Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Mat Poesie Grenzen duerchbriechen
    Vum 21. bis den 23. Abrëll an dat och op dräi verschiddene Plazen, gëtt och dëst Joer d'Lyrik gefeiert. Mat enger internationaler Besetzung invitéiert d'Associatioun Printemps des poètes op hire Festival. De Joé Birchen mat Informatiounen an Aussoe vun der Vize-Presidentin vum Printemps des poètes, der Françoise Pirovalli.
    4 min
  • Urgent Care
    Den Adriano Lopes, besser bekannt als Chaild, ass eng vun de rare queere Songwriter-Stëmme vu Lëtzebuerg. Seng dacks ganz duuss Popmusek koum bis elo a Form vu Singles a Featurings eraus. Tëschent Bréissel a Lëtzebuerg ass awer elo Material entstanen, dat eng Aart Restart fir dee jonke Sänger bedeit. Eng éischte Kéier kënnt muer en EP vun him eraus, deen e Samschdeg den Owend an der Kulturfabrik och live presentéiert gëtt. Bei de Prouwen an der Kulturfabrik huet de Marc Clement sech mam Chaild ënnerhalen.
    10 min
  • Arel ass am Mee eng Bün
    D'Ekipp ronderëm de Sebastien Cuvelier huet och dëst Joer erëm all klengsten Eck vun Arel fir Concerte prett gemaach. Déi 14. Editioun vum Festival, tëschent dem 3. a 7. Mee, ass déi éischte Kéier paritéitesch, wat d'Participatioun vu weibleche vis-à-vis männleche Museker ugeet a proposéiert am Ganze 36 Kënschtler, 18 Concertsplazen, 13 Evenementer, fënnef Soiréeën a gratis Showcasen.
    Mam Programmateur vum Evenement, dem Sebastien Cuvelier, kann een trotz deene villen originelle Plazen, déi bei den Aralunaires eng ganz besonnesch Erfarung schafen, net anescht wéi direkt an d'Musek anzedauchen. An dat am beschten hei, um Mikro vum Marc Clement.
    10 min
  • D'Wuert vun der Woch: Ouschteree
    Schonn hu mir dat kathoulescht Ouschteren hanner eis, a vill Kanner sinn dann och d'Ouschtereeër an de Gaart siche gaangen. Mee wou kommen déi zwee Wierder "Ouschteren" an "Ee" hier? De Jean Portante huet am Gespréich mam Pit Walté d'Ouschtereeër ënner d'Lupp geholl.
    10 min
  • Octotrip - Gäscht vu Lyon
    Dësen Donneschdeg (13.04.) spille si hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg, dat am Kader vun der Michel Becquet International Trombone Competition zu Maarnech am Cube. Um Programm stinn hei nieft Wierker aus der klassescher Musek och zäitgenëssesch an Jazz-Musek. An alles wat si spille si Kreatiounen, also nei Wierker, déi virdrun nach ni opgeféiert goufen. Den (FR) Robinson Khoury, ee vun den aacht Museker vun Octotrip, huet dem Marie Schockmel méi verroden.
    10 min
  • D'Muecht vun der Hookline
    "Continue as a Guest", déi nei New Pornographers Plack fänkt mat engem laange Fadeout un a verbréngt de Rescht vun hirer Dauer an engem opreegende Limbo. Stëmmharmonien, déi de Byrds oder Crosby Stills and Nash wierdeg wieren, treffen op Power-Pop-Songs mat engem Twist. D'Resultat ass eng Sammlung vu melodeschen Ouerwierm, déi sech beim zweeten oder drëtte Lauschteren entfale wéi Blummen am Zäitraffer. De Marc Clement huet sech vun der Plack verféiere gelooss.
    9 min
  • Merci fir d'Wuert vun der Woch?
    "Merci" ass e Wuert, dat mir, wa mir e bësschen héiflech wëlle sinn, ganz dacks gebrauche missten. Den Auteur Jean Portante an de Pit Walté maachen dat, net wéinst iergendenger Feierdagsstëmmung, nee: "Merci" ass dem Jean Portante säi Wuert vun der Woch. Et brauch ee kee grousse Linguist ze sinn, fir ze gesinn, datt mir et vun der franséischer Sprooch kruten. Mir hätte jo, wéi eis däitsch Noperen, eppes wéi Danke soe kënnen, Jean Portante?
    9 min
  • D'Néckel Scholtus en bord de mer noire
    "Black is beautiful"? Eng Lëtzebuerger Fotografin wollt sech selwer e Bild, an idealerweis eng Hellewull Fotoen, dovunner maachen. Zesumme mat hirem Mann, engem Architekt, an hirer véier Joer aler Duechter, huet d'Néckel Scholtus sech op de Wee ... bei d'Schwaarzt Mier gemaach. No der Rees huet d'Fotografin e Fotobuch iwwer hir Impressiounen erausbruecht, a si gouf du vun der Gemeng Diddeleng gefrot, eng Expo fir d'Galerie Dominique Lang zesummenzestellen. D'Resultat ass vläicht net revolutionär, mee poetesch-humanistesch a mécht Loscht, d'Welt nees selwer mat neien Aen ze kucken, fënnt d'Kerstin Thalau.
    13 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners