Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Den Atelier huet eng grouss Saison ustoen
    De Promoteur kuckt op ee Rekordjoer 2022 zeréck, an deem d'Zuel vun de Visiteure bei Atelier-Evenementer vis-à vis vun 2019 vun 160.000 op 190.000 geklommen ass. Am Ganzen 19 Plazen am Land huet den Atelier dëst Joer bespillt. Ervirgehuewe goufen do ënner aneren den USINA a Collaboratioun mat Esch2022 an den Open Air a Collaboratioun mat der LuxExpo. Dës gëtt dat nächst Joer intensivéiert, mat véier grousse Conerten an der LuxExpo: Lizzo, Arctic Monkeys, Paul Kalkbrenner a Robbie Williams. De Marc Clement mat Detailer
    6 min
  • Katharina Bintz - Valley Girl
    An der Serie "Timba" bei Editions KremArt kréien Autorinnen an Auteuren aus Lëtzebuerg d'Geleeënheet eng kuerz Geschicht op Lëtzebuergesch ze publizéieren. Elo huet d'Schauspillerin Katharina Bintz hir éischt Geschicht mam Titel "Valley Girl" publizéiert. D'Valerija Berdi huet d'Band gelies a gëschter an eiser Emissioun Kultur um 5 beschwat. Mir lauschteren eran.
    3 min
  • D'Nancy Braun zum Theema Architektur a Kulturhaaptstad
    Bei engem Kulturhaaptstad-Joer sti fir de breede Public kulturell Evenementer am Mëttelpunkt. Point de vue Budget fält awer op, datt déi gréisst Montanten heefeg an d'Infrastruktur investéiert ginn. Wat fir eng Roll spillen Architektur an Urbanisatioun deemno konkret an deem Kontext? Dat hu mir gëschter tëschent 11 an 12 an Nohall ESCH2022 mat der Erna Hennicot-Schoepges, der Simone Beck an der Nancy Braun diskutéiert.
    D'Nancy Braun ass net just Generaldirectrice vun Esch 2022, mee war och beim Kulturjoer 2007 als Coordinatrice adjointe aktiv. Deemools hat den international bekannte Fotograf Martin Parr hei ausgestallt a Lëtzebuerg als e "Museum of old France" bezeechent. Dozou elo d'Nancy Braun:
    3 min
  • Nohall ESCH2022
    Bei engem Kulturhaaptstad-Joer sti fir de breede Public kulturell Evenementer am Mëttelpunkt. Point de vue Budget fält awer op, datt déi gréisst Montanten heefeg an d'Infrastruktur investéiert ginn. Wat fir eng Roll spillen Architektur an Urbanisatioun deemno konkret an deem Kontext?
    Dat hu mir mat der fréierer CSV-Politikerin Erna Hennicot-Schoepges, der aktueller Generaldirectrice vun Esch2022 Nancy Braun an der Presidentin vun der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun Simone Beck diskutéiert.
    57 min
  • D'Cristina Nunez iwwer "Art as experience"
    Enn der 1980er. D'Katalanin Cristina Nunez, Joergang 1962, huet deemools, no enger Jugend mat Suchtproblemer a Kriminalitéit, de Foto-Autoportrait als den ideale Moyen fir sech auszedrécken entdeckt. Duerch d'Aarbecht mat der Kamera huet si ugefaangen Emotiounen erauszeloossen, eng nei Connectioun zu der Welt ze fannen. Si huet d'ASBL Art as experience gegrënnt, déi mëttlerweil hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet, an huet 30 Joer Autoportrait-Workshoppe fir iwwer 4.000 Leit ginn; déi lescht zwee Joer fir eng 50 am Kontext vun Esch2022.
    D'Resultat kënnt Dir a Form vun enger reeller Expo an der Maison du savoir op der Uni Lëtzebuerg um Belval gesinn, respektiv als Online-Expo. Ob a Selfie-Zäiten den Interessi vu Jonken un engem Autoportrait-Workshop net ofgeholl huet, wollte mir ë. a. vun der Cristina Nunez wëssen.
    4 min
  • Berlioz an der Philarmonie a live op Antenn
    Et war wärend enger Partie Kaart, wou den Hector Berlioz déi éischt Skizze vu sengem Oratorium "L'enfance du Christ" gemaach huet. 1854 war d'Uropféierung vun dësem Wierk tëschent Intimitéit an Theatralik, dat de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an d'Gächinger Cantorey gëschter Owend ënner der Direktioun vum Hans-Christoph Rademann opgeféiert huet.
    De radio 100,7 huet zesummen mat SR2 KulturRadio de Concert live iwwerdroen, an de Guy Engels hat sech am Virfeld mam Dirigent Hans-Christoph Rademann ënnerhalen.
    3 min
  • Humor, deen den Toun trëfft
    Der Sophia Aram hir Stëmm kennt ee vun der franséischer Radioschaîne France Inter. Haut den Owend (8.12.) presentéiert d'Humoristin hiren neie Spektakel "Le monde d'après" an der Kulturfabrik zu Esch. Bei eis um Mikro huet si erkläert, wéi si mam Virworf ëmgeet, datt den Humor sech hautdesdaags just nach un ee bestëmmte Public riicht, an et ëmmer méi schwéier gëtt, zesummen iwwer déi selwecht Saachen ze laachen.
    3 min
  • Groussen Theater goes Virtual Reality
    De Groussen Theater huet sech eppes ganz Spezielles fir säi Feierdagprogramm afale gelooss. Vun Enn Dezember bis Ufank Januar geet ee sech net fir eng Virstellung an d'Fotell setzen, mee et ass ee ganz aktiv derbäi. "Le Bal de Paris" heescht d'Kreatioun vun der spuenescher Choreographin Blanca Li, déi de Publik an eng virtuell Realitéit mathëlt. Wat ee sech genee dorënner virstelle kann, huet eis den Direkter vum Groussen Theater, den Tom Leick erkläert.
    3 min
  • Pleasing an d'Struktur uewendriwwer
    Neies aus der Lëtzebuerger Musekszeen vu Pleasing, dem Alter Ego vum jonke Gittarist Patrick Miranda, dee seng Band Pleasing schonn an alle gréissere Säll am Land presentéiert huet. No engem Album, deen am Mee erauskoum, koum de Freideg eng nei Single. Si heescht "The Structure's Above", an de Marc Clement hat d'Geleeënheet, sech mam Gittarist, Songwriter a Sänger iwwer dat neit d'Stéck ze ënnerhalen.
    4 min
  • E Bléck zeréck op Esch2022
    Den 22. Februar dëst Joer war de Startschoss mat enger virtueller Rakéit, a gutt zwou Wochen, den 22. Dezember, ass d'Ofschlossfeier vum Kulturjoer.
    Zéng Lëtzebuerger Pro-Sud Gemengen an aacht franséisch Gemenge vun der Communité de Communes Pays Haut Val d'Alzette sinn Deel vun der Europäescher Kulturhaaptstad. Mir hu mat der Generaldirectrice vun Esch 2022 op d'Kulturjoer zeréckgekuckt a lauschteren en Extrait aus dem Gespréich.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners