Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Tëschent den Zeilen an den Zäiten
    De Schrëftsteller Jhemp Hoscheit an de Museker Julien Arpetti hu sech scho viru ville Joren zesummegedoe fir e satiresch-musikalesche Programm op d'Been ze stellen. An eiser Emissioun Kultur um 5 hu si iwwer hir Zesummenaarbecht geschwat an den aktuelle Programm virgestallt. Och e klengen Appetizer hate si eis matbruecht. Mir lauschteren e klengen Extrait.
    4 min
  • Der Däischtert eng Plaz ginn
    Zanter 2018 gëtt et déi Lëtzebuerger Formatioun Ptolemea ronderëm d'Sängerin a Songschreiwerin Priscila Da Costa. Mat hirem neien Album "Balanced Darkness", deen dëse Samschdeg an der Rockhal virgestallt gëtt, huet Priscila Da Costa e Schrëtt ewech gemaach vum Alternative Rock a Richtung atmosphäresche Kläng. An eiser Emissioun Kultur um 5 vu gëschter huet si erzielt, wéi déi nei Plack zustane koum.
    3 min
  • Groningen als musikalescht Sprangbriet?
    Den Eurosonic, deen zu Groningen an Holland stattfënnt, zielt zu de wichtegsten europäesche Showcase-Festivallen. Dëst Joer gëtt Lëtzebuerg musikalesch do vertruede vu Francis of Delirium, dem Maz an Tuys. An och den 100,7 ass mat enger Ekipp op der Plaz, fir de Bols ze fillen, zum Beispill beim Giovanni Trono vu Kultur | lx, deen erkläert, wéi d'Ënnerstëtzung fir déi national Acts konkret ausgesäit.
    2 min
  • Lescht LUMI-Single: Everything Could Have Been
    Vläicht erënnert Dir Iech nach u "Curtains", oder "Cold Storm", Songs, déi Enn den 2010er um Lëtzebuerger Radio an den Charts waren: Singles vun der Band LUMI, déi sech deemools aus der Europaschoul op déi Lëtzebuerger Büne katapultéiert hat.
    Laang war et roueg ëm d'Band, éier si sech nei zesummefonnt hunn. Elo hunn déi bleiwend Memberen, den Edwin van Veen, de Jussi Jaatinen an d'Sängerin Christy hir lescht Single presentéiert, an domat och d'Enn vu LUMI annoncéiert.
    De Marc Clement huet mam Band-Matbegrënner Edwin Aldin Van Ween geschwat.
    4 min
  • Vu Klang a Kierper
    Gëschter goung et an eiser Emissioun Kultur um 5 ëm der Josiane Kartheiser hir Biographie vun der Lëtzebuerger Doktesch Marie-Paule Molitor-Peffer, déi ënner anerem Presidentin vum Planning Familial war. An an deem Kader huet d'Claudine Muno emol gekuckt, wéi d'Popmusek mam Theema Selbstbestëmmung ëmgaangen ass.
    3 min
  • Ärztin ohne Furcht und Tabus
    Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer huet sech zanter Mëtt de 60er Jore fir déi sexuell Selbstbestëmmung vun der Fra agesat - virun allem, wat d'Familljeplanung ugeet - Matbegrënnerin, Ënnerstëtzerin a laangjäreg Presidentin vum Planning Familial huet en extreem haarde Kampf géint all konservativ a reaktionär Stëmmen, déi net just vun der Kierch a vun der Politik, mee och vu villen Dokteren koum, geféiert.
    Elo huet d'Josiane Kartheiser bei Editions Phi eng Biografie vun dëser aussergewéinlecher Doktesch erausbruecht. D'Josiane Kartheiser war eis Invitée an der Emissioun Kultur um 5 an huet iwwer dëst Wierk mam Valerija Berdi geschwat.
    4 min
  • Hanner Gitter mat der Gittar
    "Hello, I'm Johnny Cash", mat deene Wierder huet d'amerikanesch Musekslegend Johnny Cash traditionell seng Concerten ugefaangen. Och dee Concert, deen hien op engem 13. Januar 1968 gespillt huet, also viru 55 Joer, an zwar am Folsom Prison a Kalifornien. A vun deem Concert, oder besser gesot, den zwee Concerten, déi de Cash fir d'Prisonéier gespillt huet, gëtt et och eng Opnam - an déi d'Claudine Muno eragelauschtert huet.
    3 min
  • D'Wuert vun der Woch ass (keng) Fata Morgana
    Wat bleift dann elo vun de Winterlights vu Chrëschtdag zu Lëtzebuerg, dem sougenannte schéine Schäin? D'Hoffnung op e schéint neit Joer? Mee handelt et sech dobäi net och just ëm e Bild, eng Fata Morgana? Dëse Phenomeen naturwëssenschaftlech ausenaner ze huelen, ass scho spannend!
    Den Auteur a Literaturwëssenschaftler Jean Portante hunn éischter déi zwee geheimnisvoll Wierder interesséiert an huet hien sech op d'Sich no der Geschicht vu Fata a Morgana gemaach.
    8 min
  • Musek mat Ecken oder ouni?
    "Alles ist okay", esou heescht déi nei Single vum Lëtzebuerger Auteur, Schauspiller a Museker Luc Spada. Nodeems hien um Pabeier an op der Bün nawell gär och eemol polariséiert huet, schléit hien a senger Musek eng méi versönlech Richtung an. Ass dat eng bewosst Entscheedung oder gëtt een an dësen, souwisou schonn ustrengenden  Zäiten, d'Provozéiere midd?, huet d'Claudine Muno gefrot.
    2 min
  • Filmkritik: The Pale Blue Eye (Netflix)
    "The Pale Blue Eye" ass en amerikaneschen historesche Krimi, deen op Netflix ze gesinn ass. En Enquêteur (Christian Bale) soll eng Mordserie an enger Militärakademie opklären. Hëllefe soll him dobäi e Kadett: e gewëssenen Edgar Alan Poe. Deen deemools nach onbekannte Poe gouf wierklech zum Offizéier ausgebilt, de Mordfall ass awer fiktiv.
    De Michel Delage hat dëse Film de leschte Méindeg an eiser Emissioun Kultur um 5 beschwat. Hei en Extrait
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners