Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Dem David Lynch seng "small stories" grouss an Zeen setzen
    "Am Fong sinn ech Moler" gëtt den David Lynch momentan um Internetsite vum Cercle Cité zitéiert. Effektiv huet de Kultrealisateur fir d'éischt emol plastesch Konscht studéiert. Mee him huet bei senge Skulpturen d'Beweegung a virun allem den Toun gefeelt. De Medium Film huet him also ideal geschéngt, fir seng Geschichte senge Virstellungen no ze zielen. Well am Kader vum Luxembourg City Filmfestival 2023 d'David-Lynch-Filmer eng wichteg Plaz kréien, huet d'Ekipp vum Cercle Cité decidéiert, seng Skulpturen a Fotoe fir de Lëtzebuerger Public en valeur ze setzen. A wéi eng Sujeten traitéiert d'"small stories"-Fotoserie? Dozou d'Anastasia Chaguidouline, déi Responsabel fir d'Programmatioun vum Cercle Cité.
    5 min
  • Keng Angscht méi
    Zéng Joer laang waren d'Irina Holzinger a seng Band bal ouni Paus ënnerwee a reegelméisseg op de Lëtzebuerger Bünen zu Gaascht. Duerch d'Pandemie hunn d'Museker:inne missten ëmdenken an hunn ugefaangen, anescht un d'Komponéieren erunzegoen. Huet d'Songschreiwerin no där schwiereger Zäit eng nei Freed um Experimentéieren entdeckt?
    4 min
  • Eng Traversée duerch de Schlassgoart mam Patrick Galbats
    Am Kader vun Esch2022 hunn d'Fotografe Patrick Galbats an Nicolas Leblanc plus d'Autorin Aurélie Darbouret wärend gemeinsame Kënschtlerresidenzen am Minett wéi och am Pays Haut Val d'Alzette no konkrete Spueren an Tracë vum Wandel gesicht, se dokumentéiert a kënschtleresch iwwersat. D'Mënschen aus de fréieren Industrieregioune si jo am gaangen, sech eng nei Zukunft als Déngschtleeschtungsgesellschaften opzebauen. Tëschent dem 10. an dem 23. Februar kann een an der Escher Galerie Schlassgoart déi bildlech an textlech Resultater vum Kënschtlertrio gesinn an och lauschteren. De Patrick Galbats nennt se poetesch, och wa si allen dräi duerchaus eng journalistesch Vergaangenheet hunn.
    3 min
  • Tëschent Schlummeren an oppenen Aen: Slumbergaze
    Ënner dem Numm Slumbergaze ass den Eric Junker, à la Base Bassist, elektronesch ënnerwee. Dat heescht awer net, datt d'Bass doheem bleift. Säin EP Conclave besteet aus véier neien, a ganz an eegener Regie produzéierten Tracks a kënnt dëse Freideg beim Label Gatekeeper eraus. Den Eric Junker am Gespréich mam Claudine Muno a Marc Clement
    5 min
  • Volker Kutscher - Transatlantik
    Gëschter Owend war deen däitsche Schrëftsteller Volker Kutscher Invité vum Institut Pierre Werner an der Cité Bibliothéik an der Stad. De Volker Kutscher huet deen néngten Deel vu senger bekannter Krimi-Serie ëm de Polizist Gereon Rath virgestallt. D'Valerija Berdi huet de Roman "Tranatlantik", deen am Piper-Verlag erauskoum, gelies.
    4 min
  • Och mat 73 Joer nach fir eng Iwwerraschung gutt
    Harry Styles, Lizzo, Adele an Taylor Swift - dat waren nëmmen e puer vun den Nimm, déi bei der 65. Grammy-Zeremonie an der Kategorie vum beschte Song nominéiert waren. Mat heem huele konnt de Präis awer déi amerikanesch Musekerin Bonnie Raitt fir den Titel "Just Like That". An doriwwer war déi 73 Joer al Kënschtlerin, déi schonn zanter Ufank der 1970er aktiv ass, am allermeeschten iwwerrascht.
    2 min
  • De Mann hanner der Stëmm
    "Under The Covers" heescht eng Single, déi Ufank vun dësem Joer erauskoum, an déi en Hommage ass un de Barry Alldis, eng vun de bekanntste Stëmme vum engleschsproochege Programm vu Radio Luxembourg. Matgeschriwwen un dësem Lidd huet dem Barry Alldis seng Duechter, d'Janet Alldis. Am Interview erzielt si, wéi eng perséinlech Erënnerung si zu deem Text inspiréiert huet.
    5 min
  • Wuert vun der Woch: Zensur
    D'Wuert Zensur huet bei eis zwou Bedeitungen. Mee wou et hierkënnt, wat et mat den aktuelle Zensuren a fréierer Vollekszielung ze dinn huet, dat verréit eis de Jean Portante.
    9 min
  • Nei Albumen
    De Marc Clement bréngt dräi Albumtipps aus der Museks-Redaktioun mat: "Young Fathers", "Heavy, Heavy" an "Anarchist Gospel" vun der Amerikanerin Sunny War.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners