Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • E literareschen Ausfluch an d'90er
    De Revival vun den 1990er Joren ass schonn eng Zäit amgaang a schéngt nach net esou bal eriwwer ze sinn. Ob an der Moud oder an der Musek gëtt dat Joerzéngt erëm opliewe gelooss, dat mam Grunge ugefaangen a mat der Britney Spears opgehalen huet. Mat "Stay True" huet den taiwaneesesch-amerikaneschen Auteur Hua Hsu net nëmmen eng Hommage un d'90er geschriwwen, mee e Memoire, dee sech mam Verhältnes tëschent Musek an Erënnere befaasst. D'Claudine Muno huet d'Buch gelies.
    4 min
  • D'Sung Tieu um Civic Floor am Mudam
    D'Sung Tieu koum 1987 am Vietnam op d'Welt, lieft a schafft awer zanter hire Konschtstudien zu Berlin, mëttlerweil och zu London. Dësen Hannergrond erkläert och hiren Interessi un der Geschichtsschreiwung, déi massiv transnational Beweegungen, d'Migratioun vu Mënschen an Objeten. Am Mudam huet si zu deene Sujeten eng abstrakt Rauminstallatioun opgeriicht. Dir gesitt stole Skulpturen, déi fir historesch Prisongsmodeller stinn; un de Maueren administrativ Formulairen ouni Text, bei deenen d'Kënschtlerin sech mat den Eegenaarte vun den Ausfëll-Grillë beschäftegt huet. D'Sung Tieu huet hir Aarbecht "Civic Floor" genannt. Hei eng Explikatioun zum Titel
    3 min
  • Schreiwen iwwer Musek
    Jiddweree vun eis huet Musek, déi ontrennbar mat spezielle Momenter vum Liewe verbonnen ass. Den taiwaneesesch-amerikaneschen Auteur Hua Hsu huet aus dem Zesummespill aus Musek an Erënnerung en immens liesenswäert Buch gemaach: "Stay True" - an engems och eng Hommage un e verstuerwene Schoulfrënd. D'Claudine Muno stellt d'Wierk vir.
    7 min
  • D'Sung Tieu um Civic Floor am Mudam
    D'Sung Tieu koum 1987 am Vietnam op d'Welt, lieft a schafft awer zanter hire Konschtstudien zu Berlin, mëttlerweil och zu London. Dësen Hannergrond erkläert och hiren Interessi un der Geschichtsschreiwung, déi massiv transnational Beweegungen, d'Migratioun vu Mënschen an Objeten.
    Am Mudam huet d'Multi-Media-Kënschtlerin sech elo op den civic floor gewot. Hir Rauminstallatioun do am Lear-Pavilion, e besonnesch helle ronnen Espace am Pei-Musée, dréit effektiv den Titel "civic floor". D'Kerstin Thalau wollt gewuer ginn, wéi d'Kënschtlerin sech um ëffentleche Parquet fillt.
    10 min
  • E literaresche Mixtape
    Wosst Dir, datt nëmmen 10 Prozent vun der Musek, déi um Radio gespillt gëtt, tatsächlech vu Frae geschriwwen ass? Dës Zuele goufen am Hierscht an enger Studie zur Geschlechtervillfalt an der Museksindustrie publizéiert. Datt et awer ganz vill interessant a spannend Musek vu Frae gëtt, dat kann een am Buch "This Woman's Work" gewuer ginn, dat d'Claudine Muno eis virstellt.
    3 min
  • Besonnesch Bijouen aus dem Nationale Literaturarchiv
    "Fundstücke-Trouvailles" heescht d'Wierk, dat den Nationale Literaturarchiv all zwee Joer publizéiert. Am Buch kann een de Bléck an d'Archive vum CNL geheien, wéi eng Fongen hei archivéiert a konservéiert ginn a wourauser d'Aarbecht vun der Ekipp vum CNL besteet. Dofir waren d'wëssenschaftlech Mataarbechterin Daniela Lieb an d'Conservatrice Ludivine Jehin bei eis am Gespréich mam Valerija Berdi a Michel Delage.
    9 min
  • E literaresche Mixtape
    2022 gouf net nëmme ganz vill gutt Musek geschriwwen, mee och vill gutt Bicher iwwer Musek. Vläicht hutt Dir jo iwwer d'Feierdeeg Loscht an Zäit, fir sech mam Rescht vun de Chrëschtdagskichelcher an engem Buch fir e rouege Moment zeréckzezéien. A wann Dir nach eng Iddi braucht, wat sech do als Lektür ubidde géif, dann huet d'Claudine Muno hei e musikalesche Literatur-Tipp parat.
    5 min
  • Popmusek ass eng Wëssenschaft fir sech
    Wann Dir eis Antenn ageschalt hutt, dann interesséiert Dir Iech bestëmmt op d'mannst e bësse fir Popmusek. Dann hu mir e spannende Buchtipp fir Iech an zwar "The Number Ones" vum amerikanesche Journalist Tom Breihan. D'Claudine Muno huet fir eis doduerch gebliedert.
    5 min
  • Wëllkomm an der Villa!
    An der Moyenne leien d'Visiteurszuele vun der Villa Vauban, am Stater Parc, bei 25.000 d'Joer; duerch Corona ware se allerdéngs an de Keller gefall, mee 2022 goufen 31.000 Entréeë gezielt! Dowéinst um Enn vum Joer e Merci un de Public? D'Ekipp invitéiert all Zäit aktuell op d'Konscht-Expo "Wëllkomm an der Villa". Si presentéiere Molereien, mee och Skulpturen a Fotoen, Coups de Coeuren aus den dräi Villa-Sammlungen, déi vun neien Acquisitiounen an Donatiounen aus de leschte Joren ergänzt ginn. D'Kerstin Thalau war d'Ausstellung mat der Villa-Vauban-Konschtrestauratrice Gisèle Reuter kucken.
    4 min
  • Wëllkomm an der Villa!
    An der Moyenne leien d'Visiteurszuele vun der Villa Vauban, am Stater Parc, bei 25.000 d'Joer; duerch Corona ware se allerdéngs an de Keller gefall, mee 2022 goufen 31.000 Entréeë gezielt! Dowéinst um Enn vum Joer e Merci un de Public? D'Ekipp invitéiert all Zäit aktuell op d'Konscht-Expo "Wëllkomm an der Villa". Si presentéiere Molereien, mee och Skulpturen a Fotoen, Coups de Coeuren aus den dräi Villa-Sammlungen, déi vun neien Acquisitiounen an Donatiounen aus de leschte Joren ergänzt ginn. D'Kerstin Thalau war d'Ausstellung mat der Villa-Vauban-Konschtrestauratrice Gisèle Reuter kucken.
    12 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners