Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Wann näischt méi geet
    Dëse Summer goufen an der Escher Konschthal, ënner dem Daach, zwee Projectrooms ageweit: fir Konschtprojeten, déi zum Deel bannent enger Residenz am Escher Bridderhaus entstane sinn.
    "Les jeux sont faits. Rien ne va plus" ass eng vun den zwou aktuellen Installatiounen iwwerschriwwen. Eng Dokumentatioun vun der Kënschtlerin Hsia Fei Chang hirer dagdeeglecher Tortur als Croupière an engem Paräisser Casino. D'Hsia Fei Chang koum 1973 a Südkorea op d'Welt, lieft a schafft zanter den 1990er zu Paräis; zanter knapps 20 Joer stellt si och reegelméisseg zu Lëtzebuerg aus. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Performerin
    13 min
  • Ee vun de gréisste franséische Festivallen, virun der Hausdier
    De Cabaret Vert ass ee vun deene gréisste Museksfestivallen a ganz Frankräich. Wéi vill anerer huet en als kleng Rockbün op enger Wiss ugefaangen an ass a 17 Joer zu engem multikulturellen Event mat Comicberäich a masseg Büne gewuess. En ass och guer net wäit ewech vun eis hei, grad emol 140 km bei Charleville-Mézières an den Ardennen.
    Fir ee klengen Iwwerbléck iwwer ee kolossale Line-Up, deen desen DOnneschde lasgepaff gëtt, huet de Marc Clement aus der Museksredaktioun sech mat engem vun de Festivaldirekteren, dem Cédric Cheminaud, ënnerhalen.
    12 min
  • Kennt Dir d'polnescht Gendering?
    Déi däitschsproocheg Schrëftstellerin Ann Cotten fält mat hirer Literatur zimmlech aus der gewinnter Rumm. Hir Texter sinn net ganz einfach ze verstoen, experimentell, fragmentaresch an da kennt och nach en ongewinnt Gendern dra vir. Si schreift Lyrik a Prosa, an hiren Aen ass dës Trennung awer just eppes fir d'Librairen ... D'Valerija Berdi war der Ann Cotten zu Leipzig begéint.
    11 min
  • Tëschent Traditioun, Natur an der Fräiheet vun der grousser Stad
    Haut den Owend (12.8.) steet d'Johanna Kivimägi, alias Hanakiv, am Kader vun de Congés Annulés an de Rotonden op der Bün. Gebierteg kënnt si aus Estland, mëttlerweil lieft si an England a erschaaft do eng ganz eege Musek, an där sech Aflëss vum traditionelle Folk aus hirer Heemecht mat Jazz, Klassik an Electro vermëschen.  Am Interview beim Claudine Muno huet si erzielt, wéi hir Kompositiounen entstinn.
    6 min
  • Eng Nativi-Tale vun der Betsy Dentzer
    Bis d'Rentrée rediffuséiere mir all Sonndeg tëschent eelef an zwielef eis RadiOdysseeën. Da kritt Dir déi mat, déi Dir verpasst hutt, respektiv hutt d'Geleeënheet, déi eng oder aner nach emol ze lauschteren. Schuede kann dat jo näischt: zum Beispill beim Sujet Gebuert. Wéi gëtt déi an der Erzielkonscht thematiséiert? A ginn et Lienen zum Alldag vun enger Hiewan, déi hire Beruff esouwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Senegal ausgeüübt huet? Dat wollten d'Kerstin Thalau an d'Erzielerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer am Fréijoer 2023 erausfannen. Fir Iech anzestëmmen hei eng Geschicht, déi d'Betsy Dentzer am Maroc entdeckt huet.
    7 min
  • Klassesch, net klassesch
    Queer, schwaarz Kënschtler hunn an deene leschte Joren an der Musekszeen esou vill Presenz an Intensitéit bewise wéi nach ni virdrun. Vun Yves Tumor an Tyler the Creator bis Ah-mer-ah-su an Anohni ginn et Perspektiven a Sounds ze entdecken, déi engem am Alldag net esou séier géife begéinen. Als Trans-Mann an urban Musekslegend huet de Beverly Glenn-Copeland all Aen op sech geriicht bei der Release vu senger zanter 1986 drëtter LP. Si heescht "The Ones Ahead", an de Marc Clement huet eragelauschtert.
    9 min
  • Schreiwen als Waff géint de Krich
    Zanter 2011 lieft déi syresch Schrëftstellerin a Journalistin Samar Yazbek am Exil. Weltwäit engagéiert si sech fir d'Rechter vun de Fraen, och an hirer Literatur. D'Valerija Berdi ass der Samar Yazbek um Literaturfestival Etonnants voyageurs begéint.
    12 min
  • De groussen iresche Rockalbum
    Mat hirem zweeten Album "Gigi's Recovery" huet sech déi iresch Band The Murder Capital agereit an d'Lëscht vun de villverspriechendsten neie Rockbands. Den Owend (9.8.) sti si an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün. An d'Claudine Muno huet d'Geleeënheet der Band virun hirem Optrëtt e puer Froen ze stellen.
    8 min
  • déif déif ënnen am Mudam
    Scho virun der Ouverture vum Mudam am Joer 2006 gouf eng Konschtsammlung fir de Pei-Musée opgebaut. Wat sech zanter gutt 25 Joer gedoen huet, kann de Public a reegelméissege Kollektiouns-Ausstellunge gesinn. Allerdéngs, aus Plazgrënn, just e Brochdeel dovunner. Fir déi aktuell Expo "deep deep down" sollt déi komplett Sammlung an hirer Globalitéit intellektuell a physesch gräifbar gemaach ginn.
    D'Kerstin Thalau ass vun der Responsabeler vun der Kollektioun, der Marie-Noëlle Farcy, méi iwwer d'Ëmsetzung vun enger Iddi gewuer ginn.
    13 min
  • Vun der Hochzäitsgesellschaft op déi grouss Bünen
    Als "wedding band", also als Museksgrupp, déi op Hochzäite spillt, huet d'Tuareg-Formatioun Etran de L'Aïr ugefaangen. Mëttlerweil presentéiere si hiren Desert Blues, deen dacks manner blueseg wéi danzbar ass, och op den internationale Concertsbünen. Ënner anerem den Owend an de Rotonden zu Hollerech am Kader vun de Congés annulés. D'Claudine Muno ass op der Plaz an huet d'Band live am Interview.
    11 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners