Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Prix Servais fir de Jérôme Quiqueret
    Dee franséisch-lëtzebuergeschen Auteur an Tageblatt-Journalist gëtt belount fir "Tout devait disparaître. Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910" (Capybarabooks). Detailer mam Michel Delage
    5 min
  • D'Wuert vun der Woch: Ouschterhues
    Wéi si Wierder entstanen, respektiv wat fir eng Evolutioun hu se hanner sech, a wat seet dat eventuell iwwer verschidden Traditiounen aus? Dat ënnersicht den Auteur a Literaturexpert Jean Portante a senger Serie "Wuert vun der Woch". An heiansdo huet hien an enger Kéier esouvill ze zielen, datt hien déi Woch drop en zweeten Deel bäiflécke muss. Esou zum Beispill beim Ausdrock "Ouschteren"; do hat nach dee ganze Volet "Ouschterhues" gefeelt. Dir héiert de Jean Portante am Gespréich mam Philippe Hansen.
    10 min
  • Ass korsesch eng literaresch Sprooch?
    Literatur op korsesch? E Sujet, deen op der Bréisseler Bicherfoire diskutéiert gouf. D'Valerija Berdi huet mam korsesche Schrëftsteller Jean-Yves Acquaviva geschwat a wollt vun him wëssen, ob d'Fro, ob korsesch eng literaresch Sprooch ass, net u sech eng iwwerflësseg Fro ass.
    3 min
  • Opus 78 : Nei Kompositioune fir Big Band, déi Zweet!
    2022 war ee gutt Joe fir d'Big Band Opus 78. D'Equipe, déi vun hirem Präsident a Manager Joel Duhr betreit a vum Raoul Christophe geleet gëtt, huet der UGDA hiren Europäesche Concours vun de Big Bands gewonnen a gouf vum Kulturministère bei de Luxembourg Music Awards geéiert. Haut kënnt déi zweet Luxembourg Jazz Sessions Kompilatioun vum Ensembel eraus, fir déi Lëtzebuerger Jazz-Museker no Originalkompositioune gefrot goufen. Virgestallt gëtt den eenzegaartegen Disque den Owend op der Bün vum Ale Stadhaus zu Déifferdeng.  De Marc Clement huet sech mam Joel Duhr iwwer dëse Concert an des Plack ënnerhalen.
    6 min
  • "All Krichspartei verstoppt seng wierklech Interessien duerch Desinformatioun"
    "An all Krich gëtt gelunn, op alle Säiten", seet de belsche Journalist Michel Collon. Zanter Joerzéngte schonn analyséiert hien d'Aart a Weis, wéi westlech Medien iwwer international Konflikter berichten. De Michel Collon ass drop an dru säin neit Buch "Ukraine. La Guerre des images" ze verëffentlechen. De Michel Delage huet sech op der rezenter Foire du livre zu Bréissel mam belsche Journalist ënnerhalen. En Extrait aus deem Gespréich
    5 min
  • Dem Jean säi Wuert vun der Woch: Ouschteree
    Schonn hu mir dat kathoulescht Ouschteren hanner eis, a vill Kanner sinn dann och d'Ouschtereeër an de Gaart siche gaangen. Mee wou kommen déi zwee Wierder "Ouschteren" an "Ee" hier? De Jean Portante huet am Gespréich mam Pit Walté d'Ouschtereeër ënner d'Lupp geholl.
    9 min
  • Rachael Dadd am Gudde Wëllen
    Déi brittesch Folkmusekerin Rachael Dadd huet zanter 2004 eng erfollegräich a gläichzäiteg diskret Karriär, an där sech hir Musek vu Plack zu Plack verdéift an uräichert. Et kennt ee si vläicht och vu reegelméissege Kollaboratioune mat der Frontfra vu This Is The Kit, der Kate Stables. "Kaleidoscope", hir lescht Plack, déi d'lescht Joer no zwou Liveplacken an enger längerer Mammepaus entstane war, steet als Zeie fir déi roueg Exzellenz, déi der Englännerin hirer Musek eegen ass.
    Muer den Owend (15.4.) ass d'Rachael Dadd am Gudde Wëllen zu Besuch. De Marc Clement konnt si fir e puer Momenter an Usproch huelen a mat hir e bëssen iwwer de Concert schwätzen.
    10 min
  • "Sinnmaschine" oder "What to do with Michel Majerus in Luxembourg?"
    Ufank vum neie Millennium war dem Michel Majerus den internationalen Duerchbroch gegléckt. Mee den Ofstuerz vum Fliger, de Vol Berlin-Lëtzebuerg, sollt den Escher Kënschtler, wéi vill aner Mënschen, 2002 net iwwerliewen. Zejoert gouf a ville Konschtinstitutiounen däitschlandwäit un den 20. Doudesdag vum Michel Majerus erënnert. De Mudam huet sech där Initiativ natierlech ugeschloss: mat engem Symposium de leschten Hierscht an aktuell mat der Expo "Sinnmaschine". Iwwer déi huet d'Kerstin Thalau sech mat der Mudam-Directrice Bettina Steinbrügge ënnerhalen.
    16 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners