Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • till tills
    Den Term "Moraine" bezeechent d'Material, dat vun engem Gletscher mat beweegt gëtt; den Depot dovunner heescht op englesch "tills". "Tills": esou huet de Raphaël Lecoquierre och seng Konschtinstallatioun gedeeft, déi hie bis den zéngte September am Casino presentéiert. Ze gesinn ass Stuck un de Maueren, plus geometresch Skulpturen am Raum; béides huet eppes vu pastellem Marber. Mee de franséische Kënschtler, Joergang 1988, deen zu Bréissel lieft a schafft, ass fir eise Mois européen de la photo invitéiert ginn. An tatsächlech si Fotoen d'Basismaterial vun der Aarbecht. D'Kerstin Thalau ass vum Raphaël Lecoquierre méi iwwer säi Making of gewuer ginn.
    13 min
  • Oden un Alles
    Zwou Wochen no der Release vun hirem éischten EP, "Odes To Everything", hunn ENGLBRT hir nei Musek op der Bün vun de Bouneweger Rotondë presentéiert. De Marc Clement huet mam Georges Goerens a mam Niels Engel iwwer de Projet geschwat.
    13 min
  • "Ein Buch ist für mich eine Art Schaufel, mit der ich mich umgrabe"
    Den däitsche Schrëftsteller Martin Walser ass den 28. Juli gestuerwen. Eng Joerhonnertgestalt vun der däitscher Literatur, esou gouf hie bezeechent. Ganz kloer gehéiert de Martin Walser zu de bedeitendste Vertrieder vun der däitscher Nokrichsliteratur. Säi Succès huet awer de Feuilleton ëmmer gespléckt huet. Seng Romaner si ganz villschichteg an ënnerschiddlech, de roude Fuedem ass awer ëmmer de Krich, deen de Mënsch mat sech selwer féiert. De Martin Walser huet och vill Kricher geféiert. Eng Analys vum Valerija Berdi
    Lauschtert och zum Sujet de Retromania.
    22 min
  • Spillen, Ophuelen, an nach eng Kéier ...
    Fënnef Joer war Artaban hir nei Plack an der Maach. Dat läit engersäits um Perfektionismus vu de Gebridder Charel a Max Nilles, déi hanner dem Projet stinn. Anerersäits awer och un hirer Manéier ze schaffen. "Play. Rec. Repeat" ass eng schéi Plack ginn, mat Déift, Groove, a vill Stil fënnt de Marc Clement, dee mat Artaban geschwat huet..
    13 min
  • Fir de Mao op den Everest
    E Chinees huet missten deen éischte Mënsch sinn, deen den Daach vun der Welt iwwer déi tibeetesch Säit géif erreechen. Dat war d'Ambitioun, ufanks den 1960er Joren, vum kommunistesche Regimm ënner dem Mao Tse-tung. De franséischen Aventurier Cédric Gras erzielt dës opwänneg ideologesch Entreprise a sengem Buch "Alpinistes de Mao" (Editions Stock).
    De Michel Delage huet sech Enn Mee um Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo mam Auteur ënnerhalen. Extrait
    4 min
  • Onvergläichlech
    Déi iresch Sängerin Sinead O'Connor ass dëse Mëttwoch, 26.7. gestuerwen. De Marc Clement kuckt zeréck op eng Karriär an e Personnage, dee vu Kampf a Sacrifice gepräägt war. Mat "Nothing Compares to You" als onvergläichlechem Fändel, gewollt oder net.
    10 min
  • Dem Batty Weber säin Abreisskalender
    "Et ass schwéier net sentimental ze ginn, wann et ëm de Batty Weber geet", seet d'Anne-Marie Millim, Assistant professor in English Studies op der Lëtzebuerger Uni an aktiv an der Recherche um Gebitt vun der Luxemburgistik. D'Sproochwëssenschaftlerin, déi sech scho laang mam Wierk vum Batty Weber befaasst, hat zesumme mam Sébastian Thiltges am Juni e Colloque iwwer dem Batty Weber säin "Abreisskalender" organiséiert.
    Wat ass dem Weber säin "Abreisskalender"? Wéi eng Bedeitung hunn dem Weber seng Feuilleton-Texter, a wat war de Sënn vun dësem Colloque? Dozou e Bäitrag, zesummegestallt vum Valerija Berdi.
    15 min
  • Opgepasst, opgepasst: de Quai 15
    D'Ekipp vun de Rotonden ass och dëse Summer fir déijéineg do, déi aus iergendengem Grond am Land bleiwen: an zwar mat hirem Concertscycle Congés annulés; de radio 100,7 ass als Partner mat dobäi. Congé gestrach? Oder: ugestrach! Am Kontext vum Festival kënnt Dir Iech déi Kéier nämlech och kreativ betätegen. "Quai 15" ass net just d'Rotonde-Summer-Expo, mee och eng Aart Konschtatelier fir Kleng a Grouss. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Marc Scozzai, Responsabel fir visuell Konscht an de Rotonden
    5 min
  • Opgepasst, opgepasst: de Quai 15
    D'Ekipp vun de Rotonden ass och dëse Summer fir déijéineg do, déi aus iergendengem Grond am Land bleiwen: an zwar mat hirem Concertscycle Congés annulés; de radio 100,7 ass als Partner mat dobäi. Congé gestrach? Oder: ugestrach! Am Kontext vum Festival kënnt Dir Iech déi Kéier nämlech och kreativ betätegen. "Quai 15" ass net just d'Rotonde-Summer-Expo, mee och eng Aart Konschtatelier fir Kleng a Grouss. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Marc Scozzai, Responsabel fir visuell Konscht an de Rotonden
    14 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners