Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Le Banquier anarchiste
    Kann ee Banker an Anarchist sinn? De Protagonist am Fernando Pessoa senger Novell seet ganz kloer Jo! Wéi eng Argumenter hien huet a wéi wäit dës Geschicht haut nach aktuell ass, hunn d'Valerija Berdi an de Michel Delage an eiser Emissioun Kultur um 5 gezielt. Si waren nämlech op Esch an den Ariston op d'Première vum Stéck "Le Banqier anarchiste", déi den Jérôme Varanfrain adaptéiert huet.
    4 min
  • Musikalescht Kenneléieren
    Improviséiere gehéiert am Jazz bekanntlech dozou. De Reset Jazz Festival, deen haut (26.1.) an der Abbaye de Neumünster ugeet, gëtt deem Begrëff nach eng Kéier eng aner Bedeitung: Hei begéinen sech aacht Musekerinnen a Museker aus verschiddene Länner an hunn eng Woch Zäit, fir zesummen e Programm op d'Bün ze bréngen. Wéi ee sech dat genee ka virstellen, dat huet d'Claudine Muno gëschter nogefrot - hatt hat nämlech d'Geleeënheet bei enger vun de leschte Prouwe virum Optrëtt derbäi ze sinn.
    3 min
  • Filmfestival Max Ophüls Preis
    Nach bis e Sonndeg ginn um Filmfestival Max Ophüls Preis zu Saarbrécken 127 Filmer aus Däitschland, Éisträich an der Schwäiz gewisen. A véier verschidde Kategorië kann de Filmnowuess op dësem Festival Präisser gewannen. Dat sinn: Spielfilm, Dokumentarfilm, Kuerzfilm a mëttel-laange Film. D'Sophie Schroeder huet mat der Programmleederin Theresa Winkler geschwat.
    4 min
  • "Literaturwiesen zu Lëtzebuerg ass en Trümmerhaufen"
    Bis dëst Joer war de Schrëftsteller, Literaturwëssenschaftler a Mat-Editeur vum Verlag Hydre och President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren. Elo assuréiert de Roland Kayser vun Editions Phi dëse Posten.
    Mir hu mam Ian De Toffoli e Réckbléck op seng Aarbecht gemaach an och seng Kritik um Literaturwiesen zu Lëtzebuerg, déi hien op den Assise vum Buch ausgeschwat huet, mat him beliicht. "Literaturwiesen zu Lëtzebuerg ass en Trümmerhaufen" huet de Ian de Toffoli gesot, wat hien domat gemengt huet, erkläert hie bei eis um Mikro.
    3 min
  • Vun der zweeter Stëmm an déi éischt Rei
    Den amerikanesche Museker David Crosby war net nëmme Member vun de legendäre Byrds a vu Crosby, Stills, Nash and Young - hien huet och am héijen Alter nach interessant Soloplacken erausbruecht. Mat sengem schwierege Charakter huet hie senge Musekerkolleegen et awer net ëmmer einfach gemaach. D'Claudine Muno huet am Gespréich mam Pit Walté op d'Karriär vum Crosby zeréckgekuckt, deen d'lescht Woch am Alter vun 81 Joer verstuerwen ass.
    6 min
  • En Dram op véier Patten an der Cecil's Box
    No 15 Joer Experienzen am Beräich Grafikdesign, ënner anerem an engem Verlag an am Theater, huet sech d'Miriam Rosner 2019 ënner dem Numm Monogram selbststänneg gemaach. Bis den 30. Abrëll presentéiert si eng Kreatioun an der Cecil's Box, d'Ausstellungsvitrinn vum Cercle Cité an der Paschtoueschgaass: eng ideal Plattform, well se permanent accessibel ass.
    Ze gesinn ass en Hommage un de Museker an Auteur David Berman, dee fir seng Albdram-änlech Texter, déi eppes vun absurde Landschaften hunn, bekannt war. Nieft engem wäissen Hiem, op dat d'Miriam Rosner e Berman-Gedicht mat roudem Fuedem brodéiert huet, fält eng schwaarz monochrom Retro-Illustratioun op: e Strauss, eng Kanéngchen an e butzege Mënsch an engem Glasbokal schéngen an engem Labo fir Geträipsanalys gelant ze sinn. Inspiratioun léisst sech net steieren, esou d'Miriam Rosner, fir dës Aarbecht hätt si awer net laang nodenke missen.
    4 min
  • De Lëtzebuerger Rapper Maz um Eurosonic
    De Maz huet Lëtzebuerg op Invitatioun vum radio 100,7 op der 2023er Editioun vum Eurosonic Noorderslag Festival an Holland vertrueden. Säi Concert war de Freideg den Owend, am groussen Theater vun der Stad Groningen, ee ganz besonnesch schéine Sall. Virum Optrëtt huet de Maz dem Jamie Reinert seng Gedanken zum Festival weiderginn.
    4 min
  • Resistenz ... mee en douceur
    "Sequana" heescht den neien Album vun der franko-algeerescher Musekerin Souad Massi, dee si e Samschdeg, 21. Januar, am CAPE zu Ettelbréck virstellt. A Sequana ass och den Numm vun der Gëttin vun der Seine, dem Floss, deen duerch Paräis fléisst. Am Interview mam Claudine Muno huet d'Souad Massi erzielt, firwat si grad dësen Titel fir hir Plack ausgesicht huet.
    3 min
  • D'Wuert vun der Woch: Kalenner
    Wéi gewinnt sicht de Jean Portante e Wuert vun der Woch aus fir ze erklären, wou dat Wuert hierkënnt a wéi eng Bedeitung et huet. Dës Kéier ass et de Kalenner, deen de Jean Portante ënner d'Lupp hëlt. Mee fir d'éischt geheit hien e Bléck op den éischte Mount vum neie Joer, dem Januar, deen net ëmmer den éischte Mount vum Joer war.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners