Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Eng mythologesch Figur am Joer 2078
    D'Joer 2078 ass u sech net esou wäit ewech, am Roman "Astrea" hëlt déi jonk Autorin Freya Daro eis awer an eng Zukunft mat, déi kee sech wënscht. E Roman, deen tëschent Surrealismus, Mystik, Dram an Dystopie net de Sënn fir d'Realitéit verléiert. D'Valerija Berdi huet de Roman gelies, dee bei Editions Phi erauskoum.
    4 min
  • Opgepasst: Musek!
    An eiser Emissioun Kultur um 5 vu gëschter huet de Jean Portante eis den Ursprong vum Wuert Zensur erkläert - an d'Claudine Muno huet d'Geleeënheet genotzt, fir emol nozefuerschen, wéi et mat der Zensur an der Musek ausgesäit. Wat fir Lidder goufen zenséiert a firwat? An do goung et och ëm de faméise Parental Advisory-Sticker, deen déi vun eis nach kennen, déi CDe kaaft hunn. Zanter wéini gëtt et deen dann iwwerhaapt?
    3 min
  • Flip off mat zwee Marien
    Wéini waart Dir fir d'lescht an de Kino? ... Also, per Daum ... am Daumekino? Wat, dee gëtt et nach? Jo, déi kleng, handlech, Flipbooks sinn zanter iwwer 400 Joer am Ëmlaf an trotz aller Hightech-Revolutiounen am Filmberäich net dout ze kréien. D'Expo Flip off an de Rotondë bitt Iech en Iwwerbléck iwwer aktuell Daumekino-Modeller, respektiv doriwwer, wéi Kreativer haut mat dësem Medium Geschichten erzielen. An zwar vu Marie bis Marie: der Marie Lavis an der Marie Paccou, um Mikro vum Kerstin Thalau.
    4 min
  • D'Inspiratioun fënnt een op den ongewéinlechste Plazen
    De Matt Dawson ass scho ganz laang e bekannten Numm an der Lëtzebuerger Musekszeen. An och mat mëttlerweil 64 Joer ass hien nach ëmmer genee esou museksbegeeschtert wéi fréier. E Samschdeg stellt hie säin neien Album "The Cliffs of Lone" vir. Am Gespréich mam Claudine Muno huet hie gezielt, wéi - a virun allem wou - hie seng Inspiratioun fënnt.
    3 min
  • Dir sidd Blogger:in, Vlogger:in oder Podcaster:in?
    "Aide aux nouvelles formes de médiation culturelle - blogs, vlogs et podcasts" heescht en neien Appel à projet vum Kulturministère. Dëse riicht sech u Leit, déi sech online mat der aktueller Kulturzeen zu Lëtzebuerg befaassen.
    D'Valerija Berdi huet bei der Josée Hansen aus dem Departement vun der artistescher Kreatioun a Promotioun no Detailer vun dëser finanzieller Ënnerstëtzung gefrot.
    3 min
  • Edsun mat neier Single an neiem Produzent
    Mat "Just Text" gëtt et fir d'éischt zanter engem hallwe Joer erëm nei Musek vum Lëtzebuerger R&B Sänger. Fir d'Produktioun zeechent sech de Sergio Manique verantwortlech, Berklee Absovent, Batteur a Museksproduzent, dee mat engem Been a Portugal an engem zu Lëtzebuerg steet. Och déi weider Pläng vum Edsun soungen am Fokus vum Gespréich um Mikro vum Marc Clement an Yves Stephany..
    4 min
  • Dem Pierre Joris seng poetesch Welt
    Am Gespréichsband "Always the Many, Never the One. Conversations In-between Mersch and Elsewhere" (Contra Mundum Press) geet de Florent Toniello mam leschte Batty Weber-Laureat op deem seng Opfaassung vun Dichtung an.  
    De Michel Delage huet d'Buch an der Emissioun Kultur um 5 presentéiert. Hei en Extrait
    4 min
  • D'Kathrin Mess iwwer dräi Lëtzebuerger Resistenzlerinnen
    De Widderstand vun de Lëtzebuerger Frae géint den NS-Regimm gouf, am Verglach zu deem vun de Männer, vill ze wéineg wouergeholl an ënnerschätzt. Dat huet déi däitsch Historikerin Kathrin Mess an engem Virtrag d'lescht Woch an der Abtei Neimenster gewisen. An deem ass et virun allem ëm déi dräi Lëtzebuergerinnen Yvonne Useldinger, Madeleine Weis-Bauler a Lily Unden gaangen. Allen dräi goufe si an d'KZ Ravensbrück deportéiert a goufen do Member vun engem Lëtzebuerger Widderstandsgrupp. Mee och hir Léift fir d'Konscht a fir d'Schreiwen huet si verbonnen. Si hunn hir Erliefnisser festgehalen, sief et a Form vun Texter an Tagebicher, oder a Form vun Zeechnungen. 
    D'Historikerin huet am Gespréich mam Sophie Schroeder erkläert, wat et bedeit huet, an esou Extreemsituatiounen ze schreiwen an dës Erënnerunge festzehalen.
    3 min
  • Wuert vun der Woch: Alphabet
    Wa mir schwätzen, bestinn d'Wierder, déi mir soen, aus Kläng, déi sech, ouni vunenee getrennt ze sinn, kombinéieren zu enger Melodie. Mee wa mir schreiwen, gebrauche mir eng ganz aner Kombinatioun: déi vun eisem Alphabet. An dat ass d'Wuert, dat de Jean Portante fir Iech ënner d'Lupp hëlt. Dës Kéier: Alphabet.
    8 min
  • Op der Sich no de musikalesche Wuerzelen
    "Raíz", dat ass dee spuenesche Begrëff fir Wuerzel oder Racine - an et ass och den Titel vun der neier Single vum Duo Triana y Luca. Am Interview mam Claudine Muno erziele si, wéi si sech kennegeléiert hunn, a firwat grad d'Besënnung op d'Traditioun an hirer Musek esou eng grouss Roll spillt.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners