Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Nee, d'Julia Cottin ass net am Bësch
    "Vun elauter Beem de Bësch net méi gesinn"... versteet eigentlech nach een haut dee Sproch? Oder misst een ewell soen: "Vun elauter Gebaier d'Architektur net méi gesinn"? Déi franséisch Sculptrice, Molerin a Grafikerin Julia Cottin huet Bësch an Architektur zesummebruecht: an zwar an ee vun den zwee Project-Rooms, just ënner dem Daach vun der Escher Konschthal. Hir Installatioun "Forêt de Juma" besteet aus enger Dosen hëlzene Kolonnen, also sculptéiert Beem.
    D'Kerstin Thalau ass vun der Julia Cottin méi iwwer d'Iddi dohannert gewuer ginn.
    14 min
  • "It is like a 10 day party"
    "Wéi eng 10-Joer laang Party" - esou beschreift den Niall Brown de Konz Musik Festival un der däitscher Grenz. Den Niall Brown ass net nëmmen zanter Jore schonn ee vun den Cellisten am OPL, mee elo ass hien och nach den Directeur artistique vum Konz Musik Festival. Dat si vill Concerten an och Masterklassen. Ënner deene 16 jonke Museker:inne sinn dëst Joer och véier vu Lëtzebuerg. De Fokus vum Festival dëst Joer ass dem Cellist seng grouss Passioun: d'Kammermusek. Dem Marie Schockmel huet den Niall Brown méi verroden.
    10 min
  • "Ech gesi mech als ozeanesche Schrëftsteller"
    Virun Taiwan läit déi kleng Insel Lanyu, wou d'Urbevëlkerung vun den Tao lieft. Do kënnt de Syaman Rapongan hier. A sengem autobiographesche Roman "Les Yeux de l'océan" (Ed. L'Asiathèque) erzielt hien iwwer de politesche Widderstand vu sengem eethnesche Grupp géint déi dominant Han-Kultur. Gläichzäiteg ass et de Liewensbericht vun engem Mann, dee säin eegene Wee wollt goen.
    Um Festival Etonnants voyageurs, Enn Mee zu Saint-Malo, huet sech de Michel Delage mam Syaman Rapongan ënnerhalen.
    16 min
  • Zwou Barleby-Delicate-Kollaboratiounen am elektronesche Stil
    Bartleby Delicate geet weider, och wann ENGLBRT grad op Live-Presenz setzen, a Seed To Tree an dräi Wochen eng nei Pack erausbréngen. An der Mëtt heivunner bréngt de Georges Goerens, deen all dës Projete gemeinsam huet, d'Resultater vun zwou musikalesche Renconteren eraus. Déi zwou Singelen si Kollaboratioune mat bayresche Museker, an do wollt de Marc Clement natierlech méi wëssen.
    10 min
  • E ronne Gebuertsdag an en ëmstriddene Biopic
    Dem Leonard Bernstein seng Villsäitegkeet war legendär. Hie war Komponist, Dirigent, Museker an huet fréi d'Méiglechkeete vun der Tëlee entdeckt, fir dem Public klassesch Musek méi nozebréngen. De 25. August hätt hie säin 105. Gebuertsdag gefeiert. Aus deem Ulass kënnt dëst Joer och e Film iwwer de Kënschtler eraus, deen am Virfeld fir Diskussioune gesuergt huet. D'Claudine Muno faasst zesummen.
    10 min
  • D'Nowuesstalent Magaly Teixeira
    D'Nominatioune fir déi Lëtzebuerger Theaterpräisser sinn eraus, an d'Magaly Teixeira ass eng vun den Nominéierte fir d'Kategorie vun den Nowuesstalenter. Dat fir hiert Schauspill am Theaterstéck "The Censor". E Wierk, dat an den 90er Welle geschloen an dëst Joer vun der Anne Simon nees opgeholl gouf. De Joé Birchen gëtt vun der Actrice gewuer, wéi et fir si war, bei dësem méi onkonventionelle Theaterstéck dobäi ze sinn.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners