Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D'Claire Thill an "Der Besuch der alten Dame"
    Dem Friedrich Dürrenmatt säi Klassiker "Der Besuch der alten Dame" gëtt scho bal zanter 70 Joer gespillt. Den Narrativ bréngt eng Problematik mat sech: d'Haaptfigur Claire Zachanassian gëtt praktesch vun engem Mann aus hirer Heemecht verdriwwen. Dobäi bleift de Fokus am ganzen Theaterstéck weider bei Männer. Fir méi op d'Gerechtegkeet sensibel ze maachen, wier et elo un der Zäit, d'Stéck vun enger anerer Säit ze beliichten, esou d'Claire Thill um Mikro vum Joé Birchen.
    4 min
  • Nei am Kino
    Wéi eng Filmer lafen dës Woch um groussen Ecran un? E Bléck duerch de Programm mam Michel Delage
    4 min
  • SaarArt 2023, en Abléck
    Viru 35 Joer gouf am Saarland d'SaarArt lancéiert; dëst, fir d'Qualitéit vun der Aarbecht vu saarlännesche Kënschtler:inne méi visibel a fir hir Evolutioun méi däitlech ze maachen. Déi 12. Editioun, d'SaarArt 2023, geet e Schrëtt méi wäit: ënner dem Titel "Au rendez-vous des amis" goufen nieft däitschen och lëtzebuergesch a franséisch Kënschtler:innen selektionéiert.
    De Joé Birchen war op eng vun den Ausstellungen an der Moderne Galerie zu Saarbrécken an erzielt eis, wat et domat op sech huet.
    5 min
  • Wuert vun der Woch: Geschicht(en)
    Lescht Woch hat de Literaturexpert an Auteur Jean Portante eigentlech wëlles, eis d'Geschicht vum Wuert Geschicht ze erzielen, mee well d'Wuert Historiker déi ganz Zäit ageholl hat, huet hien um Enn versprach, d'Kapitel iwwer Geschicht a Geschichten haut opzeschloen. Da si mir gespaant! Dir héiert de Philippe Hansen am Gespréich mam Jean Portante.
    9 min
  • Traduki - Literatur verbënnt
    Traduki ass en europäescht Netzwierk, dat de Südoste vun Europa mam däitschsproochege Raum verbënnt. Et geet ëm Literatur, ëm Iwwersetzungen a Residenzen, Festivallen a Workshoppen. D'Valerija Berdi huet mat der Directrice vun Traduki, der Angelika Salvisberg, op der Leipziger Buchmesse geschwat.
    3 min
  • Tina Gillen - Flying Mercury
    Et gëtt eng Sprooch, déi sech mat der Relatioun tëschent dem Mënsch a senger Ëmwelt befaasst. Op d'mannst mol eng visuell. Der lëtzebuergescher Kënschtlerin Tina Gillen ass et gelongen, mat hiren Tableauen an Installatiounen esou eng Sprooch ze schafen, fënnt de Joé Birchen.
    5 min
  • D'Wuert vun der Woch
    Wat hunn d'Bridder Jakob a Wilhelm Grimm, den Herodot, de Gilbert Trausch, den Denis Scuto, de Vincent Artuso an de Goerges Perec gemeinsam? Iergendwéi an iergendzwousch fanne si beim Jean Portante ee gemeinsamen Nenner an zwar dee vun der Geschicht. De leschte Mëttwoch hat de Philippe Hansen de Jean Portante am Kader vum Wuert vun der Woch op Paräis ugeruff fir an der Emissioun Kultur um 5 méi gewuer ze ginn.
    9 min
  • Judith Hermann: laanscht d'Liewe schreiwen
    An hirem autobiografesche Buch "Wir hätten uns alles gesagt" (S. Fischer Verlag) geet Judith Hermann fir d'éischt iwwerhaapt op weesentlech Aspekter vun hirem Liewen an. Ënner anerem erkläert déi däitsch Schrëftstellerin hir Opfaassung vum literaresche Schreiwen. An zwar "laanscht d'Liewen"...
    4 min
  • Entendu et approuvé
    Pol Belardi, Jérôme Klein a Jeff Herr, dat si bekannten Nimm aus der Lëtzebuerger Musekszeen. Zesumme mam Saxofonist Zhenya Strigalev, deen zu London lieft, hu si ënner dem Numm Tele-Port en neien Album opgeholl. Am Interview huet de Batteur Jeff Herr erzielt, firwat et senger Meenung no grad den Jazz ass, deen de Museker d'Méiglechkeet gëtt, hir ënnerschiddlech Aflëss zesummenzebréngen.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners