Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Den 13. Fundamental Monodrama Festival
    De Steve Karier ass den Direkter vum Fundamental Monodrama Festival. Op dësem Festival wäerten et Theaterstécker ze gesi ginn, déi just vun enger eenzeger Persoun opgefouert ginn. An engem Interview mam Joé Birchen erzielt eis de Steve Karier e bëssi méi iwwer de Programm vum Festival, a wéi en zesummegestallt gouf.
    4 min
  • Post-Punk tëscht Pop a Politik
    2021 huet déi kanadesch Post-Punk-Band Ought sech getrennt, kuerz drop hunn de Frontmann Tim Darcy an de Bassist Ben Stidworthy eng nei Formatioun gegrënnt: Cola, d'Ofkierzung fir "Cost of Living Adjustement". An hiren Texter sangen si kritesch iwwer d'Konsumgesellschaft an den Technologie-Boom. Am Interview erkläert eis de Sänger Tim Darcy, firwat déi Sujeten der Band besonnesch wichteg sinn.
    5 min
  • Toile Si-Re um Marionettefestival
    Mat dobäi um Marionettefestival zu Toodler ass dëst Joer och d'Trupp Toile Si-Re. An hirem Stéck entseet ëm déi zwee Charaktere Lice & Semp eng Geschicht vun enger Frëndschaft. Dat alles mat hëllef vu schwaarzer Tënt, zerschnëppeltem Pabeier a selwer komponéierter Musek.
    4 min
  • En Hommage un e "merveilleux misanthrope"
    En Eenzelgänger war de franséische Museker Jean-Louis Murat, een deen a senge Lidder an a sengem Liewen ëmmer säin eegene Wee gaangen ass. Säi gréisste Succès war dann awer en Duett, den Titel "Regrets" deen hie mat der Mylène Farmer opgeholl huet. Gëschter ass de Jean-Louis Murat iwwerraschend am Alter vun 71 Joer gestuerwen. D'Claudine Muno kuckt nach eemol op seng Karriär zeréck.
    5 min
  • "Am Theater erziele mir Geschichten"
    Den Tom Leick, Direkter vun de Stater Theateren eisen Invité an der Emissioun Kultur um 5. No de schwéiere Saisonen, déi vun der Covid-Pandemie beanträchtegt waren, kommen d'Leit lues a lues och zréck an d'Theateren. Dem Tom Leick huet iwwer de roude Fuedem vun der neier Saison geschwat, awer och, wéi wichteg et ass, all Leit ze erreechen an datt  d'Iddi vun Elitismus verschwanne muss.
    3 min
  • Geopoesie - Eng Bréck tëschent Mënsch an Ëmwelt?
    D'Lyriker:inne setzen sech schonn zanter enger Éiwegkeet mat der Natur auserneen. Dat ass näischt Neies. Nei ass awer, Gedichter an der Natur virzedroen, an dat zesumme mat engem Naturwëssenschaftler, deen och Poesie mécht. Do kommen zwee verschidde Milieuen - dee vun der Wëssenschaft a Poesie - beieneen. D'Geopoesie vermëscht a verbënnt all déi verschidde Beräicher, kreéiert Brécken a schléit nei Dieren op. E Bäitrag vum Joé Birchen
    4 min
  • D'Wuert vun der Woch ass eng Aventure
    Den englesche Krimiauteur Gilbert Keith Chesterton huet emol gesot, datt deen eng Aventure erlieft, dee se sech am mannsten erwaart, also de Romanteschen, de Scheien. Deemno géif d'Aventure dem "Onabenteuerleche" bléien. Do gëtt et spannend! An dat seet ëmmer de Jean Portante bei sengem Wuert vun der Woch. Den Auteur a Literaturexpert huet nogesicht, wou d'Aventure eigentlech hierkënnt.
    9 min
  • The Alchemist - Den Arthur Unger am MNAHA
    Den Arthur Unger ass ee lëtzebuergesche Kënschtler, deen zanter de 60er Joren Konschtwierker kreéiert, andeems hie Kofferplacke mat Feier traitéiert. Dës an aner Wierker vun him sinn am Nationalmusée um Fëschmaart nach bis den 15. Oktiober an der Ausstellung "The Alchemist" ze gesinn. E Bäitrag vum Joé Birchen
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners