Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Le Guess Who Utrecht
    De Museks-Festival ass an der ganzer hollännescher Stad a kënnt all Joer mat enger besonnesch futéierter Programmatioun dohier. Genee do war eise Korrespondent Max Tholl gëschter fir den Ufank vum Festival an huet am Kulturmagasinn ënner anerem iwwer de Line-Up vum Festival geschwat. Fazit: eng Mëschung aus gefälleg an experimentell. Mir lauschteren eran.
    7 min
  • Déi intimistesch Säit vum Mound
    Net déi däischter, mee déi intimistesch an atmosphäresch Säit vum Mound vertount de Lëtzebuerger Museker Pascal Schumacher op sengem leschten Album "Luna". Zesumme mam Bréisseler Echo Collective bréngt hien dës Plack e Samschdeg an der Philharmonie op d'Bün. An eiser Emissioun Kultur um 5 huet hien eis e bëssen iwwer d'Zesummenaarbecht mat deem Sträicher-Ensembel gezielt.
    3 min
  • NormArtFolies - Déi Jong verstoen an ënnerstëtzen
    Den 10. an den 11. November organiséiert déi interdisziplinär Associatioun NormArtFolies eng Konferenz, eng Table ronde an eng Rei Atelieren am Bâtiment 4 zu Esch-Uelzecht. NormArtFolies dat sinn dräi Lycéeën, den CePAS an de SePAS a Psychiatrie vu Lëtzebuerg, grad wéi eng Rei Kënschtler:innen. Hiert Objektiv ass mat geziilte Manifestatiounen an Aktivitéiten déi Responsabel ze sensibiliséieren an e Verständnis fir d'Suergen an d'Problemer vun de Jonken ze aktivéieren. De Robert Kanz, Sous-Direkter vum LTPS (Lycée Technique pour Professions de Santé) war eisen Invité an der Emissioun Kultur um 5. En Extrait aus dem Gespréich mam Valerija Berdi
    4 min
  • E Pionéier an der Kritik
    Mir hu schonn héieren, wéi dem amerikaneschen Jazzmuseker Louis Armstrong seng Karriär ugefaangen huet. Am Documentaire "Louis Armstrong's Black and Blues" gëtt een awer och gewuer, firwat hie vun der Civil Rights Beweegung vun de 50er a 60er Joren kritiséiert gouf. D'Claudine Muno huet sech de Film ugekuckt an e gëschter an eiser Emissioun Kultur um 5 beschwat.
    5 min
  • Wéi eng mësslonge Spiicht aus engem Museker eng Jazzlegend mécht
    Als Kand stiicht jiddwereen der emol - fir den amerikanesche Museker Louis Armstrong sollt eng mësslonge Spiicht awer onverhofft zu enger grousser Chance ginn. Dat gëtt een ënner aneren an deem interessanten Documentaire "Louis Armstrong's Black and Blues" gewuer, dee rezent op Apple TV erauskoum an dee gëschter Theema war an eiser Emissioun Kultur um 5.
    3 min
  • Im Westen nichts Neues (Netflix)
    An der drëtter Verfilmung vum Erich Maria Remarque sengem anti-militaristesche Roman, déi op Netflix leeft, huet de Michel Delage wichteg Ënnerscheeder géigeniwwer der Virlag ervirgehuewen.
    3 min
  • D'Mimi Parker vun der Band Low ass gestuerwen
    Low waren eng vun deenen interessantsten nach aktiven Indiebands vun den 90er, och wéinst der Mim Parker hirer staarker Stëmm. Dëse Freideg hätt d'Band sollten an de Bouneweger Rotonden optrieden. De Marc Clement mat engem klenge musikalesche Réckbléck, erausgezunn aus eisem Kulturmagasinn gëschter Owend.
    4 min
  • Roland Meyer - Leandro
    "Leandro" heescht deen neie Roman vum Roland Meyer, dee bei Capybarabooks erauskoum. En erfrëschend-verréckte Roadtrip vun zwee Jugendlechen, déi u sech näischt gemeinsam hunn, an déi herno ganz vill verbënnt. D'Valerija Berdi huet de Roman gelies.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners