Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Am Mainstream säin eegene Flow fannen
    Wann een déi éischt Täkt vu "Mamacita" lauschtert, där neier Single vum Turnup Tun, alias Tun Tonnar, da wonnert ee sech fir d'éischt: Ass dat éieren e Summerhit matzen am Wanter? Mee fir den Tun Tonnar ass d'Lidd mat senge melancholeschen Ënnertéin éischter e Virleefer vu sengem neien Album, deen am Abrëll soll erauskommen, an dee versprécht, méi perséinlech ze ginn.
    D'Claudine Muno huet sech mam Museker iwwer d'Single, säi Bezuch zum Mainstream a seng Roll als Produzent ënnerhalen.
    15 min
  • D'Visioune vun der Nationalbibliothéik
    D'Nationalbibliothéik um Wee vun der Transformatioun - wéi eng Projete si finaliséiert a wat sinn d'Visioune fir d'Zukunft? De Claude Conter ass zanter 2020 Direkter vun der Nationalbibliothéik, déi 2019 aus dem Zentrum an dat neit Gebai um Kierchbierg geplënnert ass. Wat zanter senger Relève als Direkter passéiert ass, a wat genee d'Strategie fir d'Joren 2020 bis 2030 ass, hunn de Claude Conter an de Carlo Blum, Chef-Informatiker an der BNL um Mikro vum Valerija Berdi erkläert.
    17 min
  • Waarme Soul géint gro Téin
    De Jean-Luc Jossa ass Perkussionist a spillt bei der Berliner Soulband The Ruffcats. Mat hinnen ass hien a klenge Clubs, mee och op grousse Bünen ënnerwee: d'lescht Joer hu si zum Beispill de Virprogramm vun de Fantastischen Vier assuréiert. Mee wéi entdeckt een als jonke Mënsch dann iwwerhaapt seng Begeeschterung fir d'Perkussioun?
    6 min
  • D'Stëmm erhiewe fir méi Zivilcourage
    Zanter e puer Joer mellt sech déi Lëtzebuerger Band The Tame And The Wild, ronderëm de Songschreiwer Duo Seja Rockel a Flëpp Wenger reegelméisseg mat neie Singlen zu Wuert. Zu Wuert mellen ass dann och e gutt Stéchwuert, well deen neisten Titel heescht "Schreien ist Gold". Ëm wat et do geet, erkläert eis de Flëpp Wenger am beschte selwer.
    7 min
  • "Im Herzen des Orchesters"
    Haut den Owend gesäit an héiert een en Orchester wéi nach ni virdrun. Den Orchestre de Chambre du Luxembourg invitéiert hei op ee ganz innovatiivt Concerts-Konzept am Kinneksbond zu Mamer - ee Concert, bei deem d'Opstellung vum Public an dem Orchester eng ganz aner ass, wéi déi, déi ee vun engem klassesche Concert gewinnt ass. Hei ass et esou, datt de Public matten am Geschéien ass.
    D'Corinna Niemeyer, artistesch Directrice an och Chef-Dirigentin vum OCL, huet dem Marie Schockmel gëschter Metteg a Resonanzen méi verroden, ënner anerem, wéi si sech fillt, wa si matten an dësem immersive Concert steet.
    3 min
  • Moof feieren 30 Joer mat engem Museksfest
    Wéi all Joer invitéiert d'Moofest dëse Samschdeg op en Owend gefëllt mat Bands vun heiheem, Bands, déi iwwer d'Heiheem oder an der Landessprooch sangen an awer och mat Gäscht aus der Groussregioun. Dobäi gëtt vill Wäert op en diversen an ofwiesslungsräiche Programm geluecht, deen och nach zugonschte vun enger gudder Saach ass: de ganzen Erléis geet un d'Fondation Thierry Van Verweke.
    Dëst Evenement ass der Lëtzebuerger Rockband Moof ze verdanken, an dat schonn zanter aacht Joer. Ee Moof-Concert ass och bei där Geleeënheet ëmmer dobäi, dat versteet sech. De Sänger vun der Band Alex Heyar war bei eis um Mikro, fir méi iwwer dës Editioun 2022 ze erzielen, déi eppes Besonnesches huet.
    8 min
  • Eurovision mat Lëtzebuerger Bedeelegung?
    De Regierungsrot denkt erëm iwwer eng Participatioun vu Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest no. ZAnter 30 Joer war een net méi dobäi. Sollt alles wéi geplangt lafen, kéint d'Rechnung allerdéngs eng gepeffert ginn. De Michel Delage informéiert.
    4 min
  • Däischter Stëmmungsmusek
    Wann een un d'Kultserie "Twin Peaks" denkt, oder allgemeng un d'Filmer vum David Lynch, wéi zum Beispill "Wild at Heart", dann huet ee bestëmmt och direkt de Soundtrack am Ouer. Kongenial komplettéiert goufen dem Lynch seng Biller nämlech duerch d'Kläng vum Komponist Angelo Badalamenti, deen elo am Alter vu 85 Joer verstuerwen ass.
    3 min
  • Kleng Bicher - Grouss Geschichten
    Editions Kremart huet nieft der Timba-Serie een nach méi klengt Literatur-Format. An der Serie Bucktugou goufen elo zwou Mini-Geschichte vum Tullio Forgiarini publizéiert a bei Timba der Jackie Messerich hir Erzielung "Pappendag. D'Valerija Berdi huet se all gelies.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners