Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Fernand Guelf - Sebastian
    De Fernand Guelf huet schonn eng Rei Romaner publizéiert. Zu Lëtzebuerg war et säi Roman "Sage dem König", dee bei Editions Phi erauskoum. Elo huet hien de Roman "Sebastian" am Eegeverlag erausbruecht. Säi Protagonist geréit an eng ganz ongewéinlech Geschicht, aus där hien net méi erauskënnt. D'Valerija Berdi huet "Sebastian" gelies.
    4 min
  • B-Radio Adventskalenner
    Mir si matzen an der Adventszäit. Do trëfft et sech gutt, datt d'Equipe vum B-Radio dëst Joer erëm hiren Adventskalenner produzéiert huet. Lauschtert en Extrait.
    3 min
  • De Do Do Do De Data Da
    "The Sound of Data" heescht en Event, dee muer den Owend, den 3. Dezember, an der Rockhal stattfënnt. National an international Kënschtler a Kënschtlerinnen hu wärend e puer Méint geléiert, wéi een aus Date Musek mécht. An eiser Emissioun Kultur um 5 vu gëschter huet de Sam Reinard vun der Rockhal erkläert wéi de Projet sech vun der Ausschreiwung bis bei den Optrëtt entwéckelt huet.
    3 min
  • Siwe Paarten an ee phenomenale Concert
    Gëschter Owend stoung an der Philharmonie ee Concert op der Affiche, dee méi wéi ee gudden Zweck huet. Virop war et de 46. Galaconcert vun der Associatioun "SOS Villages d'enfants Monde" - eng Associatioun déi schonn eng laang Concertstraditioun mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg deelt. Mam Orchester op der Bün stoung och déi 24-Joer-jonk Cellistin Hayoung Choi. An een aneren Highlight vum Owend war datt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg d'Weltpremière vum Luc Grethen senger Kreatioun "Seven Gates" gespillt huet. D'Marie Schockmel war fir eis live an der Philharmonie dobäi, an huet am Virfeld och ee spannend Gespréich mam Luc Grethen gefouert - dobäi war gëschter net nëmmen ee besonneschen Owend fir de Lëtzebuerger Komponist, mä och nach wéinst engem anere Grond.
    2 min
  • Rewind-Play-Forward
    Den 22.12.22 invitéiert Esch2022 op d'Ofschlossfeier vun der Europäescher Kulturhaaptstad. Ënnert dem Motto "Rewind-Play-Forward" soll d'Kulturjoer clôturéiert ginn. Wat d'Bierger:innen sech deen Owend erwaarde kënnen, huet d'Generaldirectrice Nancy Braun um Mikro vum Valerija Berdi verroden.
    4 min
  • En Ausfluch an de Magic Fandom
    Fan si vun enger Band oder enger Serie gëtt jo dacks als eppes Passives wouer geholl, als eng Form vu Konsum - mee an hirem Buch "Everything I Need I Get from You" analyséiert déi amerikanesch Journalistin Kaitlyn Tiffany wéi besonnesch weiblech Fans sech den Internet zu Notze maachen, fir selwer aktiv a kreativ ze ginn. D'Claudine Muno huet eis d'Buch gëschter an der Emissioun Kultur um 5 virgestallt.
    4 min
  • Anja Di Bartolomeo - Koma21
    Bei Editions Binsfeld ass elo den neie Roman vun der Anja Di Bartolomeo eraus komm. Des Kéier ass et e Jugendroman, net just inhaltlech, mee och sproochlech. Valerija Berdi huet "Koma 21" gelies.
    4 min
  • Wëllkomm an der Villa
    Ënnert dem Titel "Wëllkomm an der Villa" ass de leschte Weekend an der Villa Vauban, am Stater Park, eng nei Expo opgaangen. An deem Kontext huet de Guy Thewes, den Direkter vun den zwee Muséeë vun der Stad Lëtzebuerg, e positive Bilan gezunn. An der Moyenne leien hir Visiteurszuele bei 25'000, d'Coronazäiten haten déi awer ferm no ënne gedréckt, mee 2022 sinn 31'000 Entréeë gezielt ginn! Dowéinst um Enn vum Joer e Merci un de Public? D'Expo "Wëllkomm an der Villa" presentéiert knapps 70 Wierker, gréisstendeels Molereien, ma och Skulpturen a Fotoen, vum 17. Joerhonnert bis haut, dorënner 36 nei Acquisitiounen an Donatiounen aus de leschte Joeren. D'Kerstin Thalau war d'Ausstellung mat der Konscht-Restauratrice Gisèle Reuter kucken.
    4 min
  • Italiéinesch Immigratioun zu Lëtzebuerg
    "Ces Italies qui respirent au Luxembourg et dans la Grande Region" ass den Titel vun enger Konferenz, dëse Mëttwoch an Donneschdeg um Campus Belval. Verschidden Aspekter vun der italiéinescher Immigratioun wäerten do beliicht ginn, aus historescher, soziologescher, linguistescher, literarescher oder och cinematographescher Perspektiv. Kann een dës Immigratioun ëmmer nach als gelonge betruechten? Dozou de Claudio Cicotti, Enseignant-chercheur op der Uni Lëtzebuerg.
    3 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners