchwiese sinn Deel vum Departement Literatur an Edition. De Brian Bailey ass bei KulturLX fir dësen Departement responsabel an d'Valerija Berdi huet mat him iwwer seng Aarbecht am Déngscht vum Buch geschwat.
    17 min
  • Fun! Mam OCL
    Dëse Sonnden (28.04) gëtt et am Kammermusekssall vun der Philharmonie e ganz ... witzege Concert. Den Orchestre de Chambre du Luxembourg spillt de Sonnden e Concert ënner dem Motto "Fun!" an der Philharmonie. Um Programm sti Stécker aus puer Joerhonnerte Kammermusek. D'Prouwe vum OCL sinn zanter der leschter Rentrée am Auditorium vun der International School of Luxembourg. D'Corinna Niemeyer, Dirigentin vum OCL, an de Benjamin Kruithof, Cellist an éischte Gewënner vum Präis Anne & Francoise Groben, hu mam Marie Trussart doriwwer geschwat, wat de Public den Owend erwaart an erziele wéi et ass, den Auditoire vum ISL als Proufsall ze benotzen.
    6 min
  • Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa
    3 Joer laang war de Sacha Hanlet „Artist in Residence“ an der Kulturfabrik, ënner Anerem fir säin R&B Projet Them Lights opzestellen. Elo ass d‘Aarbecht gemaach a gefeiert gëtt se mat engem Concert an der Kulrturfabrik de kommenden Dënschden, bei deem nieft dem Material vun der rezenter EP DRK och ganz nei Musek presentéiert gëtt. De Marc Clement huet sech mam Sacha Hanlet, esouzesoen ënner ale Musekerkolleegen, ënnerhalen.
    5 min
  • De Slash, a Lëtzebuergeschen Hard-Rock, an der Rockhal
    Als Member vun der Lëtzebuerger Hard-Rock-Band Porn Queen ass de Lucas Ferraz mat sengem Idol Slash zu Rio de Janeiro opgetrueden. De Freiden den Owend spillt den ex-Guns‘n‘Roses-Gittarist mat senger Band Myles Kennedy The Conspirators am Main Hall vun der Rockhal, an de Lucas ass déi Kéier Solo als Opener mat dobäi. De Marc Clement huet mam Gittarist iwwer den Optrëtt vun de Freide geschwat, deen Emotiounen an Erënnerungen héich kommen deet.
    6 min
  • Not to be messed with
    Déi kleng Festivaller heefen sech zu Lëtzebuerg – e gutt Zeechen, dass d’Pandemie esou lues iwwerstanen ass an dass et och ee Renouveau an der Zeen gëtt. Nieft Festivaller, déi sech mëttlerweil een Numm gemaach hunn an net méi ewech ze denke si wéi de Siren’s Call oder de Koll an Aktioun gouf et an de leschte Joren awer och e puer nei Rendez-vousen wéi de Culture Forest Festival oder eben de Messtival, ëm deen et haut soll goen. De Julien Primout bekannt als Sänger vun Everwaiting Serenade a Freshdax, huet virun e puer Joer zu Reckeng op der Mess de Messtival an d’Liewe geruff. Haut ass hie bei eis am Studio, fir iwwert déi drëtt Oplag vum Festival ze schwätzen – eng Oplag déi mat Nimm wéi Mutiny on the Bounty, Edsun, Maz Univerze and Friendz ee wierklech interessante Line-Up versprécht.
    18 min
  • Wéi d'Martine Schoellen zum Grüffelo koum
    De leschte Sonndeg koum eis Literatursendung „Déi wonnerbar Valibaririe“ live vun Hunchereng. Am Kader vum Beetebuerger Literaturfestival „LiteraTour“ hu mir mat Leit aus der Welt vun der Lëtzebuerger Literatur geschwat. Eng vun eisen Invitéeë war d‘Martine Schoellen. Si huet schonn eng Abberzuel u Kannerbicher aus dem Engleschen iwwersat, déi Bicher si bei Editions Guy Binsfeld erauskomm. D‘Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich mat der Martine Schoellen.
    10 min
  • Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa
    Dräi Joer laang war de Sacha Hanlet „Artist in Residence“ an der Kulturfabrik, ënnert anerem fir säi R&B Projet Them Lights opzestellen. Elo ass d‘Aarbecht gemaach. Gefeiert gëtt se mat engem Concert an der Kulrturfabrik den 30. Abrëll, bei deem nieft dem Material vun der rezenter EP "DRK" och ganz nei Musek presentéiert gëtt. De Marc Clement am Gesperéich mam Sacha Hanlet.
    12 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners