Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Kultur | lx iwwerhëlt d'Biennale vu Venedeg
    2020 huet de Kulturministère den Arts Council Kultur  | lx an d'Liewe geruff, deem seng Haaptmissioun d'Bekanntmaachen an d'Promotioun vu Lëtzebuerger Konscht a Kultur am Ausland ass, vun der visueller Konscht zum Beispill. Vu datt et net ENG Lëtzebuerger Konscht an DE Lëtzebuerger Kënschtler gëtt, suivéiert d'Hélène Doub vu Kultur  | lx Kënschtler, déi en nohaltegen Impakt op déi lëtzebuergesch Zeen hunn, plus d'Evolutioun vun hirer Konscht. Vun 2023 u wäert Kultur  | lx och d'Gestioun vum Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale vu Venedeg iwwerhuelen. Mee wat bedeit dat?
    D'Selektioun vun de Kënschtler, de Montage vun hirer Expo zu Venedeg, also de kuratoreschen an intellektuelle Volet bleift bei den Institutioune Casino, Mudam an dem Luxembourg Centre for Architecture. D'Hélène Doub wäert sech ëm d'Kommunikatioun ronderëm de Pavillon, d'Accumulatioun vu Connaissancen a Kontakter bekëmmeren.
    4 min
  • The piano is an extension of your body
    Virun e puer Deeg stoung hie nach op Concertsbünen an Amerika. Muer Freideg (13.01.) spillt de Jan Lisiecki zesumme mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner der Baguette vum Krzysztof Urbański e Concert an der Philharmonie. Mam polneschen Dirigent huet dee gebiertege 27järege Kanadier schonn dacks gespillt. An der Philharmonie steet de Pianosconcerto vum Edvard Grieg um Programm. D'Marie Schockmel huet sech mam Pianist ënnerhalen.
    4 min
  • Literatur aus Lëtzebuerg - gäre gelies?
    Am Kader vum nationale Kulturentwécklungsplang 2018-2028 organiséiert de Kulturministère sektoriell Assisen. Elo war et um Buch, der Literatur an der Editioun. An der Nationalbibliothéik gouf am Virfeld vun den Table-rondë mat de betraffenen Acteure vum Buchsecteur en Etat des lieux presentéiert, deen d'Wëssenschaftlerin Fabienne Gilbertz zesummegestallt huet.
    D'Valerija Berdi wollt vun der Fabienne Gilbertz wëssen, wéi eng Roll d'Lieserinnen a Lieser an deem ganzen Debat spillen a wéi een iwwerhaapt d'Leit dozou motivéiert kritt, sech mat der Literatur aus Lëtzebuerg ze befaassen.
    4 min
  • Daydream
    Een Album ronderëm den Dram? Deen huet d'Naama Liany zesumme mat der Pianistin Rosalia Lopez erausbruecht. Elo ass et un der Zäit, de Programm am Kader vun engem Concert dëse Freideg um hallwer eng an der Philharmonie dem Public virzestellen. Mat dobäi ass nieft "Combat del Somni" vum Federico Mompou an "Despite and Still" vum Leonard Bernstein och d'Radio-Oper "The Blue Piano" vun der Albena Petrovic. Am Ganze séngt d'Naama Liany a fënnef verschiddene Sproochen: Katalanesch, Russesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. 
    D'Marie Schockmel huet sech mat der Sängerin ënnerhalen.
    3 min
  • All onglécklech Famill ass onglécklech op hir Manéier
    "All glécklech Famille gläiche sech, all onglécklech Famillen sinn op hir eege Manéier onglécklech" - dat Zitat aus dem Tolstoi sengem "Anna Karenina" géif och gutt op eng nei Serie passen, déi am Moment um däitschen ZDF leeft: "Gestern waren wir noch Kinder". D'Claudine Muno huet schonn emol eragekuckt.
    5 min
  • Inspired by Steichen
    Dëse Mäerz ass et 50 Joer hier, datt de Béiwenger Edward Steichen mat 94 Joer am Connecticut als bekannte Kënschtler, Fotograf a Curateur gestuerwen ass. Als Hommage bréngt d'Ekipp vun eisem Nationalmusée eng Publikatioun zu hirer Sammlung vu ronn 180 Steichen-Fotografien eraus: se huet knapps 500 Säiten a bréngt dräi an en hallwe Kilo op d'Wo! Parallel dozou huet de Chefconservateur vun der Konschtsammlung vum MNHA, de Ruud Priem, eng interessant Expo konzipéiert: hie konfrontéiert schwaarzwäiss Naturopname vum Edward Steichen, aus den Ufanksjoren, mat -éischtens- giganteschen Naturfotoen a schwaarzwäiss am grousse Format vum hollännesche Fotograf Erwin Olaf an -zweetens- mat schwaarzwäisse Waasserfaarf-Molereien a Skulpturen vum belsche Kënschtler Hans Op de Beeck. Doduerch entsteet eng Aart Dramwelt, eng interessant Twilightzon. Dozou de Ruud Priem um Mikro vum Kerstin Thalau
    4 min
  • Rezensioun vun der Publikatioun Fundstücke-Trouvailles 5
    Mam Buch "Fundstücke - Trouvailles" bitt eisen nationale Literaturarchiv vu Miersch all zwee Joer en Abléck a seng Archivbestänn an zugläich e Réckbléck op déi literaturwëssenschaftlech TheEmen a Bäiträg, déi d'Mataarbechter aus dësem Haus an der Zäit ofgeschloss hunn. Mat dëser Publikatioun versicht de CNL deemno sech engersäits als eegestännegt Archiv an anersäits als Fuerschungsariichtung ze positionéieren. De Léon Rinaldetti war vum neie fënnefte Band aus der Rei nawell beandrockt.
    3 min
  • Fir Stëmmen ofstëmmen
    D'Zäit vum Joreswiessel ass allgemeng d'Zäit vun de Lëschten, déi beschte Placken a Filmer ginn opgezielt, mee den amerikanesche Rolling Stone setzt direkt méi héich un. Déi 200 allerbeschte Sänger:inne vun allen Zäite goufen hei gesicht - an déi Opzielung huet dës Woch fir e bëssen Polemik gesuergt. D'Claudine Muno faasst d'Diskussioune fir eis zesummen.
    8 min
  • Vill schéi Wierder am neie Joer wënscht de Jean Portante
    Mir hu virun e puer Deeg en neit Joer ugefaangen, gutt hoffentlech, a bestëmmt huet jiddweree vun eis méi wéi eng Kéier d'Formel "Vill Gléck am neie Joer" am Mond gehat. A vläicht och "Bonne année"? Joer ...année ...dat kléngt komplett verschidden.
    Dem Jean Portante ass, op der Sich no der Originn, der Bedeitung an der Entwécklung vu sengem éischte Wuert vun der Woch am neie Joer, wierklech net langweileg ginn; hie war bal bei de Réimer, bal bei de Germanen, ass am Krees gedréit, fir d'Saisone bannent enger Stonn ze observéieren. Mee lauschtert selwer ...
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners