Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Dem Jean Portante säi Wuert vun der Woch: Kosmopolit
    Kosmopolit ass e Wuert, dat aus zwee Wierder besteet, déi aus dem ale Griichesche kommen, mee déi och mat aner onerwaarte Wierder am Zesummenhang stinn.
    Hei kann de Jean Portante awer just deen éischten Deel vum Wuert Kosmopolit ënner d'Lupp huelen, mat deem eng villsäiteg a spannend Entwécklung verbonnen ass.
    9 min
  • RadiOdyssee # Nativi-Tales
    "'t ass Fréijoer an d'Vullen, déi sinn erëm erwaacht"?! Dem Kalenner no soll dat a knapps dräi Wochen esou wäit sinn. Verschiddener kënnen et kaum erwaarden. Dowéinst proposéieren d'Kerstin Thalau an eis zwou Erzielkënschtlerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer de Sonndeg, 5. Mäerz, tëschent eelef an zwielef, eng RadiOdyssee, also eng Erzielkonscht-Emissioun, zum Theema Gebuert. Vu datt d'Erzielkonscht gewinnt labber, spilleresch, metaphoresch, jo fantastesch un d'Matière erugeet, hunn déi dräi zur Sécherheet eng Hiewan invitéiert, fir iwwer d'Risikoen an Niewewierkungen ze schwätzen.
    5 min
  • Nei am Kino
    Ofgesi vum Luxfilmfest, deen dësen Donneschdeg ufänkt, lafen dës Woch och eng Rei nei Filmer am reguläre Programm un. Den Iwwerbléck mam Michel Delage
    4 min
  • Luc Ewen "revisited" am CAPE
    Bis den 13. Mäerz kënnt Dir am Foyer vum Ettelbrécker CAPE dem Fotokënschtler Luc Ewen seng Expo "Schneewittchen revisitée et autres curiosités" entdecken. D'Multimedia-Installatioun "Schneewittchen revisitée" bitt eng zäitgenëssesch Vue vum traditionelle Märchen: d'Heldin flücht virum Béisen iwwer d'Mier a fënnt als Refugiée Plaz an enger Zeltstad. "Et autres curiosités" ass eng Suite vun der Luc-Ewen-Fotoreportage "Skvozniak-Chronik vun enger Schmuggelmaschinn".
    4 min
  • Vum Virdeel keng Virbiller ze hunn
    An Äthiopie gouf d'Meskerem Mees gebuer, duerno vun enger belscher Koppel adoptéiert - opgewuess ass si bei Gent mat engem museksbegeeschterte Papp, an deem sengem Plackeschaf d'Songschreiwerin hir éischt Inspiratioun fonnt huet. 2021 koum hiren éischtem Album "Julius" eraus an zanterhier gehéiert si zu de spannendsten neie Stëmme vun der belscher Musek. Hire Stil nennt si minimalistesche Folk. Am Interview huet si erzielt, wéi si hir musikalesch Identitéit fonnt huet.
    6 min
  • Jean Portante - Une dernière fois, la Méditerranée
    A sengem neie Roman hëlt de Jean Portante seng Lieser mat op eng zäitgenëssesch Enéide. Mat u Bord Weltliteratur, Musek, Migratioun, Léift a Sich, an dat alles an engem Spannennetz vum Passé bis an de Present. D'Valerija Berdi stellt de Roman, dee bei Editions Phi erauskoum, vir.
    4 min
  • Dem Jean Portante säi Wuert vun der Woch: den Jazz
    2008 huet eng wichteg kulturell Institutioun, no 40 Joer Aktivitéit, zu Lëtzebuerg d'Bengele bei d'Tromm gehäit. An zwar den Jazzclub. Den Auteur Jean Portante konzentréiert sech hei awer net op déi traureg Geschicht, mee zielt Iech, wou d'Wuert Jazz iwwerhaapt hierkënnt, an déi nächst Woch hëlt hien dann d'Wuert Club ënner d'Lupp.
    9 min
  • Eng musikalesch a perséinlech Odyssee: Vu Punkrock bis Eminem
    Eng musikalesch Odyssee duerch d'Genren Hip-Hop, Soul a Funk - dat steet den Owend um Programm am Gudde Wëllen an der Stad. An zwar mat der Bobby Bieles Band. Gebuede gëtt en DJ-Set mat Live-Begleedung vu Bass a Batterie, en éischter ongewéinlecht Konzept also, an eng kniwweleg Aufgab fir d'Museker. Awer och en Challenge fir de Batteur John Wolter, dee sech scho vu klengem u fir Hip-Hop begeeschtert.
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners