Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D'Nowuesstalent Nora Zrika
    D'Nominatioune fir déi Lëtzebuerger Theaterpräisser sinn eraus. D'Schauspillerin Nora Zrika ass eng vun de fënnef nominéierten Nowuesstalenter - dat fir hir Leeschtung am Calle Fuhr sengem Theaterstéck "Gipfelstürmer". De Joé Birchen gëtt vun der Actrice gewuer, wat fir Erausfuerderunge si sech huet misse stellen - an nach villes méi.
    12 min
  • D'Antoinette Reuter verfollegt Hexe konstruktiv
    Dëse Summer rediffuséiere mir all Sonndeg tëschent eelef an zwielef eis RadiOdysseeën. Bei den aktuellen Hexekesseltemperaturen hunn d'Kerstin Thalau an d'Erzielerinne Luisa Bevilacqua plus Betsy Dentzer sech fir d'Episod "good witches/ bad witches" decidéiert. Mat dobäi war am Mee d'Historikerin an Ethnologin Antoinette Reuter, déi viru ronn 45 Joer zu Lyon hir zweet Diplomaarbecht zum Theema kathoulesch Reform a Vollekskultur am Herzogtum Lëtzebuerg ofgeschloss hat.
    D'Kerstin Thalau huet mat der Antoinette Reuter nach emol d'Kapitel Hexeverfolgung opgeschloen.
    18 min
  • Wou kënnt de Qwinn hier?
    Begrëffer wéi "Kuff d'Schmull", "Gampes" oder "Kitten" gehéieren haut zum gängege Sproochgebrauch. Am Fong komme se awer aus dem Jéineschen, enger Zort Geheimsprooch, déi vun Händler geschwat gouf. Muer (23.8.) steet d'Jéinescht am Zentrum vun engem Owend mat Texter a Musek, deen am Haff nieft der Kathedral stattfënnt. D'Claudine Muno huet sech am Virfeld mat den Organisateuren ënnerhalen.
    14 min
  • Zwou Barleby-Delicate-Kollaboratiounen am elektronesche Stil
    Bartleby Delicate geet weider, och wann ENGLBRT grad op Live-Presenz setzen, a Seed To Tree an dräi Wochen eng nei Pack erausbréngen. An der Mëtt heivunner bréngt de Georges Goerens, deen all dës Projete gemeinsam huet, d'Resultater vun zwou musikalesche Renconteren eraus. Déi zwou Singelen si Kollaboratioune mat bayresche Museker, an do wollt de Marc Clement natierlech méi wëssen.
    10 min
  • Trauma, Dram a Poesie
    "Le livre de l'Una" heescht de Roman vum bosnesche Schrëftsteller Faruk Sehic. Hie selwer war Kämpfer am Bosnie-Krich tëschent 1992 a 1995. A sengem Roman erschaaft hien eng Welt, an där d'Natur eng wichteg Roll spillt, wou d'Hypnos Erënnerunge mat Fantasie vermëscht a Poesie a Prosa anenee verschmëlzen.
    D'Valerija Berdi huet mam Faruk Sehic iwwer säi Buch a seng Erliefnisser geschwat. "Le livre de l'Una" koum a franséischer Iwwersetzung bei Editions Agullo eraus.
    8 min
  • Weltoppenheet an Nohaltegkeet
    D'Kolla sinn ee Vollek aus dem Norde vu Chile. U Weltoppenheet an Nohaltegkeet wëllt de Kolla-Festival mat sengem Numm erënneren. Déi éischt Editioun no der Pandemie ass am Park vun der Stad Miersch a bleift de Grondsätz vum Festival a sengen Organisateuren trei. Wéi? Dat verréit d'Marike Breedijk vun der Kolla-Ekipp dem Marc Clement.
    8 min
  • "Keng gutt Iddi, sech op d'Wëssenschaft als Retter ze verloossen"
    E Mann, dee fir eng onbestëmmten Zäit agefruer war, gëtt no enger gréisserer Katastroph nees erwächt. Séier gëtt hie mat enger spezieller Missioun beoptraagt. Dat ass den Ausgankspunkt vun "Immobilité" (Editions Rivages), der franséischer Iwwersetzung vun engem Science-Fiction-Roman vum Amerikaner Brian Evenson.
    Um Festival Etonnants voyageurs, Enn Mee zu Saint-Malo, huet sech de Michel Delage mam fréiere Mormon Brian Evenson ënnerhalen. Mat virop der Fro: ass "Immobilité" an déi "post-apokalyptesch" Literatur ze klasséieren?
    22 min
  • Country, deen aus der Këscht spréngt
    Cory Hanson heescht de Kënschtler, deen den Owend (17.8.) live an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün steet. Et ass e ganz villsäitege Museker, dee mat senger Band Wand Psychedelesches spillt an als Solo-Artist gär emol d'Grenze vum Genre Country sprengt. D'Claudine Muno ass live an de Rotondeë fir mam Cory Hanson viru sengem Optrëtt e Gespréich ze féieren.
    14 min
  • D'Regal "Hisae Ikenaga"
    D'Hisae Ikenaga huet, wéi den Numm et scho suggéréiert, mexikanesch-japanesch Originnen. Si ass 1977 zu Mexico-City gebuer, do och opgewuess, huet duerno Konscht zu Mexico, da Kyoto, Barcelona a Madrid studéiert, éier si, viru knapps zéng Joer, hei an der Groussregioun ukoum. Hir multimedial Installatiounen hunn zu Lëtzebuerg ewell vill Succès; d'Hisae Ikenaga war Laureatin vum Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, si gëtt vun enger Galerie vertrueden, stellt heefeg aus. Momentan presentéiert si, zum Beispill, d'Installatioun "Visceral rack", also emotionaalt Regal, an der Cecil's Box vum Cercle Cité. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Hisae Ikenaga
    11 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners