Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Nei Filmer
    Vun enger Wüüst am Joer 1955 bis an een zäitgenëssescht Japan: déi nei Kinosaffiche fir dës Woch deit op eng gewëss Rees hin. Bei zwee neien Dramaen an enger Komedie däerf natierlech och een amerikanesche Superhelden-Film net feelen.
    4 min
  • D'Gintare Parulyte iwwer den Echange am Theater
    D'Gintare Parulyte geet mat hirem Theaterstéck op Tour: No de Mierscher Theaterdeeg geet et mat "Lovefool" weider op den Edinburgh Fringe Festival.
    De Joé Birchen huet sech mat hir ënnerhalen. Dobäi gi mir méi iwwer den Echange tëschent der Persoun op der Bün an dem Public gewuer.
    4 min
  • Wuert vun der Woch: Walen
    Eise Literaturexpert, den Auteur Jean Portante, war dës Woch zu Paräis. Fir hien awer kee Grond, seng Serie "Wuert vun der Woch" ausfalen ze loossen. Zemools dann net, wann et ëm héijer Wäerter geet: hie wollt Iech nämlech onbedéngt d'Origine an d'Entwécklung vum Terme "Walen" virun dësem Walsonndeg mat op de Wee ginn an huet sech virtuell bei de Philippe Hansen an de Studio beame gelooss.
    9 min
  • Robert Pfaller: Woke vu lénks bekämpfen
    Essai fir Essai entlarvt den éisträichesche Philosoph Robert Pfaller d'Infantiliséierung vun de Mënschen ënner dem Neoliberalismus. Attacken op en erwuessenen Ëmgank mat Alkohol an Zigaretten, beispillsweis, an allgemeng op alles, woufir et sech ze liewe lount, diagnostizéiert de Pfaller als Deel vun enger neoliberaler Strategie. Déi Strategie bestéing doranner, fir d'Gesellschaft ze splécken an eng gerecht Verdeelung vum Räichtum ze verhënneren.
    A sengem rezente Buch "Zwei Enthüllungen über die Scham" (S. Fischer Verlag) beschäftegt sech deen u psychanalytescher Theorie inspiréierte Philosoph ënner anerem mat Cancel-culture-Aktivismus oder Woke-Aktivismus.
    Op der rezenter Leipziger Buchmesse huet sech de Michel Delage mam Robert Pfaller ënnerhalen.
    4 min
  • Vu komesche Vëloen a Polizisten
    "The Third Policeman" vum Flann O'Brien ass eng Erzielung iwwer eng ganz bosseg Rees. D'Buch ass well méi wéi 80 Joer al, mee nach ëmmer staark genuch fir mol de Kapp duerch ze rëselen an ze lëften, fënnt de Joé Birchen.
    5 min
  • Nei Filmer
    Den amerikanesche Film steet fir Action, deen europäesche fir Drama? Déi nei Kinosaffiche erfëllt dëse Klischee: déi europäesch Produktioune behandele Sujete wéi partiell Amnesie oder Virurteeler géint Homosexueller, déi amerikanesch entféieren eis a friem Welten oder an de friemen Alldag vun Agenten.
    4 min
  • De Bass als Basis
    Mat engem Bass, engem Looper an enger ganzer Rëscht Effektpedallen ass déi franséisch Musekerin Miët zënter zéng Joer ënnerwee an erschaaft live souwuel wéi op Plack en impressionante Sound. En Donneschden ass d'Kënschtlerin am Kader vun de Francofolies zu Esch an der Kulturfabrik zu Gaascht. Am Interview huet d'Miët erzielt, wéi si als Autodidaktin hire Stil fonnt huet.
    6 min
  • Ouni Tauchkostüm duerch d'Korallen
    The Aquatic Museum definéieren sech als Chamber Pop Kollektiv - ee labberen Zesummeschloss ronderëm zwee Bandleader, an d'Missioun vun enger Pop Musek, déi sech staark um Jazz an un der Klassik uräichert, an dach duerch hir Handwierklechkeet a Melodik och eppes vum Rock a sech huet.
    8 min
  • De Lukas Bärfuss an "Die Krume Brot"
    No enger Kandheet a Jugend an Aarmut an enger Rei Joren als Sans-abri huet de Schwäizer Lukas Bärfuss eng fulminant Karriär als Schrëftsteller a virun allem och als Dramaturg gemaach. Säin neien, autobiographesch ugehauchte Roman "Die Krume Brot" (Rowohlt Verlag) ass d'Geschicht vun enger elengerzéiender, analphabetescher Mamm an der Schwäiz vun de 70er Joren.
    4 min
  • "Flying Mercury" an der Konschthal Esch
    "Flying Mercury". Dat ass d'Ausstellung vun der lëtzebuergescher Kënschtlerin Tina Gillen, déi ee vun haut un an der Konschthal zu Esch gesi kann. De Joé Birchen war wärend dem Opbau eemol bis era luussen, an huet mat der Curatrice Charlotte Masse doriwwer geschwat, wei et ass, déi gréisser Installatioune vun der Kënschtlerin ze transportéieren an opzeriichten.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners