Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Release Concert am Alle Stadhaus: Nathalie Morettoni's Chlorophyll
    Zu dëser Geleeënheet gëtt et de Samschden den Owend am Ale Stadhaus zu Déifferdeng ee Release-Concert, bei deem och ee Bréisseler Trio agelueden ass. Fir hire Concert stinn am Ganze 25 Leit op der Bün, dorënner d'Cellistin Judith Lecuit an de Guttarist Remo Cavallini, fir der nëmmen zwee ze nennen. Gëschter an der Emissioun Kultur um 5 huet d'Nathalie Morettoni um Mikro vum Marc Clement iwwer déi nei Plack "Litaleikur" an de Concert dëse Samschdeg erzielt. Als éischt den Titel vum Album: Wat bedeit en?
    4 min
  • Aufstieg und Fall der Stadt Mahagonny
    Am Groussen Theater gëtt dem Bertolt Brecht seng Oper "Aufstieg und Fall der Stadt Mahagonny", déi an Zesummenaarbecht mam Kurt Weill entstanen ass, gewisen. Dës Oper, ass 1930  ze Leipzig uropgefouert ginn, just am Ufank vun der Weltwirtschaftskris. An eiser Emissioun Kultur um 5 wollt de Philippe Hansen vum Valerija Berdi wëssen, wéi aktuell des Oper haut nach ass.
    4 min
  • J'existe!
    "An eiser Gesellschaft ginn et Stëmmen, déi een net héiert, Stëmme vu vernoléissegte Mënschen. Mee dëss Mënschen existéieren. D'Iddi, datt Leit, déi an der Prekaritéit liewen, näischt Wichteges ze soen hunn, ass omnipresent", schreift d'Associatioun ATD Quart Monde Lëtzebuerg an aus deem Gronn invitéieren si op d'Theaterstéck "J'existe", dat dëse Samschden am VEWA ze Diddeleng gewise gëtt. Iwwer den ATD Quart Monde a besonnesch iwwer dëst Theaterstéck hu mer an der Emissioun Kultur um 5  mat eisem Invité, deem Coordinateur vun der Associatioun, dem Carlo Kieffer geschwat. Wéi eng Iddi hannert dem Theaterstéck "J'existe" stécht, huet hien eis esou erkläert.
    4 min
  • Eng Trouvaille vun der Daniela!
    "Fundstücke-Trouvailles" heescht d'Wierk, dat den Nationale Literaturarchiv all zwee Joer publizéiert. Am Buch kann een de Bléck an d'Archive vum CNL geheien, wéi eng Fongen hei archivéiert a konservéiert ginn a wourauser d'Aarbecht vun der Ekipp vum CNL besteet. Dofir waren d'wëssenschaftlech Mataarbechterin Daniela Lieb an d'Conservatrice Ludivine Jehin bei eis an der Emissioun Kultur um 5. Si hunn déi nei Editioun vu "Fundstücke-Trouvailles erausginn.
    3 min
  • Eng Trouvaille vun der Ludivine!
    "Fundstücke-Trouvailles" heescht d'Wierk, dat den Nationale Literaturarchiv all zwee Joer publizéiert. Am Buch kann een de Bléck an d'Archive vum CNL geheien, wéi eng Fongen hei archivéiert a konservéiert ginn a wourauser d'Aarbecht vun der Ekipp vum CNL besteet. Dofir waren d'wëssenschaftlech Mataarbechterin Daniela Lieb an d'Conservatrice Ludivine Jehin bei eis an der Emissioun Kultur um 5. Si hunn déi nei Editioun vu "Fundstücke-Trouvailles" erausginn.
    3 min
  • Choreographical Talks
    Am éischte Band vun de "Choreographical Talks", déi vum Lëtzebuerger Literaturarchiv editéiert ginn, gëtt d'Léa Tirabasso en Abléck an hiren Alldag als Choreographin. Den Danz mat sproochleche Mëttelen duerzestellen ass eng Erausfuerderung. Ob dat der Léa Tirabasso geléngt, verréit de Léon Rinaldetti.
    5 min
  • Verluer an der Synthesizer-Welt
    Analog Synthesizer spillen eng grouss Roll an der Musek vun der belscher Band Uma Chine, déi e Mëttwoch am Gudde Wëllen zu Gaascht ass. Gëschter an eiser Emissioun Kultur um 5 huet eis d'Songschreiwerin Nele De Gussem erzielt, op wéi engem ongewéinleche Wee hir Begeeschterung fir dës Instrumenter entstanen ass.
    2 min
  • De Salon vum CAL 2022
    Bis de 27. November sinn dem Cercle Artistique de Luxembourg seng Dieren am Tramsschapp an der Stad op. 133 Wierker vun 43 Kënschtler:innen ginn hei gewisen. De President vun der ASBL war eisen Invité an der Emissioun Kultur um 5 an huet iwwer de CAL an iwwer de Salon geschwat. D'Valerija Berdi huet beim Marc Hostert nogefrot, wat sech d'Visiteuren am Tramsschapp um Lampertsbierg erwaarde kënnen.
    3 min
  • Migratioun duerch Bicher
    Mat enger Ausstellung an diverse Manifestatioune wëllt de Projet "Retour de Babel" d'Komplexitéit vum Migratiounsphenomeen zu Lëtzebuerg ervirhiewen. Een Deel vum Kaderprogramm vun dësem Projet vum Centre d'Art vun Diddeleng (Projet Esch2022) war och e literareschen Owend, wou d'Invitéen Extraiten aus literaresche Wierker perséinlech erausgesicht a presentéiert hunn.
    Eng Lecture an Diskussioun mat der Antonia Ganeto, der Magaly Texeira an dem Jean Portante.
    Moderatioun an Zesummeschnëtt Valerija Berdi
    1 hr 1 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners