Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "du lauschst dem lärmen der bäume"
    Esou heescht d'Ausstellung, déi nach bis den 3. Juni am Schëfflenger Konschthaus ze gesinn ass. D'Kënschtlerin Marie-Pierre Trauden, d'Schrëftstellerin Ulrike Bail an de Fotograf Vic Fischbach hu sech zesummen engem Sujet higinn: dem Bësch. D'Ulrike Bail, déi 2021 mam Servais-Präis fir hiert Gedichtband "wie viele faden tief" ausgezeechent gouf, stellt hei hir nei Lyrik vir. E Bäitrag zesummegestallt vum Valerija Berdi
    11 min
  • Instinktiv Reesen an d'Zukunft
    Mir ginn an de Weltall mat engem Kënschtler, dee sech freet, wouhinner de Mënsch ënnerwee ass, an dobäi Froe vu Kierperlechkeet an Artifizieller Intelligenz mat abënnt. Rieds geet vum däitsche Museker Angela Aux a sengem neien Album "Instinctive Travels on the Path of Space and Time". D'Claudia Klasen huet en sech ugelauschtert a léist fir d'éischt emol den Indentitéitsknäuel vum Kënschtler selwer.
    6 min
  • Sech op Europa astëmmen
    Gëschter war Europadag - fir vill vun eis eng Geleeënheet vun engem fräien Dag ze profitéieren. Datt een Europa och ganz musikalesch kann erliewen, weist de Projet Euroradio Jazz Orchestra. Hei begéine sech Jazzmuseker:innen aus ganz Europa fir wärend enger Woch zesummen un enger Kompositioun ze schaffen. A fir Lëtzebuerg ass dëst Joer den Tenorsaxofonist Joël Metz mat derbäi.
    3 min
  • D'Wuert vun der Woch: de Mann
    A sengem Wuert vun der Woch mécht de Jean Portante sech op d'Sich no de Wuerzele vum Wuert "Mann". E Wuert, dat immens räich a villsäiteg ass, erkläert de Jen Portante am Gespréich mam Philippe Hansen.
    8 min
  • Paul Brodowsky - Väter
    Nieft dem Verschaffe vun der DDR-Ära an der Wiedervereinigung, ass d'Zäit vum Nationalsozialismus a seng Folge fir déi däitsch Gesellschaft e Sujet, deen nach ëmmer eng wichteg Plaz an der Literatur huet. De Paul Brodowsky, Joergang 1980, huet sech a sengem Roman "Väter" (suhrkamp) op d'Prägung duerch d'Grousspappen a Pappe fokusséiert. D'Valerija Berdi mat enger Kritik
    4 min
  • Kreativ am Vakuum
    Den Johnny Cash, de Mick Jagger oder d'Adele - dat sinn nëmmen e puer Nimm, deenen hir Musek vum Amerikaner Rick Rubin produzéiert gouf. Mat "The Creative Act: A Way Of Being" huet hien elo säin éischt Buch geschriwwen. D'Claudine Muno huet dra gebliedert.
    6 min
  • Wuert vun der Woch: Mamm a Papp
    Net ee Wuert, mee bal déi ganz Famill hëlt de Jean Portante dës Kéier ënner d'Lupp. Am Gespréich mam Valerija Berdi erzielt hien, wou d'Wierder Mamm a Papp, awer och Cousin a Cousine, Monni an Tatta hierkommen a wéi se vun engem Land an dat nächst gereest sinn.
    10 min
  • Konscht a Virtual Reality
    U wat musst Dir denken, wann Iech ee vu Virtual Reality erzielt? Un een digitale Parallel-Universum? Oder éischter u Videospiller? Et ginn nämlech och nach ganz aner Saachen, déi mat Hëllef vun der VR realiséiert kënne ginn.
    Op enger Konferenz am Casino Luxembourg hunn d'Kënschtlerin Dominique Gonzalez-Foerster an de Jean Botev - Chercheur op der Uni Lëtzebuerg - iwwer d'Konscht, an dee bal therapeuteschen Effekt vun der VR geschwat. De Joé Birchen erzielt eis méi iwwer déi Effekter vun der Virtueller Realitéit.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners