Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Eng "Traversée", eng Kritik
    En etlech fréier Industrieregioune sinn amgaang, sech zu enger Déngschtleeschtungsgesellschaft ze wandelen. Dës Metamorphos soll endlech eng besser Zukunft erméiglechen, deemno geschitt se heefeg séier an ëmfaassend an hannerléisst hir Spueren.
    Zwee Fotografen, de Lëtzebuerger Patrick Galbats an de Fransous Nicolas Leblanc, hu sech mat der Journalistin an Autorin Aurélie Darbouret op Spueresich, am Minett, a just iwwer d'Grenz, am Pays Haut Val d'Alzette, gemaach.
    Hir Fotoe kucken an hir Interviewe lauschtere kënnt Dir an der Escher Galerie Schlassgoart. Huet de Joé Birchen och gemaach: hei seng "Traversée"-Expo-Kritik.
    3 min
  • Dem Jean Portante säi Wuert vun der Woch: den Jazz
    2008 huet eng wichteg kulturell Institutioun, no 40 Joer Aktivitéit, zu Lëtzebuerg d'Bengele bei d'Tromm gehäit. An zwar den Jazzclub. Den Auteur Jean Portante konzentréiert sech haut awer net op déi traureg Geschicht, mee zielt Iech, wou d'Wuert Jazz iwwerhaapt hierkënnt, an déi nächst Woch hëlt hien dann d'Wuert Club ënner d'Lupp.
    5 min
  • The Lemon Lovers - Rocksound aus Portugal
    Den Donneschdeg nächst Woch spillt déi portugisesch Indie Rock Band am Gudde Wëllen, déi mat enger gewësser Stil-Villfalt iwwerzeegt an dach hir ganz eegen Touche huet.
    The Lemon Lovers komme vu Porto an hu grad hir nei Plack "pretend that i care" fäerdeg, hir éischt zanter der Pandemie, an déi éischt, zanter déi zwee Grënnungsmemberen am professionelle Museksliewe Fouss gefaasst hunn. Am Virfeld hat de Marc Clement d'Geleeënheet mam Batteur Victor Butuc ze schwätzen, deen zesumme mam Gittarist a Sänger Joao Silva de Projet virun eelef Joer gegrënnt huet. Den Historique vun der neier Plack war do ee vun de ville Sujeten, déi de Victor Butuc abordéiert huet. An d'Inspiratioun koum vun enger interessanter Plaz - nämlech aus der Wüüst.
    6 min
  • L.O.V.E.
    Gëschter war Vältesdag an dofir ware Libeslidder Theema an eiser Kulturemissioun Kultur um 5. Zesumme mam Pit Walté huet d'Claudine Muno an e puer Klassiker eragelauschtert, awer och a méi ongewéinlech Titelen.
    8 min
  • E musikalesche Puzzle
    The Aquatic Museum nennt sech deen neie musikalesche Projet vun der Songschreiwerin Claire Parsons, zesumme mam Bassist Laurent Péckels an der Violonistin Nicole Miller. Eng éischt Single gouf rezent virgestallt an och en éischten Album ass fir dëst Fréijoer geplangt.
    Am Gespréich mam Claudine Muno an Yves Stephany huet d'Claire Parsons erzielt, wéi spannend, awer opwänneg d'Aarbecht un dëser Plack war.
    7 min
  • Lëtzebuerg goes Leipziger Buchmesse
    No dräi Joer Corona-bedéngter Paus ass d'Leipziger Buchmesse dëst Joer vum 27. bis den 30. Abrëll erëm aktuell. Lëtzebuerg ass dës Kéier och mat derbäi an dat mat sechs Editiounshaiser.
    De Joé Birchen huet mam Brian Bailey, dem Chargé de mission fir Literatur an Editioun bei Kultur | lx iwwer dësen Event an eiser Emissioun Kultur um 5 geschwat.
    3 min
  • Unfree Labour am Musée FERRUM
    Am Kader vun Esch2022 - Europäesch Kulturhaaptstad ass zu Keel-Téiteng MUAR - deen éischte Lëtzebuerger Musée vun der Aarbecht an der aler Schungfabrik. Niewendrun ass de Musée FERRUM, wou temporär Ausstellunge gewise ginn. Do kann een elo d'Expo Unfree Labour gesinn, déi ë. a. d'Froe stellt: Huet jiddwereen de Choix fir fräi ze entscheeden, wou a wat e schaffe wëllt? A wéi wäit geet déi Fräiheet? De Joé Birchen huet d'Expo gesinn.
    5 min
  • D'Wuert vun der Woch: Stylo
    D'Wuert "schreiwen", wat déi selwecht Originn huet wéi d'franséisch "écrire", kënnt vum Latäin "scribere", an dat huet am ale Roum fir d'éischt "ritzen", "krazen" geheescht. Well am Ufank jo d'Buschtawen geritzt goufen, an Holz, Marmer, Wues oder soss ee Material. Mee de Jean Portante schwätzt eis haut haaptsächlech vum Instrument, dat gebraucht gouf fir ze schreiwen, an aus deem, ënner anerem, eist Wuert "Stylo" entstanen ass.
    9 min
  • Lëtzebuerger Produktiounen um 13. Luxfilmfest
    D'Programmatioun vum 13. Luxembourg City Film Festival (2.-12. Mäerz) gouf en Donneschdeg verëffentlecht. Als eng vun den Tendenzen ass déi staark Presenz vum Lëtzebuerger Kino ervirzehiewen. Zum Beispill sinn ënner den néng Filmer vun der Haaptkompetitioun zwou Lëtzebuerger Co-Produktiounen an eng majoritär Produktioun hei aus Lëtzebuerg. Dozou den Directeur artistique vum Festival, den Alexis Juncosa.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners