Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Der Dayanita Singh hiren Danzpartner: hir Kamera
    "Documentaire a Portrait": esou gëtt der indescher Fotografin Dayanita Singh hire Stil offiziell bezeechent. Mee do ass nach vill méi an hire schwaarzwäisse Fotoserien ze gesinn a sech virzestellen. Dayanita Singh ass 1961 zu Nei-Delhi gebuer, huet an Indien Design, zu New York Fotografie studéiert. Éischt Opträg am Fotojournalismus hu si net iwwerzeegt. Als Géigereaktioun huet si sech just nach der Fotokonscht gewidmet. Hir Sujete sinn, bis haut, den Danz, den Archiv, mee och d'Disparitioun oder d'Frëndschaft ...an: d'Grenze vun der Fotografie ze deplacéieren.
    "Dancing with my camera" ass hir Foto-Expo am Mudam iwwerschriwwen; a genee do huet d'Kerstin Thalau sech mat der Dayanita Singh ënnerhalen.
    14 min
  • Musek, déi an de Wolleken ass
    Heiansdo ass een einfach zur falscher Zäit op der falscher Plaz. Esou ass et der brittescher Formatioun Slowdive gaangen, déi an den 1990er hir éischt Placken erausbruecht huet an elo no zwanzeg Joer Paus e Comeback feiert. D'Claudine Muno stellt hiren neien Album "Everything Is Alive" vir.
    14 min
  • Eng Legend, déi keng wëllt sinn
    An den 1980er war dem Jean-Jacques Goldman seng Musek bei eise franséischen Noperen an och bei eis quasi omnipresent. Net ëmsoss schwätzt ee vun den "années Goldman". A fir déi Epoch interesséiert sech den Historiker Ivan Jablonka a sengem Essay "Goldman", deen d'Claudine Muno sech duerchgelies huet.
    5 min
  • Dem Batty Weber säin Abreisskalender
    "Et ass schwéier net sentimental ze ginn, wann et ëm de Batty Weber geet", seet d'Anne-Marie Millim, Assistant professor in English Studies op der Lëtzebuerger Uni an aktiv an der Recherche um Gebitt vun der Luxemburgistik. D'Sproochwëssenschaftlerin, déi sech scho laang mam Wierk vum Batty Weber befaasst, hat zesumme mam Sébastian Thiltges am Juni e Colloque iwwer dem Batty Weber säin "Abreisskalender" organiséiert.
    Wat ass dem Weber säin "Abreisskalender"? Wéi eng Bedeitung hunn dem Weber seng Feuilleton-Texter, a wat war de Sënn vun dësem Colloque? Dozou e Bäitrag, zesummegestallt vum Valerija Berdi.
    16 min
  • En Ausfluch an d'Mikro-Geschicht
    Éier een an d'Disco gaangen ass oder an de Club, huet ee sech am Dancing kennegeléiert. Zum Beispill zu Esch op der Grenz, wou dann dacks jonk an al zesummen op live Musek gedanzt hunn. Dat ass dat Fuerschungsgebitt, dat sech d'Laura Steil ausgesicht huet. Am Interview mam Claudine Muno huet déi Lëtzebuerger Anthropologin gezielt, wéi d'Evolutioun vun der Danzmusek hei zu Lëtzebuerg verlaf ass.
    9 min
  • D'Country Road erof an dann direkt riets
    Country-Musek ass e Sujet, deen et an Europa seele bis an d'Noriichte packt. An de leschte Wochen hunn awer direkt zwee Country-Songs fir Polemik gesuergt, an dat iwwer d'Grenze vun de Vereenegte Staaten ewech. D'Claudine Muno faasst zesummen.
    15 min
  • "Les Animaux dans la gravure" an der Villa Vauban
    D'Villa Vauban ass voller Déieren, op d'mannst mol sécher ee Raum dovun. Hei hänken nämlech eng Rei Gravurë vun enger hallwer Dose Kënschtler aus dem 17. an 18. Joerhonnert. Et si ganz exakt Illustratioune vun Déieren déi aus enger Zäit stamen, an där et nach keng Fotografie gouf. De Joé Birchen mat engem Androck vun der Ausstellung
    4 min
  • Ee romanteschen a musikaleschen Duo
    Fir d'éischt waren déi zwee eng Koppel, dunn hu si de musikaleschen Duo Phébus gegrënnt. Rieds geet vun der Hélène Petit an dem Martin Descamps. Si spillt op der Gei, an hien um Marimba. Zwee Instrumenter, déi een net esou dacks zesummen héiert. A grad dat mécht dësen Duo esou besonnesch.
    Dëse Freideg (01.09.) spillen déi zwee hiren éischte Concert hei zu Lëtzebuerg, an der Protestantescher Kierch an der Stad am Kader vun de Concerts de Midi. Um Programm steet ënner anerem och Musek, déi och um Duo sengem neien Album drop ass.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners