Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Dem Jean säi Wuert vun der Woch: Polaroid
    All Woch geet de Jean Portante engem bestëmmte Wuert op de Fong. Haut ass et: Polaroid, de Fotoapparat, deen direkt virun eisen Ae Fotoen entwéckelt, an deen haut kaum nach am Gebrauch ass. De Jean Portante am Gespréich mam Philippe Hansen.
    8 min
  • Margarethe von Trotta am Gespréich
    Si huet schonn eng ganz Rei Biografië vu bekannte Frae verfilmt, ënner anerem, Rosa Luxemburg a Hannah Arendt. Elo ass hiren neiste Film en Avant-première am Kader vum Luxfilmfest gewise ginn: "Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste." Riets ass vun der Dréibuchautorin a Regisseurin Margarethe von Trotta.
    Véier Joer aus dem Liewe vun der Ingeborg Bachmann huet d'Margarethe von Trotta ausgewielt fir hire Film ze maachen. Et ass déi Zäit, wou d'Schrëftstellerin de Max Frisch kenne geléiert huet, mat him zesummen fir d'éischt zu Zürech an dann zu Roum gelieft huet. An et ass den Enn vun dëser Bezéiung an der Bachmann hirer uschléissender Rees an d'Wüst.
    Fir d'Margarethe von Trotta war et kloer, datt si d'Roll vun der Ingeborg Bachmann  mat der Vicky Krieps wéilt besetzen. Wisou dat esou war, erkläert si am Gespréich mam Valerija Berdi.
    "Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste." gëtt vum 26. Oktober 2023 un, an de Kinoe gewisen.
    4 min
  • Musek, déi fléisst
    Den nächste Mëttwoch, 22. Mäerz ass am Stater Gudde Wëllen Indie-Slacker Pop ugesot an zwar mat der däitscher Musekerin Minoa, alias Ina Klos, déi do hiren éischten Album virstellt. Vu Klengem u mécht si scho Musek, mee eréischt wéi si zu Hannover e Museksstudium ugefaangen huet, gouf hir bewosst, dass dat villt Analyséieren der Kreativitéit zimmlech am Wee stoe kann.
    6 min
  • Nei am Kino
    Wéi eng Filmer lafen des Woch an de Kinoen un? D' Valerija Berdi mat engem Iwwerbléck iwwer d'Programmatioun vun dëser Woch.
    5 min
  • Zum Doud vum Kenzaburo Oe
    De japanesche Schrëftsteller Kenzaburo Oé  ass  den 3, Mäerz am Alter vun 88 Joer gestuerwen ass. 1994 ass him den Literaturnobelpräis vergi ginn, well hien a sengem Wierk eng Welt erschaaft, an därer sech d'Liewen a Mythos zu engem dramateschem Bild vum Mensch verdichten. Valerija Berdi mat engem Portrait.
    4 min
  • Wuert vun der Woch - (Kosmo)polit
    Zwee Männer an ee Wuert vun der Woch? Fir datt den Equiliber stëmmt, hat eisen Auteur a Literaturexpert Jean Portante déi Kéier e Wuert erausgesicht, dat et a sech huet, also an deem direkt e puer Wierder verstoppt sinn: de Kosmopolit.
    De Philippe Hansen an de Jean Portante am Gespréich
    9 min
  • "Ich will Europa erzählen können"
    Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner an dem Institut Grand-Ducal war deen éisträichesche Schrëftsteller Robert Menasse zu Lëtzebuerg. Hien huet säin neie Roman "Die Erweiterung" virgestallt. D'Valerija Berdi hat Geleeënheet mam Robert Menasse iwwer säi Buch ze schwätzen. Hei e Resumé vun dësem Gespréich
    5 min
  • Die Zeit und die Räume, Notizbuch 24. April - 26. August 1978
    "Die Zeit und die Räume" mat Transkriptiounen a Faksimileë vun Zeechnungen an handschrëftlechen Notize vum Peter Handke, dat Suhrkamp bei Geleeënheet vum 80. Gebuertsdag vum Auteur erausbruecht huet, markéiert en Aschnëtt am Handke sengem Wierk. Wat dëst Notizbuch esou besonnesch mécht, verréit de Léon Rinaldetti.
    5 min
  • Den Erwin Olaf "inspired by Steichen"
    Knapps 180 Fotoe vum lëtzebuergesch-amerikanesche Fotograf a Curateur Edward Steichen versuergt eisen Nationalmusée um Fëschmaart a senger Sammlung. Natierlech ginn déi och dem Public zougänglech gemaach; an zwar am Haus-eegene Steichen-Kabinett. Viru 50 Joer ass den Edward Steichen mat 94 Joer als weltwäit unerkannte Kënschtler am Connecticut gestuerwen. An deem Kontext bréngt den MNHA déi fënnef Kilo schwéier Publikatioun "The Luxembourg Request" eraus an invitéiert op zwou nei Steichen-Expoen. Déi eng konfrontéiert experimentell Naturfotoe vum Edward Steichen mat Fotoe vum Hollänner Erwin Olaf a Peinturen a Skulpture vum Belsch Hans Op de Beeck. D'Kerstin Thalau wollt vum Erwin Olaf wëssen, wéi den Edward Steichen hien inspiréiert huet.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners