Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Ee vun de gréisste franséische Festivallen, virun der Hausdier ...
    De Cabaret Vert ass ee vun deene gréisste Museksfestivallen a ganz Frankräich. Wéi vill anerer huet en als kleng Rockbün op enger Wiss ugefaangen an ass a 17 Joer zu engem multikulturellen Event mat Comicberäich a masseg Büne gewuess. En ass och guer net wäit ewech vun eis hei, grad emol 140 km bei Charleville-Mézières an den Ardennen.
    Fir ee klengen Iwwerbléck iwwer ee kolossale Line-Up huet de Marc Clement aus der Museksredaktioun sech mat engem vun de Festivaldirekteren, dem Cédric Cheminaud, ënnerhalen.
    12 min
  • Lutz Seiler - Stern 111
    De Berliner Mauerfall inspiréiert d'Autorinnen an Auteuren an an der Tëschenzäit huet een heiansdo den Androck, et géif een ëmmer dee selwechte Roman liesen. Net esou beim Lutz Seiler, och wann d'Thematik - also d'Wendezeit - net grad originell an innovativ ass, dat wat de Gewënner vum Georg-Büchner-Preis 2023 a sengem Buch "Stern 111" zesummestellt, ass schonn e klengt Wonnerwierk, mengt d'Valerija Berdi.
    4 min
  • Vum Sprongbriet direkt a säin Element
    An de leschte Wochen hu mir hei dacks iwwer de Screaming-Fields-Festival geschwat, deen Nowuess-Museker:innen eng Bün bitt. Eng vun de Gewënnerinnen vum Screaming Fields, allerdéngs vun der Editioun 2021, ass d'Lara Grogan. Si huet d'Sprongbriet genotzt an déi lescht Woch hir nei Single erausbruecht. Am Interview mam Claudine Muno zielt si iwwer hiren neie Song an hir Zukunftspläng.
    12 min
  • Wann aus Mythologie Musek gëtt
    2021 konnt déi jonk Musekerin Lara Grogan beim Screaming-Fields-Festival ee vun den Haaptpräisser gewannen, e Songwriting-Package, fir sech a Saache Komponéieren an Texten nach méi ze verbesseren. Déi lescht Woch huet si hir neiste Single "What Was Mine" virgestallt. Den Owend (18.7.) tëschent 17 an 18 Auer gi Dir méi iwwer deen neien Titel gewuer, hei awer schonn e klengen Extrait aus dem Interview.
    6 min
  • Affaire à suivre: d'Villa Louvigny
    Aus Villa Louvigny am Stater Park soll ee "Lieu de création" ginn. Nodeems de Santésministère ufanks dës Joers erausgeplënnert ass, steet de d'Renovatiounsaarbechten an der Villa Louvigny näischt méi am Wee. Elo huet d'Kulturministesch Sam Tanson virun der Press de Projet virgestallt. D'Sophie Schroeder mat den Detailer
    3 min
  • Eng ganz eege Stëmm
    D'Jane Birkin war eng Ikon vun den 1960er an 1970er an huet e Liewe laang de Repertoire vun hirem eemolege Partner Serge Gainsbourg valoriséiert an interpretéiert. Doriwwer eraus konnt si awer och als Schauspillerin iwwerzeegen, si huet selwer Filmer gedréit an Texter geschriwwen, notamment fir hire leschten, ganz gelongenen Album "Oh! Pardon tu dormais ...".
    D'Claudine Muno mat engem Portrait
    15 min
  • Affaire à suivre: d'Villa Louvigny
    Aus der Villa Louvigny am Stater Park soll ee "Lieu de création" ginn. Nodeems de Santésministère ufanks dës Joers erausgeplënnert ass, steet de d'Renovatiounsaarbechten an der Villa Louvigny näischt méi am Wee. Elo huet d'Kulturministesch Sam Tanson virun der Press de Projet virgestallt. D'Sophie Schroeder mat den Detailer
    3 min
  • Wuert vun der Woch: Vakanz
    Passend zu der grousser Vakanz, déi elo fir d'Schüler:innen ugefaangen huet, huet de Jean Portante och d'Wuert Vakanz gewielt, fir eis d'Etymologie ze erklären. Mee do ginn et nach Wierder, déi vill mat Vakanz ze dinn hunn: Congé a Ferien. De Philippe Hansen am Gespréich mam Jean Portante
    8 min
  • Liewege Përmesknupp
    Zanter 2018 ass d'Përmesknupp ze Kauneref als nationaalt Monument klasséiert. Et ass déi ganz Knupp mat der Quell, der Kapell an der ausgegruewener Siidlung, déi geschützt sinn. E grousst Engagement fir d'Erhalue vun dësem historeschen, kulturellen a reliéise Site hunn d'Përnesfrënn Kauneref gewisen. Elo feiert d'Associatioun hire fofzegste Gebuertsdag, an dat mécht se natierlech op der Përmesknupp.
    Iwwer d'Bedeitung vun der Plaz, der Geschicht vum hellege Pimin, aktuell Restauratiounen an Ausgruewungen, awer och iwwer déi geplangten Aktivitéiten huet d'Valerija Berdi mat der Presidentin vun de Përmesfrënn, der Marianne Thilmany, geschwat.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners