Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • E Lidd voller Froen
    Hie wier kee politesche Sänger, seet de Lëtzebuerger Museker Daniel Balthasar vu sech selwer, trotzdeem ass seng aktuell Single "Burning" eng Zort Protestsong, allerdéngs een, dee Froe stellt amplaz Äntwerten ze ginn. An eiser Emissioun Kultur um 5 vun e Freiden huet hien erzielt, wéi dëst Stéck entstanen ass.
    3 min
  • Musek vum Enn vun der Welt
    Zanter e puer Joer huet de Lëtzebuerger Museker Daniel Balthasar sech et zur Gewunnecht gemaach, fir a mythesche Studioen uechtert Welt opzehuelen an sech esou en Dram ze erfëllen. Fir seng neiste Single "Burning" ass hie bis un d'Enn vun der Welt gefuer, an zwar op déi norwegesch Insel Giske, an d'Ocean Studios. An eiser Emissioun Kultur um 5 vu gëschter huet hien am Gespréich mam Claudine Muno vun där ongewéinlecher Erfarung erzielt.
    4 min
  • No de Walfer Bicherdeeg ass virun de Walfer Bicherdeeg
    Zwee Deeg laang, leschte Weekend, hat de Public d'Geleeënheet déi Lëtzebuerger Bicherlandschaft op de Walfer Bicherdeeg ze entdecken a krut e ganz faarwege Programm ugebueden. Datt hanner dësem grousse Fest vum Buch eng nach méi grouss Organisatioun stécht, dat kann ee sech gutt virstellen. Wéi dat konkret ausgesäit, huet eis d'Claudine Trauden vun der Walfer Gemeng, déi fir d'Organisatioun vun dësem Evenement responsabel ass, an eiser Emissioun Kultur um 5 erzielt.
    4 min
  • D'Spill mat de Geschlechterrollen
    "She's the man" heescht de Workshop, deen déi Kölner Gender- a Medienpedagogin Stephanie Weber dëse Samschdeg am Kader vum Queer-Little-Lies-Festival zu Esch organiséiert. Do geet et dorëm, op spilleresch Manéier d'Geschlechterrollen a Fro ze stellen an dofir een Dag laang an d'Roll vun engem Boyband-Member eranzeklammen. An eiser Emissioun Kultur um 5 vu gëschter huet d'Stephanie Weber erkläert, wat ee sech dorënner genee virstelle kann.
    3 min
  • An der Abtei Neimënster steet de Lëtzebuerger Jazz an der Vitrinn
    De Luxembourg Jazz Festival oder Shuffle, ass dee gréissten Jazz-Showcase-Festival am Grand-Duché. De fréiere Luxembourg Jazz Meeting ass haut als Plattform fir Austausch an als Sprangbriet fir Kënschtler aus der Lëtzebuerger Jazzzeen geduecht. D'Geleeënheet hir Kompositioune virun nationalen an internationale Profien aus der Industrie ze presentéieren, Renconteren, déi de Kulturexportbüro Kultur LX facilitéiert - fir hinnen hoffentlech d'Dieren vum internationale Marché opzemaachen. Mee och fir de Public ass de Festival ee wierklecht Erliefnes.
    De Marc Clement huet gëschter am Kulturmagasinn mam Bob Seyler vun der Abtei Neimënster an dem Giovanni Tronno vu KulturLX geschwat fir erauszefannen, wat de "Shuffle speziell mécht.
    36 min
  • De Präis vum Buch
    De Marc Binsfeld, Editeur am Verlagshaus Guy Binsfeld ass och Vize-President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren. Hie war Invité an eiser Emissioun Déi wonnerbar VaLibrairie,  de leschte Sonndeg live op de Walfer Bicherdeeg.
    De Präis vum Pabeier ass iwwer 30 Prozent an d'Luucht gaangen. D'Valerija Berdi wollt vum Marc Binsfeld wëssen, wéi eng Konsequenzen dat fir en Editiounshaus huet.
    3 min
  • Make Synths Not War
    Bonus Noise Records, déi Plaz wou Lëtzebuerger Artiste wéi Charlotte Bridge, A-55, LUMI, Timelord an Daiquiri Knight hir Musek erausbréngen, huet eng nei Compilatioun dobaussen, bei där de Synthesizer als Instrument am Mëttelpunkt steet. Ënnert dem Titel "Make Synths not War" bréngt de Lëtzebuerger Label eng Compilatioun mat 14 Tracks vu Lëtzebuerger Museker eraus, déi gären u Knäppercher dréinen a mat elektronesche Sounds d'Ouer beglécken. De Grënner vu Bonus Noise a Museker bei LUMI, Edwin Aldin huet dem Marc Clement an der Emissioun Kultur um 5 méi driwwer gezielt.
    3 min
  • Buchkritik: Skif & Dresch - "Déck Frënn. La Comédie inhumaine"
    D'Lieser vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land kennen se, déi bësseg Rubrik "Déck Frënn". Woch fir Woch kommentéiert den Duo Skif & Dresch, op der leschter Säit ënnen, déi politesch Aktualitéit a Form vu Comic strips. Elo hu si bei den Editions d'Lëtzebuerger Land hir Produktioun aus der Period 2019-2020 a Buchform verëffentlecht. Eng Kritik vum Michel Delage.
    5 min
  • Dem Billy säin Talent fir Punk
    Billy Talent, dat ass kee Solo-Artist mat ganz vill Selbstbewosstsinn, mee eng kanadesch Band vun Toronto, déi 2006 mat "Fallen Leaves" hire gréissten Hit hat. Haut den Owend (26.11.) si si zu Gaascht an der Rockhal an hunn hiren neisten, mëttlerweil sechsten Album, "Crisis of Faith" am Gepäck, op deen d'Fans vun der Formatioun laang hu misste waarden. D'Claudine Muno huet eis d'Band an hir Musek am Kultur um 5 virgestallt.
    3 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners